Haut fänken ech mol eng Kéier mat engem Zitat aus de Krëschten hirem hellege Buch un, der sougenannter Bibel, där jo och eis Katholike misste follechen. Do steet am Matthäus-Deel Folgendes: „Ihr könnt nicht Gott dienen und dem Mammon.“ Am Resumé: Gott oder Goss. Mee net di zwee. Méi dozou spéider.
D’Diskussioun iwwert d’Reform vun de Kierchefabricken ass also voll am gaangen. Den Daachverband vun de Kierchefabricke Syfel schéisst schaarf ronderem séch, d’Kierchefabrick Hollerich schéisst géint de Katholikechef Hollerich, an d’CSV schéisst mat hire chrëschtleche Kanounen op di béis DP-LSAP-déi Gréng-Regierung.
Wat genau wëllt di Regierung da sou Schlëmmes maachen? Am Resumé geet et drëm, archaesch Kierchestrukturen ofzeschafen, di 1809 geschafe goufen, säithir eng ganz Rei ongerechtfäerdegt Privilegie genoss hunn, de Steierzueler em vill Suen erliichtert hunn, an sech virun allem duerch e Mangel u Kontroll an Transparenz am finanzielle Volet ausgezeechent hunn. D’Regierung wëllt Kloerheet an Transparenz an den Dossier bréngen; d’soll gekläert ginn, wat fir ee Kierchegebei wiem gehéiert. D’Kierch soll an Zukunft am Plaz vum Steierzueler fir déi Kierchen, di hier gehéieren, selwer opkommen. D’Suen an d’Lännereien, di di 285 Kierchefabricken an deenen 200 Joer ugesammelt hunn, sollen an ee Fong kommen, dee wuel vum Bistum geréiert, awer och vum Staat kontrolléiert gëtt.
A géint déi geplangten Transparenz gëtt sech elo aus Kierchekreesser op eemol hefteg gewiert, virun allem ebe vum Syfel. Wat genau gëtt et dann do ze verstoppen, léiwe Syfel? Gëtt iere gefaart, dass do zweiwelhaft Finanzoperatiounen zum Virschäi komme kéinten? Oder geet et einfach drëm ze verhënneren, dass eng Gesamtzomm vum Räichtum vun deenen 285 Kierchefabricken ëffentlech gëtt an domadder ville Leit hei am Land d’An aus dem Kapp géife falen?
De Combel vun der Hypokrisie awer dierft sinn, dass vu Säite vum Syfel an d’Welt gesat gëtt, dass deen neien Text géing géint de Prinzip vun der Gemengenautonomie verstoussen. Iwwer 200 Joer laang hunn d’Gemenge missen deenen 285 Kierchefabricken hiren Defizit bezuelen, sech missen em den Ënnerhalt vu gréisstendeels eidele Gebaier këmmeren, di hinnen a verschiddene Fäll mol net gehéiert hunn, missen dem kathoulesche Paschtouer eng Wunneng zur Verfügung stellen. Millioune Steiergelder sinn sou an d'Kierch gefloss. Ob d'Gemenge wollten oder net. Wou, léiwe Syfel, war dann do d’Gemengenautonomie? A ween aus äre Kreesser huet sech dorunner gestéiert, dass ebe grad keng Gemengenautonomie do war?
Trotz där ganzer Hypokrisie sinn ech perséinlech frou, dass dee Syfel sech gegrënnt huet an oppe seng Meenung seet. Dat am Sënn vun der Demokratie hei am Land, mee virun allem och am Sënn vun der Transparenz betreffend dem kathouleschen Donschtkrees seng Zieler. Well kann een net aus deem ganzen Theater ronderem d‘Kierchefabricke eppes kloer eraushéieren? Weisen d’Kiercheleit net glaskloer, dass si bei der Fro „Gott oder Goss?“ hire Choix gemaach hunn? Ass dee fiktive Gott net eendeiteg just Mëttel zum Zweck, a geet et a Wierklechkeet net exklusiv em dee ganz reale Goss, em Suen, em Mënz, em Fric? Déi Froen ka sech wuel elo jidfereen hei am Land selwer beäntwerten.
Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu
Member International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Member European Humanist Federation (EHF)
Member Alliance for a Secular Europe
Member Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)