Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Liliane Ferron
    Déiereschutz ass en Thema, dat ville Leit uewe läit. Villen awer och net. An Eenzele souguer esou wéineg, datt engem d'Schudderen ausginn, wann een heiansdo héiert oder liest, wat si Déieren undinn. Wéinst esou Leit brauch een Associatioune wéi d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga a Benevoller wéi d'Liliane Ferron.
    15 min
  • Michel Deckenbrunnen
    D'Resultat vum Referendum ass kloer: D'Leit zu Wäiswampech sinn an hirer Majoritéit géint de Fräizäitpark bei hirem Séi. Mee de Buergermeeschter wëllt de Projet trotzdem duerchzéien. Dat ass net illegal, well Referenden zu Lëtzebuerg just consultativ, also net bindend sinn. Mee politesch leeft et natierlech zimlech sécher op eng hefteg Kontrovers eraus, wann de Wëlle vum Wieler net respektéiert gëtt. De Michel Deckenbrunnen ass zwar Schäffen zu Wäiswampech, mee hie gehéiert zu der Oppositioun. An enger Majorzgemeng sinn esou Saache méiglech. De Maurice Molitor schwätzt mat him iwwer de Referendum a seng Konsequenzen.
    13 min
  • Jean-Paul Scheuren
    Wunnengen, déi feelen; Terrainen, déi broochleien; Verkafspräisser a Loyeren, déi explodéieren. Domat wären d'Haaptproblemer vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart an e puer Stéchwierder opgezielt. Zanter ville Jore gëtt no Léisunge gesicht - ouni Succès. De Problem gëtt ëmmer méi grouss. Wouru läit et? Wat misst geschéien? Eng Analys aus der Siicht vum President vun der Chambre Immobilière. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
    17 min
  • Andreas Hück
    Fir vill Leit war den Tornado vum 9. August en traumatescht Erliefnis. D'Reaktioun dorop ass ganz individuell. Mee Persounen, déi méi eng laang Zäit ënner de Folge leiden, kënne sech un de Groupe permanent d'encadrement psycho-traumatologique (GPEPT) wenden, deen ëmmer dann aktivéiert gëtt, wann e grousst Ongléck am Land geschitt. Den Andreas Hück ass fachleche Leeder vun deem Grupp.
    19 min
  • Raymond Becker
    Zanter 15 Méint gëtt et d'Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform. Am Mee 2018 hunn eng 70 Leit aus der Zivilgesellschaft, déi op ganz ënnerschiddleche Borden engagéiert sinn, en Appell mat ënnerschriwwen, deem säin Zil et am Fong war, Theme wéi Fridden an Ofrëschtung nees zu engem Thema ze maachen. De Raymond Becker ass ee vun de Matgrënner vun där Plattform. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
    17 min
  • Lynn Luciani
    De Maurice Molitor schwätzt mat der Presidentin vun der Douanes-Gewerkschaft iwwer d'Problemer a Suerge vun den Douanieren, mee och iwwert déi villsäiteg Aufgabe vun enger Verwaltung, déi viru 25 Joer mam a Akraafttriede vum Schengener Ofkommes an dem Ewechfale vun de Grenzkontrollen en déiwen Aschnëtt erlieft huet.
    14 min
  • Roland Kuhn
    Op de Stroosse misst een an Uecht huelen, datt haut méi Trafic ass wéi d'lescht Woch, datt nees Camionen ënnerwee sinn an datt op de Chantieren erëm Beweegung ass. De Kollektiv-Congé am Bausecteur ass eriwwer, vun haut u gëtt nees gebaut uechter d'Land: eng gutt Geleeënheet, fir mam President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bau-Entreprisen de Point ze maachen.
    15 min
  • Marc Hengen
    Wat kascht den Tornado vu virun enger Woch d'Assurancë-Gesellschaften eigentlech? Virgëschter huet d'ACA, hir Associatioun, jo eng éischt Prognos gewot: Si evaluéiert de Schued op ronn honnert Milliounen Euro. Iwwer dee gewaltege Montant, mee och iwwer aner Aspekter vun der Katastroph, déi d'Versécherunge betreffen, schwätzt de Maurice Molitor mam Administrateur-délégué vun der ACA.
    16 min
  • Georges Andrade
    Et ass zanter Joren gewosst: D'Wunne gëtt méi deier zu Lëtzebuerg. Mee wat passéiert mat deene Leit, déi sech déi deier Präisser net méi leeschte kennen? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vun der Wunnengshëllef Asbl, déi Wunnenge mat niddrege Loyeren vermëttelt.
    12 min
  • Gespréicher ronderëm den Tornado
    D'Rubrik "Invité vum Dag" kënnt fir eemol net aus dem Studio um Kierchbierg, mee vu Péiteng. An et geet - natierlech - ëm den Tornado vum leschte Freideg a seng Konsequenzen. De Maurice Molitor schwätzt doriwwer mat Leit, déi gelidden a mat Leit, déi gehollef hunn.
    19 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners