Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wéi heescht Konscht
    Den Étienne Duval ass vu Formatioun Architekt, hie schafft awer och als Kënschtler an Designer. Fir seng Zesummenaarbecht mam Cercle Cité fir d’Ausstellungsvitrinn CeCiL’S Box huet hien ee kuerzen Animatiounsfilm produzéiert. Mat sengem Wierk 07:00-22:00 thematiséiert de polyvalente Kënschtler d’Stater Heescheverbuet. Den Nicolas Calmes mat weideren Explikatiounen.
    4 min
  • Den Illustrator Jeff Hemmer iwwer seng Residenz am Maacher Kulturhuef
    E Lieu fir ze schaffe plus e gereegelten Alldag ... dat wënschen sech en etlech Kënschtler, well si dann hirer Inspiratioun fräie Laf loosse kënnen. Deementspriechend beléift si Kënschtlerresidenzen. Zemools déi meeschtens nach mat engem Uertswiessel an der Renconter mat enger friemer Konschtzeen verbonne sinn. De Wuermer Illustrator a Comiczeechner Jeff Hemmer ass allerdéngs ee Joer laang am Kulturhuef zu Gréiwemaacher a Residenz gewiescht. Huet hien eventuell déi ongewéinlech laang Lafzäit interesséiert? Déi al Dréckmaschinnen, mat deenen hien do schaffe konnt? Gëschter war Finissage an d’Kerstin Thalau huet mam Jeff Hemmer Bilan gezunn.
    24 min
  • "Mir hunn eng immens Chance, datt mir am Theater schaffen"
    Den Direkter vun de Stater Theateren, den Tom Leick-Burns ass eisen Invité fir iwwer déi nei Saison 2024-2025 ze schwätzen. D'Programmatioun geet wäit iwwer den Danz, den Theater an d'Oper am klassesche Sënn eraus. De Fokus läit dëst Joer op dem jugendleche Public, fir dësen net just passiv, mee och immersiv anzebannen. Lëtzebuerger Kreatiounen nieft internatione Produktiounen sollen och an der neier Saison d'Diversitéit weisen. DValerija Berdi am Gespréich mam Tom Leick-Burns.
    De ganze Programm vun der neier Saison ass op theatres.lu ze fannen.
    26 min
  • Collections/Revelations: Modern an zäitgenëssesch Konscht am Nationalmusée um Fëschmaart
    Déi modern an zäitgenëssesch Konscht existéiert an enger Hellewull vu verschiddene Formen, Faarwen a Stiler. An trotzdeem kënnen déi verschiddenst Wierker matenee funktionéieren, wann ee se beienee bréngt. Um véierte Stack stellt den Nationalmusée um Fëschmaart den Ament eng nei Selektioun aus hirer moderner an zäitgenëssescher Konschtsammlung aus. Dobäi ass d’Presentatioun méi harmonesch, wéi se duerchernee mécht, fënnt de Joé Birchen.
    5 min
  • Eine raffinierte Grenze aus Licht. Japanische Dichtung der Gegenwart
    “Eine raffinierte Grenze aus Licht” heescht eng Anthologie mat japanescher Géigewaartslyrik aus dem Wallstein Verlag. Dës Lyrik spigelt d’Befanne vun enger Generatioun, déi d’Digitaliséierung vum Alldag, den AKW-Accident vu Fukushima an d’Pandemie erlieft huet. Firwat dës Lyrik als eng vun de spannendste Literaturlandschafte vun der Géigewaart bezeechent gëtt, verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Am Gespréich mam Lemi Ponifasio an der Elisabeth Schilling
    De Lemi Ponifasio ass no der Anne Teresa de Keersmaeker an dem William Kentridge deen drëtte Red Bridge Project Artist - also dee Projet, wou een oder eng Kënschtler:in de MUDAM, de Groussen Theater an d’Philharmonie bespillt. No ënner anerem Opféierunge vu senge Wierker "Jersusalem" an "Love to Death" steiert de Projet dëse Freideg mat "The Manifestation", ee Projet un, fir deen de Lemi net just mat der Choreografin Elisabeth Schilling, mee och mat enger Rei Communities geschafft hunn.
    15 min
  • Festival de Wiltz
    E Samschdeg geet de Wëlzer Festival esou richteg lass, deen dëst Joer mat Workshoppen an enger Table ronde ronderëm der Lou Koster hir Operett "An der Schwemm", Musek aus Bosnien an dem Senegal an Headlinere wéi Altin Gün a Birdy eng Programméierung, déi sech divers a feministesch gëtt, proposéiert. De Programmdirekter Marc Scheer ass live am Interview mam Jeff Schinker.
    22 min
  • Nom Artmix 2024 d’Expo am Cercle Cité
    2005 gouf vu Lëtzebuerg a Saarbrécken de grenziwwerschreidende Kënschtler:innen-Austausch Artmix lancéiert. Fir déi 12. Editioun huet e Jury d’Noé Deboutay vu Lëtzebuerg an d’Darja Linder vu Saarbrécken ausgewielt, déi allebéid nach 2 Kënschtler:innen invitéiert hunn. Den Artmix-Quartett war dunn Enn 2023 am Neimënster, Fréijoer 2024 an der Saarbrécker Stadtgalerie a Residenz. Iwwer d’Ambiance hate mir e Reportage gesent, deen Dir op eisem Site 100komma7.lu fannt. Am Cercle Cité kënnt Dir och kënschtleresch Resultater gesinn. Dozou d’Darja Linder plus d'Hannah Mevis am Gespréich mam Kerstin Thalau
    10 min
  • Eine raffinierte Grenze aus Licht. Japanische Dichtung der Gegenwart
    “Eine raffinierte Grenze aus Licht” heescht eng Anthologie mat japanescher Géigewaartslyrik aus dem Wallstein Verlag. Dës Lyrik spigelt d’Befanne vun enger Generatioun, déi d’Digitaliséierung vum Alldag, den AKW-Accident vu Fukushima an d’Pandemie erlieft huet. Firwat dës Lyrik als eng vun de spannendste Literaturlandschafte vun der Géigewaart bezeechent gëtt, verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Kulturagenda
    Festivaller, Liesungen, Theater, Ausstellungen, Poetry Slam, Stand Up, Graffiti: déi lescht Juni-Woch bitt alles, wat kulturbegeeschtert Leit interesséiert.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners