Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Faarwen a Kläng
    Et gi jo Leit, déi héiere Faarwen, oder gesinn Téin. Een dovunner ass de Camille Kerger - e Komponist, deen dës Vermëschung vu Sënner elo an engem neie Wierk vertount huet. A genee esou wéi beim Komponéiere ginn och bei der Opféierung déi Béid Sënner “Kucken“ an “Héieren“ matenee verméscht. D‘Wierk “ARC-EN-CIEL“ ass vun en Donneschdeg nämlech am Théâtre National du Luxembourg ze erliewen, mam Ensembel Kammerata Luxembourg, der Choreographin Jill Crovisier an dem Liichtkënschtler Marc Thein.
    7 min
  • (Bal) all Dag ee Concert
    Et war eng intensiv Woch fir Fans vun alternative Kläng: Wéi zanter e puer Joer fänkt den Atelier nom Usina säi Summermarathon un. Mat St. Vincent um Méindeg, Slowdive den Dënschdeg, Faux Real e Mëttwoch, Ghinzu um Freideg, The Streets de Samschdeg a Faithless e Sonnden, gouf et weder Zäit sech ze langweilen, nach sech ze erblosen. De Marc Clement an de Jeff Schinker ware sech eng Rëtsch vun de Concerten ukucken.
    13 min
  • Crosses - Chino Moreno a Shaun Lopez
    Crosses, den Zesummeschloss vum Defrones-Sänger Chino Moreno an dem Produzent Shaun Lopez, spillen de 17. Juni am Atelier. Et géif een en net soen, mee Crosses hate bis viru kuerzem nach keng LP dobaussen. Wuel awer 4 Eps an eng gutt Dose Singelen, bis dunn „Goodnight, God Bless, I Love You, Delete“ erauskomm ass, op där si hirer of schwéierer, hookeger, a vun elektroneschen Akzenter guidéierter Musek ganz nei Säiten ofgewanne konnten. Am Virfeld vun hirer Rees op Lëtzebuerg hunn der Moreno an de Lopez dem Marc Clement e puer Minutte Gespréich mat op de Wee ginn. Als éischt wollt de Marc wëssen: Wéi war et eigentlèch, fir seng éischt Plack e Featuring mat Robert Smith vun The Cure opzehuelen?
    14 min
  • De Musée vu muer
    Een hu mer nach .... nodeems mir Iech an de leschten Deeg drop higewisen hunn, datt esouwuel den Nationalmusée wéi och de Lëtzebuerg City Museum, fir dësen Europawalweekend, speziell Programmer bidden, fir Europa ze feieren, hei nach d’Offer vum Mudam: am Pei-Musée um Kierchbierg steet de ganze Weekend de Symposium “Reimagining museums” an d’Haus. Et geet dorëms, sech mat Spezialisten, Pedagogen, Kënschtler ... awer och mam Public doriwwer auszetauschen, wéi den europäesche Musée vu muer geduecht a konkretiséiert kéint ginn. Dat Ganzt am Kontext vun der Gruppenausstellung “A model”. D’Kerstin Thalau huet mat der Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge schonn emol versicht, de Musée kritesch ze denken.
    13 min
  • Eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg
    Den Europäesche Kulturpräis gëtt fir déi éischte Kéier a senger Geschicht zu Lëtzebuerg iwwerreecht - an zwar an der Philharmonie. Perséinlechkeeten oder Institutioune mat grousse kulturelle Verdéngschter ginn ausgezeechent. Dëst Joer spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker net nëmmen um Gala-Concert, mee si si selwer och Laureat. De Christophe Mirkes huet eng Zesummestellung gemaach vun alle Laureaten a gëtt en Abléck an déi musikalesch Programmatioun.
    4 min
  • Crosses an zéng Deeg am Atelier
    Crosses, den Zesummeschloss vum Defrones-Sänger Chino Moreno an dem Produzent Shaun Lopez, spillen de 17. Juni am Atelier. Et géif een et net soen, mee Crosses hate bis viru Kuerzem nach keng LP dobaussen. Wuel awer 4 Eps an eng gutt Dose Singelen, bis du “Goodnight, God Bless, I Love You, Delete“ erauskoum, op där si hirer dacks schwéierer, hookeger, a vun elektroneschen Akzenter guidéierter Musek ganz nei Säite weise konnten. Am Virfeld vun hirer Rees op Lëtzebuerg hunn der Moreno an de Lopez dem Marc Clement e puer Minutte Gespréich mat op de Wee ginn. Als éischt wollt de Marc wëssen: Wéi war et eigentlech, fir eng éischt Plack e Featuring mat Robert Smith vu The Cure opzehuelen?
    13 min
  • Daniel Wagener zweemol
    Gëschter Owend war an der Valerius Art Gallery op der Theaterplaz an der Stad Vernissage vun der Expo “Pick one” vum Daniel Wagener. Mee firwat just “one”, wann ee momentan “two” kann hunn? Nach bis de 16. Juni ass nämlech dem Fotokënschtler a Grafiker seng Fotoinstallatioun “Opus incertum” am Pomhouse vum CNA zu Diddeleng ze gesinn. A wann den Daniel Wagener, dee gréisstendeels zu Bréissel lieft a schafft, schonn eemol am Land ass, da schmäisst en a sengem Exporaum zu Diddeleng muer den Owend och nach eng Zort “finissage gourmand”. Am zweeten Exporaum stellt iwweregens d’Rosafa Elshan bis de 7. Juli aus. De Joé Birchen war béid Aarbechte kucken.
    6 min
  • Rentrée littéraire (9) "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq
    A senger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker eng Rëtsch vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am néngte Bäitrag beschwätzt hien "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq, ee Buch, an deem d'Auteurin eng Jugendfrëndschaft vun zwou jonke Fraen an den 80er beschreift, déi duerch déi fréi Schwangerschaft vun der 15-järeger Solange chambouléiert gëtt.
    11 min
  • “Schaufensterbummel” a “Lèche-vitrines” ware gëschter
    Um Europawale-Weekend maachen 2 vun eise Muséeën hir Dieren op a feieren Europa mat enger Hellewull ganz ënnerschiddlechen Aktivitéiten: am Nationalmusée um Fëschmaart ass Porte ouverte, dëst am Kontext vu 50 Joer Oeilleterevolutioun a Portugal; d’Ekipp vum Lëtzebuerg City Museum - kann ee soen - rappt hir Dieren op a geet eraus: hiren drëtten urban history festival fënnt an de Stroosse vu Bouneweg statt. Do proposéiert de Konschthistoriker Hans Fellner, zum Beispill, seng “urban walks”, de Samschdeg an de Sonndeg tëschent 10 an 13 Auer. Point de depart ass bei der Entrée vun de Rotonden. D’Kerstin Thalau an de Joé Birchen hunn den Hans Fellner bei enger “Walk”-Prouf begleet.
    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners