Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Tom Becker
    De Statec huet viru kuerzem confirméiert, wat déi meescht Leit sech och esou scho geduecht haten. D'Logementspräisser sinn zanter 2011 däitlech geklommen - an der Moyenne ëm 5,4 Prozent am Joer. Wéi kennt et dozou? A wat kann ee maache fir eppes un der Situatioun ze änneren? Dat freet de Rick Mertens den Urbanist Tom Becker, deen op der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Raumplanung hei am Land fuerscht.
    14 min
  • Christophe Hansen
    D'CSV huet zanter den Europawahlen een Europadeputéierten manner. Wat bedeit dat fir déi politesch Aarbecht am Parlament? Dat freet de Rick Mertens ee vun deenen zwee CSV-Europadeputéierten, déi nach iwwreg sinn.
    15 min
  • Michel Wolter (CSV)
    Véier Woche sinn et haut hier, datt een Tornado an de Gemenge Péiteng a Käerjeng grousse Schued gemaach huet.
    Wéi sinn d'Opraum- a Reparaturaarbechten an de leschte Woche verlaf a wéi gesäit et haut aus? Doriwwer schwätze mir elo mam Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
    15 min
  • Lex Delles (DP)
    Den Tourismus gëlt als e wichtege Secteur vun der Ekonomie: Wéi entwéckelt sech d'Summersaison 2019 hei am Land? Wat plangt d'Regierung a Saachen airbnb? Doriwwer schwätze mir mam Mëttelstands- an Tourismusminister Lex Delles (DP). De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
    13 min
  • Gilles Vansteenkiste
    D'Lëtzebuerger Sektioun vun Amnesty International hat ufanks des Joers intern Problemer. Den Direkter Stan Brabant ass entlooss ginn. Hien ass nach ëmmer nëmme just provisoresch ersat. Och um Presidenteposte gouf et e personelle Wiessel, mee deen hat statutaresch Grënn: no aacht Joer am Verwaltungsrot konnt dem President David Pereira säi Mandat net méi verlängert ginn. Zanter Abrëll steet de Gilles Vansteenkiste elo un der Spëtzt vun Amnesty Lëtzebuerg. Hie kommentéiert déi intern Schwieregkeeten a schwätzt iwwer allgemeng Mënscherechtsfroen.
    16 min
  • Michel Ries
    Lëtzebuerg kritt e weidere Vëloprofi um allerhéchsten Niveau: virun aacht Deeg gouf bekannt, datt deen 21 Joer ale Michel Ries e Kontrakt bei der Equipe Trek Segafredo ënnerschriwwen huet. E Vertrag iwwer zwee Joer, fir d'Saisonen 2020 an 21 also. De Maurice Molitor ënnerhält sech mat deem jonke Cyclist, dee besonnesch gär a gutt biergop fiert.
    13 min
  • Manou Goergen
    D'Qualifikatioun fir d'Gruppephas vun der Europa League, déi den F91 Diddeleng d'lescht Woch en Donneschdeg fir d'zweet Saison noenee gepackt huet, ass fir d'éischt emol en Exploit. Et ass - no vir gekuckt - awer och eng riseg Erausfuerderung, net nëmme sportlech, mee och organisatoresch a logistesch. De Maurice Molitor ënnerhält sech mat deem Mann, deen am Verwaltungsrot vum F91 dofir zoustänneg ass, datt deen zweete Volet klappt.
    16 min
  • Patrick Dondelinger
    Niklosdag a Liichtmëssdag si béides Traditiounen, mat deenen der vill vun Iech Kandheetserënnerunge verbannen. Deen een Dag gehéiert offiziell zu eisem nationale Kulturierwen, mee deen aneren net - firwat ass dat esou? A firwat brauch een iwwerhaapt en immateriellt Kulturierwen? Dat freet de Rick Mertens de Patrick Dondelinger, dee sech am Kulturministère mat dëse Froe beschäftegt.
    13 min
  • Robert Mannes
    Op der Musel sinn dëst Joer manner Drauwen ze plécken wéi soss: De Frascht am Fréijoer an d'Hëtzt an de leschte Wochen hunn d'Recolte staark beschiedegt. Muss an Zukunft méi dacks mat esou Ausfäll gerechent ginn? Oder ass de Klimawandel souguer eng Chance fir d'Lëtzebuerger Wënzer? Dat freet de Rick Mertens de Robert Mannes vum Institut Vini-Viticole.
    9 min
  • Serge Legil
    Als Mataarbechter vum Ombudsmann war de Serge Legil bis d'lescht Joer dofir zoustänneg de Prisong vu baussen ze kontrolléieren. Haut ass hie selwer Direkter vum Prisong. Kritt hie seng Verbesserungsvirschléi vun deemools elo ëmgesat? Dat freet de Rick Mertens hien.
    13 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners