Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Rentrée littéraire (9) "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq
    A senger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker eng Rëtsch vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am néngte Bäitrag beschwätzt hien iwwer "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieusecq, ee Buch, an deem d'Auteurin eng Jugendfrëndschaft vun zwou jonke Fraen an den 80er beschreift, déi duerch déi fréi Schwangerschaft vun der 15-järeger Solange chambouléiert gëtt.
    6 min
  • Alphabet - 26 Miniaturen für eine sich erwärmende Welt
    No "Gipfelstürmer", enger intelligenter Analys vun der Gebuert vum Neoliberalismus, féiert de Calle Fuhr seng Kapitalismuskritik weider, andeems hien d'Responsabilitéit vun (ënner anerem) Grousskonzerner un der Klimakris op de Leescht hëlt - dat an engem Theaterstéck, dat sech formal wéi en Alphabet vum Klimawandel unhéiert, an dat muer seng Première am Kasemattentheater feiert. Am Studio beim Jeff Schinker sinn de Regisseur Calle Fuhr an de Schauspiller Pitt Simon. Een Interview vum Jeff Schinker.
    18 min
  • Faux Real - Zwee franko-amerikanesch Bridder zeréck an de Rotonden
    An de Rotondë spillen den Owend Faux Real. Leit, déi scho méi laang an der Lëtzebuerger Musekszeen dra sinn, kennen d‘Gebridder Eliott a Virgile Arndt vu Glitter an d'Trauma an Natas Loves You, zwou Bands, déi am viregte Joerzéngt hei an iwwer d‘Grenzen eraus Erfolleg haten. Mat Faux Real geet et vum Rock an den decaléierte Pop. Zanter der Covid-Pandemie ass de Projet opgaange wéi eng Blumm. De Marc Clement huet sech am Virfeld vum Concert den Owend (5.6.) zu Bouneweg mat Faux Real ënnerhalen.
    8 min
  • Drëtten Urban History Festival
    Sinn ech Europäer:in a wa jo wéi vill? Respektiv: Wat bedeit et Europäer:in ze sinn? Sechs Stereotyppen zirkuléieren an deem Kontext: europäesch géif fir national/al/chrëschtlech/räich/wäiss/kultivéiert stoen. D’Expo “Pure Europe” am Lëtzebuerg City Museum hannerfreet dës Notiounen. A fir den Europawale-Weekend geet d’Ekipp vum Musée nach e Schrëtt méi wäit an invitéiert op hiren drëtten Urban History Festival, méi konkret op Bouneweg: fir si de multikulturellste Quartier vun der Stad. D’Kerstin Thalau huet d’Kyra Thielen an de Boris Fuge vum Stater Geschichtsmusée an de Studio invitéiert, fir méi doriwwer gewuer ze ginn.
    19 min
  • "Es gibt Sätze, die vertragen keinen Punkt"
    An der Kollektioun “Rede zur Literatur”, déi den Nationale Literaturarchiv publizéiert, huet d’Dichterin Ulrike Bail hir Iwwerleeungen iwwer d’Schreiwe festgehalen. E schmuelt Bändchen, dat en déiwen Abléck an der Ulrike Bail hir Approche erlaabt. D'Valerija Berdi huet et gelies.
    4 min
  • Impressioune matten aus engem Talent Lab: "Vagabundus" a méi
    Den TalentLab, ee Residenzfestival vun den Theateren hei an der Stad ass grad voll amgaang. Sechs international Kënschtler a Kulturschafender aus der Groussregioun goufen ausgewielt fir mat Mentoren nei Projeten ze entwéckelen, wärend och de Public e puer méi extra Saache gebuede kritt, wéi den Akram Khan gëschter a “Vagabundus” haut, ee Stéck vum Idio Chichava aus dem Mozambique. De Marc Clement huet mam Bernard Baumgarten, Direkter vum Danzzentrum 3-CL zu Bouneweg, an dem Tom Leick-Burns, Direkter vum Groussen Theater geschwat.
    20 min
  • "Mir mussen dat hikréien"
    D'Star-Organistin Anna Lapwood wëllt onbedéngt eng Kéier op der Uergel zu Diddeleng spillen. Hire Wonsch geet haut den Owend (04.06.) an Erfëllung.
    Eigentlech geet d'Anna Lapwood eréischt Enn Juni nees op Tournée. Elo de 4. Juni steet awer nach Diddeleng op hirer Agenda. Si hëlt de Concert vum 30. Abrëll no, dee si aus gesondheetleche Grënn hat missen ofsoen.
    Si gëtt mat grousser Virfreed erwaart, de Concert vun haut den Owend ass ausverkaaft. Op TikTok huet si Honnertdausende vu Follower, a si spillt reegelméisseg an deene gréisste Concertssäll uechter Europa. Elo steet fir si zu Lëtzebuerg fir e Concert op der Affiche, op dee si sech ganz besonnesch freet: Haut spillt si nämlech op der Uergel zu Diddeleng an der Kierch. Et ass en Instrument, dat si scho méi laang eng Kéier wollt ausprobéieren, wéi si dem Luc Boentges am Interview verréit.
    Organiséiert gëtt dëse Concert vum FIMOD, dem Festival international d'orgue de Dudelange.
    11 min
  • 55. Rencontres de la photo d’Arles: Méi klassesch a manner experimentell
    Fir d’Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Dat mécht Sënn: schliisslech souz hien och mat am internationale Jury, dee sech fir d’Expo “L’ordre des choses” vum Michel Medinger decidéiert huet. Dofir gëtt eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D’Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d’Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.
    6 min
  • Gespréich mat der flamännescher Schrëftstellerin Gaea Schoeters
    Déi ultimativ existenziell Erfëllung fënnt den erfollegräiche Finanzhai Hunter White an der Juegd um afrikanesche Kontinent. A senger Trophäe-Sammlung feelt just nach en Nashorn - eng besonnesch schwéier a geféierlech Aufgab.
    Déi flamännesch Schrëftstellerin Gaea Schoeters huet mat “Trophäe”, wéi de Roman an der däitscher Iwwersetzung vum Zsolnay Verlag heescht, ee grad esou spannend wéi déifgrënnegt Buch geschriwwen, dat nawell de Lieserinnen a Lieser hir eege moralesch Grenzen op d’Prouf stellt.
    De Michel Delage huet am Mäerz op der Leipziger Buchmesse mat der Gaea Schoeters geschwat.
    18 min
  • Kulturagenda
    Dës Woch um Kulturprogramm: Déi 14. Editioun vum Monodramafestival, eng Ausstellung vum Moler Gust Graas, Theaterstécker zum 100. Doudesdag vum Franz Kakfa, an de Food Truck Festival zu Weiler Zum Tuerm.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners