Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Zum Doud vum Ismail Kadaré
    Gëschter koum d‘Noriicht, datt deen albanesche Schrëftsteller Ismail Kadaré am Alter vun 88 gestuerwen ass. En Auteur, deen e Wee fonnt huet fir trotz dem totalitäre System ze publizéieren an international Unerkennung ze kréien. D’Valerija Berdi mat engem Portrait vum Ismail Kadaré
    5 min
  • Screaming Fields 2024 -1/2
    De Screaming Fields ass den Newcomer-Festival an der Rockhal, bei deem jonk lëtzebuergesch Bands sech kënne mellen, bei deenen de Projet eben nach net fignoléiert, an och d‘Musek nach net ëmmer fäerdeg ass. Esou gëtt de Festival all Joers zu engem vun den Haaptinstrumenter, mat deenen de Rocklab déi jonk Talenter fuerdert. Fir d‘éischt: ee komplette Concert op der Bün vun der Rockhal hikréien, mat Hëllef vun de Profien. Duerno, jee no Placement, Live-Engagementer a weider Karriärs-Accompagnementer mat op de Wee huelen. Aacht Bands a Kënschtler ginn all Joer no laanger Deliberatioun aus den Umeldungen erausgesicht.
    An enger klenger Serie an 2 Deeler stelle mir Iech dës Bands vir. De Culture the Kid, dee jo d‘lescht Joer gewonnen hat, erzielt eis e Freideg, wat et him bruecht huet. D‘Gespéicher mat Sohli, Eva Marija, Maya Libbey an der Rockband Break The Aviary huet de Marc Clement geféiert.
    18 min
  • Kinnekswiss loves
    De Weekend ass an der Stad eng méi lass - am Kader vu Kinnekswiss loves krut d'Ville de Luxembourg net just den OPL eemol aus der Philharmonie gelackelt, mee bitt och Concerte vu Josh Island a Róisín Murphy. De Rick Mertens huet sech mam Laurent Schwaller vum Service des fêtes vun der Ville de Luxembourg ënnerhalen.
    6 min
  • Zum Doud vum Ismail Kadaré
    Gëschter koum d‘Noriicht, datt deen albanesche Schrëftsteller Ismail Kadaré am Alter vun 88 gestuerwen ass. En Auteur, deen e Wee fonnt huet fir trotz dem totalitäre System ze publizéieren an international Unerkennung ze kréien. D’Valerija Berdi mat engem Portrait vum Ismail Kadaré
    5 min
  • Kulturagenda
    Dës éischt Juliwoch versprécht zwar keen immenst Wieder, mee ee volle Programm wat déi kulturell Aktivitéiten ugeet: Danz, Liesungen, Ausstellungen, Festivaller: fir all Mënsch ass méi wéi eppes mat dobäi. Den Nicolas Calmes presentéiert déi verschidden Evenementer am Kulturagenda vun der Woch.
    9 min
  • Filmkritik: Love Lies Bleeding
    De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen dës lesbesch neo noir Romanz vun der Rose Glass. Dëst ass en Extrait aus dem leschte Grousse Kino.
    12 min
  • D'Concertswoch am Iwwerbléck
    Interpol zesumme mat de Smashing Pumpkins um Parking vun der LuxExpo, ee Siren’s Call mam Kim Gordon am Melu an d’Rival Sons, déi virun engem ausverkaaften Atelier op engem immenswaarme Mëttwoch gespillt hunn: dat kléngt wéi eng perfekt summerlech Concertswoch. Wéi dat op der Plaz alles geklongen huet a wisou ee Stuerm dem Programm vum Siren's Call ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach hunn - doriwwer ënnerhale mir eis mam Marc Clement.
    9 min
  • PPP: Public private partnership bréngt en original Francis Bacon an eisen Nationalmusée
    Fir d’Kerstin Thalau huet d’Woch, wat soen ech: de Mount, haut wansinneg gutt ugefaangen. D’Kulturjournaliste waren näämlech vun eisem Nationalmusée fir eng “Preview” invitéiert ginn, also fir en éischte Bléck.....op en original Francis-Bacon-Tryptique, deemno net just eng Peinture, mee der direkt dräi! D’Wierk “Three studies for a Portrait of George Dyer” aus dem Joer 1963 setzt sech aus dräi verschiddene Vuen op den deemolege Bacon-Partner George Dyer zesummen; d’Expressioun ass gequält, verrutscht, Faarf am Schleidergang....en typesche Bacon, dee laang dem Auteur Roald Dahl gehéiert hat, an dee rezent fir typesch vill Euroen, ëm di 50 Millioune versteet gi war. Un eisen Nationalmusée, Kerstin Thalau? Oder firwat hues du elo de Ruud Priem, Conservateur vun der Section Beaux Arts mat an de Studio bruecht?
    17 min
  • Soundatlas 6 - Waassermusek
    Am Soundatlas huelen eis zwee Sound-Detektive Kerstin Thalau a Joé Birchen eis mat verschiddene Geräischer op eng Rees. Téin a Kläng ginn aus hirem Kontext gerappt a méi genee ënner d’Lupp geholl. An dëser Episod maache mir en Tour ronderëm d’Waasser - an dat zesumme mam Wand.
    9 min
  • Lëtzebuerg op der Biennale: Am Gespréich mat der Célin Jiang
    "A Comparative Dialogue Act" heescht de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale, dee vum Andrea Mancini zesumme mam Kollektiv Every Island an der Curatrice Joel Valabrega konzipéiet gouf.
    Am Dialog mam Pavillon sinn och véier Kënschtler, déi am Laf vun der Biennale am Lëtzebuerger Pavillon Residenzen hunn. Am Laf vun deene Residenze schaffe si u Performancen, déi si duerno dem Publikum weisen. No der Selin Davasse war et dës Woch un der Kënschtlerin a Chercheuse Célin Jiang, hir cyberfeministesch Approche am Pavillon ëmzesetzen. Muer an iwwermuer (29. An 30.6.) fannen dann och zu Venedeg hir zwou Performance mam Titel "Trans Techno Rococo" statt. De Jeff Schinker hat sech zu Venedeg mat der Kënschtlerin ënnerhalen
    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners