Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Culture the Kid iwwer d'Jugend
    Seng éischt Singles waren Hip-Hop-Tracks wéi "Glass Walls". Dës EP ass eppes ganz aneschters. Mat Gittar a Perkussioune geet et zeréck un d'Originnen, an dat net nëmmen an der Musek; och an den Texter geet et an een handgemaachten Haus an den Hiwwelen. Wéi erkläert sech d'Ëmsidele vun der Stad op d'Land?
    De Matteo Grizz-Wolf, alias Culture the Kid, ass op Besuch beim Marc Clement fir iwwer seng EP Searching Rhymes ze schwätzen.
    7 min
  • Samuel Hamen - Quallen
    "Vielleicht gelingt es ja, der Qualle nicht jedes Mal mit einem Ooh! oder Iih! zu begegnen, sondern ruhig ze bleiben angesichts ihrer ..." schreift de Lëtzebuerger Schrëftsteller Samuel Hamen a sengem neie Buch "Quallen", dat am däitsche Verlag Matthes & Seitz erauskoum. Argumenter fir op den Iih! ze verzichten, gi genuch an dësem Wierk gebueden. Den ëmfangräiche Portrait vun de Jelliskäpp huet d'Valerija Berdi gelies.
    4 min
  • Mono, mee net eesäiteg
    D'Mëtt vu Mono hirer Musek bilden dynamesch Klanglandschaften, déi dacks vum Leadgittarist Takaakira Goto eropbeschwuer ginn. De Japaner hire Stil ass vu minimalisteschem Noise-Rock à la Sonic Youth fortgaangen, fir no an no méi Komplexitéit a méi grouss Instrumentatiounen anzebannen. Kategorië wéi "contemporary classic" oder "post-rock" weise Mono vu sech. De Goto seet kryptesch:
    "Music ass d'Kommunikatioun vum Onkommunizéierbaren", a Wierder wéi Post-Rock bedeiten eis net vill. Musek muss Genren duerchbrieche fir Sënn ze maachen."
    Mono spillen haut den Owend (17.8.) an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés, um 8 Auer ginn d'Dieren op. De Marc Clement ass op der Plaatz fir sech nom Soundcheck mat der Band ze ënnerhalen.
    11 min
  • Natur a Kultur aus Japan am natur musée
    An der aktueller Ausstellung am natur musée am Stadgronn "Spirit of Shizen" steet déi japanesch Natur aus der Vue vun den eenzelen Jores-Saisonen am Mëttelpunkt. "Shizen" heescht op japanesch Natur an d'Ausstellung hëlt mat op en Tour duerch déi 72 Saisonen a Japan a soll de Public dorobber virwëlzeg maachen.
    D'Ausstellung "Spirit of Shizen" ass nach bis den 28. August am natur musée ze gesinn. De Jean Claude Majerus huet mam Curateur vun der Ausstellung, dem Robert Weis, geschwat
    4 min
  • Battles - Top Math-Rock-Band bei de Congés annulés
    Math-Rock ass zu Lëtzebuerg ee Begrëff, spéitstens zanter de Schalltot Kollektiv ëm d'Joerdausendwenn Bands aus der nordamerikanescher Zeen op Lëtzebuerg invitéieren. Eng vun den innovatiivsten a beléiftste Bands an dësem Genre si Battles, deenen hir Musek accessibel genuch ass, fir an deene leschte Joren och emol hei an do an den Indie Charts ze landen.
    Gegrënnt gouf d'Band vum Gittarist Ian Williams, deen dem Marc Clement gëschter Nomëtteg (16.8.) virum Soundcheck an de Rotonden um Mikro Ried an Äntwert stoung. Virun hirem Optrëtt huet de Bandleader iwwer déi rezent US-Tour mat Primus geschwat, iwwer d'Live-Spillen an iwwer Battles hire raffinéierte Schreifprozess - ee Spill vu Musteren a spannungsschafenden Ënnerbriechungen.
    7 min
  • Spirit of Shizen
    Wann Dir vu Japan faszinéiert sidd, oder wann Dir et wëllt ginn, da lount sech den Ament eng Visitt an der aktueller Ausstellung am natur musée am Stadgronn "Spirit of Shizen", wou déi japanesch Natur aus der Vue vun den eenzele Joressaisonen am Mëttelpunkt steet. "Shizen" heescht op japanesch Natur an d'Ausstellung hëlt mat op en Tour duerch déi 72 Saisonen a Japan a soll de Public dorobber virwëlzeg maachen.
    D'Ausstellung "Spirit of Shizen" ass nach bis den 28. August am natur musée ze gesinn. De Jean Claude Majerus huet mam Curateur vun der Ausstellung, dem Robert Weis, geschwat.
    8 min
  • Filmkritik: Decision to Leave
    E Flic verléift sech an déi falsch Fra ... Dat ass den Ausgankspunkt vun dësem Drama vum Koreaner Park Chan-wook. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dee Film am leschte Grousse Kino beschwat. Extrait aus der Emissioun
    3 min
  • Eleng an der Kierch
    An dëse waarmen Zäite ginn et net vill Plazen, wou ee sech vun der Hëtzt zeréckzéie kann. Duerfir invitéiert de Serge Tonnar dëse Freideg a Samschdeg an d'Kierch zu Randschelt op eng intimistesch Performance mat Musek an Text. Den Jamie Reinert huet sech mam Museker ënnerhalen.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners