Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Filmkritik: "The Watchers" vun der Ishana Shyamalan
    Den M. Night Shyamalan ass bekannt fir Horrorfilmer mat engem Twist. De Regisseur huet elo senger Duechter hiren éischte Film produzéiert. D'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker waren de Film kucken - a si sech eens, datt déi jonk Ishana Shyamalan sech méi misst vum Papp senger Filmsprooch ewechmaachen.
    10 min
  • Musek, Konscht, Gastronomie a Sport um Kärcher Schlass
    De 5. bis 7. Juli ass d‘Gréiweschlass zu Käerch - eng effektvoll bespillbar Ruin - erëm de fantasteschen Hannergrond fir de Beautiful Decay Festival. Dräi Deeg gëtt Musek, Konscht, Gastronomie a Sport gebueden. Den Thierry Schmitz vun de Käercher Schlassfrënn erzielt eis elo direkt méi, am Gespréich mam Marc Clement aus der Museksredaktion.
    19 min
  • D’Sylvie Meunier curatéiert d’Michel-Medinger-Expo fir Arles
    Op Initiativ an Engagement vun der ASBL Lët’z Arles ass Lëtzebuerg, vum 3. Juli un, fir déi siwente Kéier op de renomméierte Rencontres d’Arles vertrueden; dëst mat der Foto-Expo “L’odre des choses” vum Michel Medinger. De Michel Medinger, Joergang 1941, gehéiert hei am Land zu de bekanntste Fotokënschtler, war och erfollegräiche Liichtathleet. Aus gesondheetleche Grënn konnt hie keen Ausstellungsprojet entwéckelen. Lët’z Arles hunn en oppenen Appel curatorial, fir eng neutral an nei Vue op dem Fotograf säi Wierk lancéiert. Déi franséisch Curatrice a Kënschtlerin Sylvie Meunier huet sech mat hirem Dossier duerchgesat. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Sylvie Meunier, no hirer Presentatioun am CNA zu Diddeleng
    12 min
  • Rotonden - Reamenagement vun November un an nei Saison
    Vun November u lancéieren d’Rotonden zu Bouneweg sech an hir bis elo vläicht gréissten Transformatiouns-Aventure. Déi mëttlerweil schonn iwwer 20 Joer oppe Rotonde 1 kritt duebelt Glas an eng Opfrëschung, wärend an d’Rotonde 2 nei, këschtefërmeg openee gestapelt Raimlechkeete gebaut ginn. Bannescht a baussecht Espacë wäerte verschmëlzen, an och de Parvis soll mat agebonne ginn, an ënner anerem ee Restaurants-Gebai mat Daachterrass an en Accueil bidden. Esouwäit emol kuerz zum Architektoneschen. Mee wéi eng Ziler stiechen hanner deem Ëmbau, a wéi wäert e sech op de Programm auswierken? De Marc Clement huet mam Direkter vun de Rotondë Steph Meyers geschwat.
    12 min
  • Am Gespréich mam Patrick Miranda
    Zanter 2018 mécht sech de Patrick Miranda mat sengem Projet Pleasing en Numm an der Lëtzebuerger Musekszeen - a stellt mat sengem Projet tëschent Post-Hardcore, Postrock, Metal an Jazz-Aflëss eng Zort Omni, also Objet Musical non identifié duer. Mat sengen zwou neie Singele "Bleak" an "There’s Something Wrong with Everybody" geet de jonke Museker nees nei Weeër - eng gutt Geleeënheet, hie fir ee Gespréich anzelueden.
    21 min
  • Crosses am Atelier
    Virun 10 Deeg hate mir den Chino Moreno an de Shaun Lopez am Interview, hei verréit eis de Jeff Schinker, wéi hiren Optrëtt gëschter (17.6.) am Atelier war.
    6 min
  • “Gossip” war de Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024
    Artmix: esou nennt sech e grenziwwerschreidende Kënschtler:innen-Austausch tëschent Lëtzebuerg a Saarbrécken. Fir déi 12. Editioun hat e Jury d’Noé Deboutay vu Lëtzebuerg an d’Darja Linder vu Saarbrécken ausgewielt, déi allebéid nach 2 Kënschtler:innen invitéiert hunn, fir am Neimënster an duerno an der Saarbrécker Stadtgalerie zesummenzeschaffen. Iwwer d’Ambiance hate mir e Reportage gesent; dee fannt Dir op 100komma7.lu. An am Cercle Cité kënnt Dir kënschtleresch Resultater gesinn: dat zum Sujet “Gossip”, wat bis an d’Mëttelalter eran net fir “Traatsch”, mee fir “Weidergi vu Wäisheete” stoung. Dozou d’Hannah Mevis am Gespréich mam Kerstin Thalau
    8 min
  • De WaterWalls Festival 2024
    Wien huet Loscht op en Trëppeltour? De WaterWalls Festival zu Esch-Sauer invitéiert op ee Parcours ronderëm véier Konschtinstallatiounen nieft, an op der Sauer. D’Séverine Zimmer vu Services for Creatives huet zesumme mat der ASBL Esch(t)Kultur de Festival organiséiert. De Joé Birchen war mat hir op den Tour an huet Andréck vum Parcours matbruecht.
    9 min
  • Live vun der Fête de la musique
    Dëse Weekend ass d’Fête de la musique. Dat ganzt Land gëtt zur Bün. Iwwerall si Concerte mat souwuel internationalen Headliner wéi och lokale Kënschtler. Haut interesséiere mir eis fir déi zweet Kategorie. Op der Gëlle Fra Stage vun der Fête de la musique spillen haut den Owend siwe Lëtzebuerger Rapperen hannerteneen - de Forsan, d’Zaza, de Mellow, de Sixo, den Chasey Negro, den Trvp Pollo an den Nevlo. Den Nicolas Calmes huet Interviewe mat fënnef vun hinnen assuréiert - an ass zesumme mam Jeff Schinker live op der Plaz.
    52 min
  • "Monique s'évade" vum Edouard Louis
    Den Edouard Louis gouf bekannt duerch seng soziologesch Autofiktiounen iwwer d'Liewe vun engem homosexuellen Teenager an enger homophober Provënz, wou d'Leit vu lauter Misär just den Haass, den Alkohol an d'Gewalt kennen - a säi Wee eraus aus deem Liewen. "Monique s'évade", säi mëttlerweil sechst Buch, ass schonn dat zweet iwwer seng Mamm. De Jeff Schinker huet et gelies - an de Phenomeen oder d'Success Story vum Edouard Louis kritesch inspizéiert.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners