Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Film vun der Woch: "The Bikeriders" vum Jeff Nichols
    No engem Joer, an deem den Jeff Nichols zwee Filmer erausbruecht huet, déi stilistesch net méi ënnerschiddlech hätte kënne sinn - "Midnight Special" war ee Science-Fiction-Film, "Loving" eng Libesgeschicht an engem rassisteschen Amerika - war et laang roueg ëm den US-amerikanesche Regisseur. No aacht Joer ass hien zeréck mat "The Bikeriders", engem Film iwwer eng kalifornesch Biker-Gang, dee vum Danny Lyon sengem Fotobuch aus dem Joer 1968 inspiréiert ass. D'Waarden huet sech gelount, mengen d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker.
    14 min
  • Wien huet d'Box un an der Lëtzebuerger Operett?
    D'Danielle Roster ass Musekswëssenschaftlerin a Konschthistorikerin op der Uni Lëtzebuerg. Nächste Samschdeg (29.06.) leet si eng Table ronde iwwer d'Genderrollen an der lëtzebuergescher Operett. Déi ass just virun der leschter Virstellung vun der Operett “an der Schwemm” vun der Lou Koster, mat Texter vum Batty Weber. An dat am Kader vum Festival de Wiltz, den 29. Juni um 6 Auer owes. Tickete sinn iwwregens gratis, mussen awer am viraus reservéiert ginn.
    Am Gespréich mam Marie Trussart verréit d'Danielle Roster ënner anerem wéi feministesch d'Lou Koster, de Batty Weber an den Dicks waren. An si beäntwert och d'Fro, wien dann elo d'Box un huet, an der Lëtzebuerger Operett.
    21 min
  • Rentrée littéraire (10) "Python" vun der Nathalie Azoulai
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker (bal) all Woch ee vun de Favoritte vun der leschter franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass.
    Am zéngte Bäitrag beschwätzt hie "Python" vun der Nathalie Azoulai - ee Roman iwwer eng Schrëftstellerin, déi d'Welt vun de Programméierer versicht, op eng literaresch Manéier, ze verstoen.
    7 min
  • Stëbssuckler oder Loftblosmaschinn?
    Bei Kultur um 5 isoléieren d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen reegelméisseg e Klang aus eiser alldeeglecher Geräischkuliss, huelen en ausenaner a sichen no Lienen tëschent dem Soundschnëppel an der Alldagskultur, der Musek, der Konscht. Dës Kéier hunn déi Zwee sech, fir hire Soundatlas, an eiser temporärer Kannerkëscht installéiert a feieren niewebäi och nach e ronne Gebuertsdag.
    10 min
  • Rentrée littéraire (10) "Python" vun der Nathalie Azoulai
    An enger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker (bal) all Woch ee vun de Favoritte vun der leschter franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass.
    Am zéngte Bäitrag beschwätzt hie "Python" vun der Nathalie Azoulai - ee Roman iwwer eng Schrëftstellerin, déi d'Welt vun de Programméierer versicht, op eng literaresch Manéier, ze verstoen.
    6 min
  • "Apprendre à nager" - Aktuell am TOL
    An der Sécherheet vum Bestiednes, an den Äerm vun engem léiwe Mann bleiwen, oder dach léiwer op Abenteuerrees mat enger Fra, an déi ee sech hoffnungslos verkuckt huet? Dës Fro stellt sech d’Felicia an “Apprendre à nager”, aktuell gespillt vum Rolemops Kollektiv op der Bün vum TOL. Den Nicolas Calmes war sech d’Stéck aus der Fieder vun der Sasha Marianna Salzmann ukucken.
    7 min
  • Filmkritik: "The Watchers" vun der Ishana Shyamalan
    Den M. Night Shyamalan ass bekannt fir Horrorfilmer mat engem Twist. De Regisseur huet elo senger Duechter hiren éischte Film produzéiert. D'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker waren de Film kucken - a si sech eens, datt déi jonk Ishana Shyamalan sech méi misst vum Papp senger Filmsprooch ewechmaachen.
    10 min
  • Musek, Konscht, Gastronomie a Sport um Kärcher Schlass
    De 5. bis 7. Juli ass d‘Gréiweschlass zu Käerch - eng effektvoll bespillbar Ruin - erëm de fantasteschen Hannergrond fir de Beautiful Decay Festival. Dräi Deeg gëtt Musek, Konscht, Gastronomie a Sport gebueden. Den Thierry Schmitz vun de Käercher Schlassfrënn erzielt eis elo direkt méi, am Gespréich mam Marc Clement aus der Museksredaktion.
    19 min
  • D’Sylvie Meunier curatéiert d’Michel-Medinger-Expo fir Arles
    Op Initiativ an Engagement vun der ASBL Lët’z Arles ass Lëtzebuerg, vum 3. Juli un, fir déi siwente Kéier op de renomméierte Rencontres d’Arles vertrueden; dëst mat der Foto-Expo “L’odre des choses” vum Michel Medinger. De Michel Medinger, Joergang 1941, gehéiert hei am Land zu de bekanntste Fotokënschtler, war och erfollegräiche Liichtathleet. Aus gesondheetleche Grënn konnt hie keen Ausstellungsprojet entwéckelen. Lët’z Arles hunn en oppenen Appel curatorial, fir eng neutral an nei Vue op dem Fotograf säi Wierk lancéiert. Déi franséisch Curatrice a Kënschtlerin Sylvie Meunier huet sech mat hirem Dossier duerchgesat. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Sylvie Meunier, no hirer Presentatioun am CNA zu Diddeleng
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners