Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Lëtzebuerger Koproduktioun kritt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes
    Bei der 77. Editioun vum Filmfestival vu Cannes e Samschdeg krut eng Lëtzebuerger Koproduktioun déi zweet héchst Auszeechnung: de Grand Prix. De Film vun der indescher Realisatrice Payal Kapadia “All We Imagine As Light” also “Alles wat mir eis ënner Liicht virstellen” gouf vun der Déifferdenger Firma Les Filmes Fauves, zesumme mat Frankräich, Holland an Indie koproduzéiert a gouf vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt. Wat dës Auszeechnung fir de Lëtzebuerger Filmsecteur bedeit, dat wollt de Pit Walté vun eiser Reporterin Michelle Barthel wëssen.
    3 min
  • Kulturagenda
    An der Päischtvakanz stinn de Flamenco Festival vun Esch, deen och an d’Stad geet, ee finnescht Theaterstéck an d’Kinosaktualitéit um Programm.
    7 min
  • Lëtzebuerger Koproduktioun kritt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes
    Op der 77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes huet eng Lëtzebuerger Koproduktioun déi zweet héchsten Auszeechnung mat “All We Imagine As Light” kritt. E grousse Moment fir de Lëtzebuerger Filmsecteur. Et wier net nëmmen eng Reklamm hei am Land, mee en eenzegaartegen Nationbranding fir de Lëtzebuerger Filmsecteur - esou de Kulturminister Eric Thill. Dem DP-Minister no soll elo d’Richtung definéiert ginn, wéi déi Lëtzebuerger Filmindustrie sech wéilt weiderentwéckelen.
    5 min
  • Musikalesch Summerowenter
    D‘Congés annulés an de Bouneweger Rotonde fänken dëse Summer de 26. Juli un an zéie sech traditionell duerch de ganzen August. Seele musikalesch Pärelen, vum internationale Festival-Circuit opgepickt, an och vill Lëtzebuerger Bands fanne sech do a labberer Summer-Atmosphär zesummen. De Marc Clement huet mam Rotondes-Programmateur Marc Hauser iwwer d‘Edition 2024 geschwat.
    9 min
  • "Cock" am Kapuzinertheater
    Op der Bün ass eng Bün. Esou wéi et de Mike Bartlett, Auteur vu “Cock”, a sengem Skript freet, gëtt et och an de Kapuzinertheater-Representatioune vu sengem Wierk keng Requisiten a kee Bünebild. D’Requisitë ginn am Dialog tëschent de Schauspiller zwar ugedeit, genannt: d’Wäiglieser, den Teddybier, d’Still an den Dësch muss ee sech awer virstellen. Wat ee soss nach zur neier Inzenéierung vun der Anne Simon, déi nach haut den Owend am Kapuzinertheater leeft, soll wëssen, verréit den Nicolas Calmes.
    4 min
  • “Gossip - Matters hard to grasp”: Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024
    Viru knapps 20 Joer gouf, vu Lëtzebuerg a Saarbrécken, de grenziwwerschreidende Kënschtler:innen-Austausch Artmix lancéiert. Fir déi 12. Editioun huet e Jury Noé Deboutay vu Lëtzebuerg an d’Darja Linder vu Saarbrécken ausgewielt, déi da selwer och nach emol 2 Kënschtler:innen invitéiert hunn. Den Artmix-Quartett war dunn am Dezember 2023 am Neimënster, am Mäerz 2024 an der Saarbrécker Stadtgalerie “en résidence”. Iwwer d’Ambiance bei der kënschtlerescher Aarbecht hate mir schonn e Reportage gesent; Dir fannt en op eisem Site 100komma7.lu. Well a béide Stied awer och nach Artmix-Ausstellunge gewise ginn, wollt d’Kerstin Thalau nach méi zu den Exponate gewuer ginn. Hei, an engem éischten Deel, vum Duo Noé Deboutay a Sophia Lökenhoff am Cercle Cité.
    21 min
  • Cannes (7)
    De Film fält ënner d’Tutelle vun der Kultur a kritt zwou Millioune méi, Lëtzebuerg kritt de Sëtz fir en neie Reseau vun den europäesche Filmakademien, de Ministère plangt den 20. September Assise fir de Film a fir d’éischt ware Leit aus dem Finanzsecteur um Lëtzebuerger Dag agelueden - dat gouf de leschte Samschdeg am Lëtzebuerger Pavillon zu Cannes matgedeelt. Alles dat wier awer näischt ouni d’Filmer - mat "All We Imagine as Light" vun der Payal Kapadia huet d’Produktiounsgesellschaft Films Fauves nom Wang Bing sengem "Jeunesse" schonn nnees ee Film an der relativ elitistescher Competitioun am Rennen. De Jeff Schinker huet mam Kulturminister Eric Thill, mam Filmakademie-President Yann Tonnar a mam Films-Fauves-Produzent Gilles Chanial geschwat.
    12 min
  • Den 23. Mee 2024 gëtt zu Klierf den zweete “Prix de la Photographie - Clervaux Cité de l’image” verginn
    Dem Edward Steichen seng Foto-Sammlung “Family of Man” gehéiert zu den Unesco-Weltkulturierwen, a well se am Klierfer Schlass e permanent Doheem fonnt huet, huet se Klierf zu eiser “Cit�� de l’image” gemaach. Entretemps gëtt d’Expo duerch aktuell Fotoaarbechten am Klierfer Espace public, also ënner fräiem Himmel, erweidert. A vun haut u sinn en plus Wierker vu 14 Kënschtler:innen aus der Groussregioun am Brahaus, deemno ënner Daach, ze gesinn. Dobäi handelt et sech ëm déi 14 Finalisten a Finalistinne vum zweete “Prix de la photographie - Clervaux Cité de l’image”. D’Kerstin Thalau wollt vun der Sandra Schwender, Responsabel fir d’Programmatioun vun der Cité de l’image, méi iwwer de Präis gewuer ginn.
    8 min
  • "Cock" am Kapuzinertheater
    En englechsproochegt Stéck ënner der Direktioun vun der Anne Simon gëtt aktuell am Kapuzinertheater gespillt.
    Eng Rezensioun vum Nicolas Calmes
    4 min
  • Cannes (6) - "Bird" a "Kinds of Kindness"
    Eng Mouk, déi Coldplay lauschtere muss, fir hiren halluzinogene Spaut ze produzéieren, e Meedchen, dat dovun dreemt, aus der englescher Ënnerschicht auszebriechen an e Mann, deem säi Patron och säi Privatliewen diktéiert. Am bis elo wierklech staarke Wettbewerb zu Cannes stieche bis elo "Bird" vun der Andrea Arnold a "Kinds of Kindness" vum Yorgos Lanthimos eraus, well se begeeschteren, intrigéieren, oder versteieren. Op der Journalisten-Terrass vun der Croisette hunn de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher versicht, den zwee Filmer op de Fong ze kommen.
    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners