Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E Blot Wonner während der "heure bleue" zu München
    “In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang.
    Münchener Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur - plus Inhalt - interesséieren, mee och fir zukünfteg Bauten.
    Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer d’Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm Kunstpark Ost; aktuell entsteet do d’Werksviertel, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d’Konzerthaus München.
    Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D’Kerstin Thalau huet se gesinn a gëschter mam Alain Roche ee virleefege Bilan gezunn.
    11 min
  • USINA24
    Den Usina ass zanter dem leschte Kulturjoer zu engem interessanten a vill besichte Museksfestival ginn, deen d‘Fans an d‘Häerz geschloss hunn. Wann een esou iwwer de Line-Up kuckt, ass et einfach ze vergiessen, wéi nohalteg a multidimensional dëse Festival am Fong ass. De Marc Clement huet mam Haushär John Rech vun der Gemeng Diddeleng iwwer de Festival a seng Partnerschafte geschwat.
    14 min
  • D’Lëtzebuerger Band Francis of Delirium op Nordamerika-Tour
    D’Band Francis of Delirium ass ville Leit hei am Land bekannt. Déi dräi Lëtzebuerger ëm déi 22 Joer-al Jana Bahrich sinn dëser Deeg an Nordamerika op Tour, no enger Europa-Tour, déi gewisen huet, datt Francis of Delirium am Ausland e Begrëff ass. Hire melodeschen Indie-Rock huet si och op New York bruecht, wou si an der berüümter Mercury Lounge gespillt hunn.
    Eise Korrespondent Philip Crowther war do an huet mat der Band a mat hiren amerikanesche Fans geschwat.
    5 min
  • Library Card - Rockmusek a Vers-Dichtung
    2021 zu Rotterdam gegrënnt, spille Library Card eng Musek, déi een sech soss éischter aus dem Vereenegte Kinnekräich erwaart. Bäissend Sozialkritik trëfft op zackege Rocksound. Den Owend ass d'Band am Gudde Wëllen op der Bün an am Virfeld hat sech de Marc Clement mat der Frontfra Lot van Teylingen ënnerhalen.
    8 min
  • Positiv Vibes
    Fir d‘Rap-Fans gëtt et den Owend (30.5.) ee besonnesche Concert an de Rotonden: de Läbbel invitéiert de Masta Ace, ee Rapper, deen zanter 1988 bei deene ganz grousse matmëscht. Am Virfeld huet de Marc Clement mam David Galassi iwwer d‘Zeen zu Lëtzebuerg, a mam Masta Ace iwwer seng nei Plack Richmond Hills geschwat.
    14 min
  • Portrait vum Paul Auster
    Viru genee engem Mount huet eis mam Paul Auster, ee vun de wichtegsten US-amerikanesche Schrëftsteller, verlooss. Mir lauschteren nach eemol der Valerija Berdi hire Kuerzportrait vum Auteur.
    4 min
  • Cannes: De Palmarès ënnert der Lupp
    Mat der Gëllener Palm fir "Anora" vum Sean Baker an dem Grand Prix fir déi lëtzebuergesch Koproduktioun "All We Imagine As Light" vun der Payal Kapadia huet de Jury vun der Greta Gerwig de Schwéierpunkt op staark Fraefigure geluecht - a sech definitiv géint de Choix vun enger Selektioun entscheet, an där déi al grouss Realisateure just nach Placeholdere sinn. Eng Analys vum Jeff Schinker a Marc Trappendreher
    18 min
  • Den neie Communicaution Album kritiséiert d’Museksindustrie
    Den Eric Rosenfeld war an iwwer 20 Bands, dovunner sinn der dräi weiderhin aktiv: Versus You, Not For Sale an Adoptees. An da gëtt et nach Communicaution,de Soloprojet, selwer beschriwwen als Basement Ballads since 2004.
    Communicaution ass d’Geheimtipp-Musek vum Eric Rosenfeld. Déi lescht Release, Limited Edtion, ass vu Mëtt dësem Mount. Et sinn 11 Lidder, déi ënnert aneremeen sech Net-Ofkomme mat der Museksindustrie ausdrécken. Fir iwwert den Album ze schwätzen ass den Eric Rosenfeld perséinlech am Studio.
    Den Nicolas Calmes huet e puer Froe virbereet.
    21 min
  • Aquarellrock
    Hoffentlech hutt Dir schéi Schong un, well déi gëllt et elo ze kucken. Mee bei där neier Shoegazing Rockplack, déi de Marc Clement iwwer de Weekend gelauschtert huet, ass de Bléck besser op den Horizont geriicht, deen den New Yorker Quartett DIIV op sengem 4. Studioalbum “Frog In Boiling Water” huet, am Kontrast zu deene schwéiere Riffs um Virgänger mat Bläistëft an Aquarell gemoolt.
    7 min
  • 55. Rencontres de la photo d’Arles: Méi klassesch a manner experimentell
    Am Kader vun der Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles, war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Dat mécht Sënn: schliisslech souz hien och mat am internationale Jury, deem seng Membere sech fir d’Expo “L’ordre des choses” vum Michel Medinger decidéiert hunn. Dofir gëtt eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D’Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d’Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.
    16 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners