Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nom Saar-Lux-Kënschtler:innen-Austausch Artmix 2024 d’Expo am Cercle Cité
    2005 gouf vu Lëtzebuerg a Saarbrécken de grenziwwerschreidende KënschtlerInnen-Austausch Artmix lancéiert. Fir déi 12. Editioun huet e Jury d’Noé Deboutay vu Lëtzebuerg an d’Darja Linder vu Saarbrécken ausgewielt, déi allebéid nach 2 Kënschtler:innen invitéiert hunn. Den Artmix-Quartett war dunn Enn 2023 am Neimënster, Fréijoer 2024 an der Saarbrécker Stadtgalerie a Residenz. Iwwer d’Ambiance hate mir e Reportage gesent, deen Dir op eisem Site 100komma7.lu fannt. Am Cercle Cité kënnt Dir och kënschtleresch Resultater gesinn. Dozou d’Darja Linder am Gespréich mam Kerstin Thalau
    6 min
  • Ongewéinlechen Edward Steichen
    Den Edward Steichen zielt zu de bedeitendste Fotografen aus dem leschte Joerhonnert. Hien war e Pionéier an der Fashion-Fotografie a mat sengem Wierk huet hie verursaacht, datt d’Fotografie als eng Konschtform ugesi gëtt. Op der ieweschter Etage vum Nationalmusée um Fëschmaart sinn den Ament e puer Dosen Aarbechte vun him ausgestallt. Verschiddener esouguer fir déi alleréischte Kéier. De Joé Birchen war bis op d’Plaz, an huet eis e puer Andréck matbruecht.
    8 min
  • De Prix de la photographie Clervaux fir d'Nazanin Hafez
    D’Stad Klierf, eis Cité de l’image, bitt Foto-Interesséierte beim momentane Sonn-Reen-Wolleke-Mix den ideale Programm: eran an d’Klierfer Schlass bei d'Family of man, wann et ufänkt ze drëpsen; mellt sech d’Sonn: eraus bei déi verschidde Fotoinstallatiounen, déi d’Stad an eng Zort Open-Air-Galerie verwandelen; geet d’Luucht nees zou: eran an dat historescht Brahaus, an deem bis den 30. Juni Aarbechte vun de 14 Finalisten a Finalistinne vum zweete Klierfer Prix de la photographie ze gesi sinn. D’Kerstin Thalau war mat der Sandra Schwender, Curatrice vun der Cité de l’image, en Tour duerch d’Expo maachen.
    11 min
  • Nei Musek: Charli XCX - Brat
    D‘Charli XCX huet Musek fir Britney Spears, Gwen Stefani, Selena Gomez a Rita Ora geschriwwen an huet eng seelen Toun-Faarf-Synethesie, bei där si Téin duerch Faarwe wouerhëlt. Hir Solo-Karriär ass zanter 16 Joer um Rullen, si huet mat 14 an engem Londoner Club ugefaangen - mat éischten, op Myspace verëffentlechte Songs. Duerno huet si futuristesch Pop-Experimenter an de Vierdergrond gestallt a Plack fir Plack iwwerrascht. “Fast Forward” bei 2024, wou d‘Charli XCX hir 7. Soloplack “Brat“ erausbréngt an alt erëm eppes proposéiert, wat kee sech erwaart hat. De Marc Clement aus der Museksredaktioun huet se gelauschtert.
    10 min
  • Nei Musek: Charli XCX - Brat
    D‘Charli XCX huet Musek fir Britney Spears, Gwen Stefani, Selena Gomez a Rita Ora geschriwwen an huet eng seelen Toun-Faarf-Synethesie, bei där si Téin duerch Faarwe wouerhëlt. Hir Solo-Karriär ass zanter 16 Joer um Rullen, si huet mat 14 an engem Londoner Club ugefaangen - mat éischten, op Myspace verëffentlechte Songs. Duerno huet si futuristesch Pop-Experimenter an de Vierdergrond gestallt a Plack fir Plack iwwerrascht. “Fast Forward” bei 2024, wou d‘Charli XCX hir 7. Soloplack “Brat“ erausbréngt an alt erëm eppes proposéiert, wat kee sech erwaart hat. De Marc Clement aus der Museksredaktioun huet se gelauschtert.
    5 min
  • Faarwen a Kläng
    Et gi jo Leit, déi héiere Faarwen, oder gesinn Téin. Een dovunner ass de Camille Kerger - e Komponist, deen dës Vermëschung vu Sënner elo an engem neie Wierk vertount huet. A genee esou wéi beim Komponéiere ginn och bei der Opféierung déi Béid Sënner “Kucken“ an “Héieren“ matenee verméscht. D‘Wierk “ARC-EN-CIEL“ ass vun en Donneschdeg nämlech am Théâtre National du Luxembourg ze erliewen, mam Ensembel Kammerata Luxembourg, der Choreographin Jill Crovisier an dem Liichtkënschtler Marc Thein.
    7 min
  • (Bal) all Dag ee Concert
    Et war eng intensiv Woch fir Fans vun alternative Kläng: Wéi zanter e puer Joer fänkt den Atelier nom Usina säi Summermarathon un. Mat St. Vincent um Méindeg, Slowdive den Dënschdeg, Faux Real e Mëttwoch, Ghinzu um Freideg, The Streets de Samschdeg a Faithless e Sonnden, gouf et weder Zäit sech ze langweilen, nach sech ze erblosen. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware sech eng Rëtsch vun de Concerten ukucken.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners