RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Justin Turpel, 12/12/2016
    Wat ass Steiergerechtegkeet? Wa grouss multinational Konzerner op hire Gewënner guer keng Steieren, oder manner Steiere wéi dem Chef seng Sekretärin bezuelen, dann ass dat jiddefalls net gerecht!

    Wann déi, déi dëst opgedeckt hunn, sollen an de Prisong gestach ginn, dann ass dat och net gerecht! Dorëms geet et haut um Geriicht, wou den Appell am sougenannte LuxLeaks-Prozess ufänkt. Mir missten deene Leit – Antoine Deltour, Raphaël Halet an dem Journalist Edouard Perrin – dankbar sinn, datt mir duerch si gewuer ginn sinn, mat wéi eng Tricksereien do Steieren hannerzunn, a mir all bedupst ginn.

    Och grouss Betriber brauche Stroossen an aner Infrastrukturen, Leit, déi a Schoule waren, déi op Crèchen an aner ëffentlech Déngschtleeschtungen zréckgräife kënnen. Ma da sollen och déi Betriber hëllefen dat mat hirer Steier ze bezuelen, sou wéi och all klengen a mëttlere Betrib dat mécht.

    Leider huet déi Ongerechtegkeet do System: déi Räich a Superräich bezuelen ëmmer manner;  déi aner, vrun allem Leit, déi schaffe ginn, berappen ëmmer méi, an hinne bleift ëmmer manner iwwreg. Et ass genee dat, wat derzou féiert, datt 1% op der Welt ëmmer méi räich ginn, an elo well grad sou vill hunn, wéi déi 99% aner all zesummen.

    Et ass traureg, datt grad Lëtzebuerg sech ëmmer erëm dobäi ervirdeet, fir deene “Räichen a Schéinen” dobäi ze hëllefen.

    Et gi Leit, déi mengen, et wier ons doduerch jo alleguer bis elo gutt gaang. Dat mengen ech net. Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Aarmut an ëmmer méi Leit hu Schwieregkeeten, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. An ënnert dem Stréch géif fir jidderee méi erauskommen, wann och déi Räich an hir multinational Konzerner hiren Undeel u Steier bezuele géingen. Da géinge mer net vun Austeritéit schwätzen, da wier genuch do fir eng gerecht Ëmverdeelung.

    An da géinge mer an engems verhënneren, datt d’Uewerklass mat hirem ville Geld am Gaang ass déi nächst Finanzkris erbäi ze spekuléieren.

    Bréngt d’Steierreform, déi d’Regierung elo plangt, dann net méi Gerechtegkeet? - Nee, bei där Reform kritt jiddereen e bëssen, mee gerecht ass déi Reform dofir nach laang net. Mat där Reform gëtt guer näischt un de Grondprinzipien vun deem ongerechte Steiersystem geännert. Déi eng, déi duerch déi laang fälleg Erhéijung vum Mindestloun elo knapp 27 Euro méi kréien, mussen dorop scho Steiere bezuelen, anerer déi wierklech vill verdéngen, wäerte kaum eppes méi bezuelen wéi bis elo.

    Fir eng gerecht Steierreform maachen ze kënnen, misst de Staat oder d’Steierverwaltung mol wëssen, wie wéi vill huet oder verdéngt. Dat wëssen s awer net! A si wëllen et och net wëssen, soss géinge se jo gesinn wéi ongerecht eise Steiersystem wierklech ass!

    A soulaang dat de Fall ass, brauche mir Leit, wéi Antoine Deltour a Raphaël Halet, grad sou wéi Journalisten, déi de Courage hunn opzedecken, wat hannert de Kulisse leeft. Hinne solle mir Merci soen, amplaz se an de Prisong stiechen ze wëllen, während all déi déi massiv bedréien an hannerzéien, weidermaachen wéi wann näischt wier.

    Mee vläicht trauen d’Riichter am Appellatiounsprozess sech jo endlech ze soen, datt d’Mënscherechtskonventioun, déi iwwert nationalem Recht steet, esou Leit schützt an eigentlech net zouléisst, datt ee se strooft.

    4 min
  • Carte Blanche: Colette Flesch, 09/12/2016

    Trotz äisegen Temperaturen dobaussen, war et en hëtzege leschte Weekend an Europa. An Italien ass d'Reform vun der Verfassung duerch e glaskloere Nee vum Vollek gekippt ginn, an mat hier d'Regierung vum Premier Renzi, mat allen Froen di dat mat sech bréngt. Zäitgläich huet d'Nopeschland Éisträich mam Alexander van der Bellen endlech en neie President krut.
    D'Gefill ofgehaangen ze gi vum sozialen an wirtschaftleche Fortschrëtt, d'Perspektivlosegkeet um Aarbechtsmaart, d'Angscht virun enger Zouwanderung vu Migrante féieren an Europa wéi an Amerika zou engem Malaise deen zum Brexit, der Wahl vum Donald Trump, wéi zum Ausgang vum Referendum an Italien geféiert hunn. Si werfen och hire Schied op d'Wahlen di 2017 an Frankräich an Däitschland ustinn.
    Fir bei Éisträich ze bleiwen, et berouegt, datt en europafrëndleche Politiker géint den Rietspopulismus bestoe konnt. An awer bleift, datt dës Presidentschaftswahle keng Stärestonn vun der Demokratie waren.
    Ugefaange mat de Wahle selwer: kloer Virschrëfte ware beim Ausziele vum éischte Vote am Mee net agehale gi, esou datt d'Wahlen hunn missen den leschte Sonnde widderholl ginn. Dat dierf an engem Rechtsstaat net passéieren, well demokratesch Wahle mussen iwwer all Zweiwel stoen, wann een d'Demokratie net am Kär well treffen. D'Decisioun vum éisträichesche Verfassungsgeriicht, d'Wahlen ze widderhuele war dofir déi eenzeg richteg. Wat fir eng Legitimitéit hätt soss de neie President gehat?
    Keng Glanzleeschtung vu politescher Ausernanersetzung waren awer och d'Konfrontatioune vun de politesche Géigner op der Televisioun. Et deet der Glafwierdegkeet vu Politiker net gutt, wann aplaz vum Austausch vun Argumenter, mat Ënnerstellunge geschafft gëtt an dem Géigeniwwer systematesch Lige virgehäit ginn. No enger méi ewéi penibeler Konfrontatioun bei deem éischte Wahltermin, huet och den leschten Fernseh-Duell net vill Guddes bruecht. Ganzer 24 mol huet den Rietspopulist Hofer sengem politesche Géigner Ligen an Onwourechte virgehäit, ouni dat an iergendenger Form ze beleeën.
    Dëst erënnert un déi iwweraus erfollegräich Wahlstrategie vun engem Donald Trump, deen beschtens gewisen huet, ewéi een mat permanenten Ënnerstellungen d'Kredibilitéit vum politesche Géigner kann ënnergruewen. Et ass eng geféierlech Tendenz an onser haiteger Zäit, gestäerkt duerch de Vehikel vun den soziale Medien, datt d'Wourecht ëmmer manner eng Roll spillt.
    Besonnesch dramatesch ass dobäi, datt den Niveau vun der politescher Ausernanersetzung sech op d'Stëmmung am Vollek iwwerdréit. Dat huet een net nëmmen an Éisträich, mee och an Italien oder den USA gesinn. An Éisträich op jiddwerfalls huet seelen eng Wahl e Vollek esou gespléckt. Duerfir sinn ech frou, dass dem neigewieltem President seng éischt Prioritéit ass, d'Rëss an der Gesellschaft ze Kitten an d'Vollek erëm zesummen ze féieren. Ech wënschen him derbäi vill Erfolleg!


    3 min
  • Carte Blanche, 07/12/2016

     
    Des nei gewielten Politiker wëllen opraumen mat der verwässert Demokratie, wëllen hier Länner zoumaachen virun all dem Schlechten, wat vun baussen kennt, an verspriechen eng nei Zäit vun Réckbesënnung op national Wäerter an eng Souverän Wirtschaft.
     
    Och wann et mir kal den Réck erofleeft, muss ech domadder liewen dass dat och en Deel vun onser Demokratie ass, an d’Vox populi nun emol dat wielt, wou si drun gleewt.
     
    Rational gesinn kann een elo 1000 Argumenter fannen, vir ze soen dass déi Dreem vun dësen Populisten, zu engem groussen Cauchemar feieren. Mee genau déi Strategie wäert an dësem Moment keen Erfolleg méi hunn. An Moment wielt d’Vollek mam Bauch an net mam Kapp.
     
    Et mëscht och keen Sënn dass den Kapp den Bauch verdäiwelt, mee et ass héich Zäit dass mer onsen Kapp benotzen vir ze verstoen wat d’Ursaachen sinn déi zu dëser Situatioun gefouert hunn.
     
    Et ginn vir mech en puer Grondzich déi an all deenen Länner eng wichteg Roll gespillt hunn.
     
    Déi rietspopulistesch Politiker, déi sou vill Erfolleg hunn , sinn déi déi sech kloer distanzéieren, vun den aktuellen politeschen Elite. Hire Succès kennt dovunner dass si sech als « no um Vollek »  verkaaft kréien, mam Establishment wëllen ofrechnen, an esou dem Vollek Geheier verschafen. All Provokatioun, all Ausso, sou irrational an gehässeg se ass, gëtt als Zeechen vun Éierlechkeet gewäert, wann se d’ Bauchgefill vun den Leit trefft.
    Wat ass passéiert dass d’Vertrauen an ons, nenne mer se mol klassesch Parteielliten, sou radikal verluer gaangen ass ?
    Ons politesch Elite sinn haut ganz oft Persounen déi net méi iwwert den klasseschen Wee iwwert d’Parteien un d’Spëtzt komm sinn. Si sinn Spezialisten, Technokraten, kommen ëmmer méi aus des Wirtschaftswelt, an sinn domadder wéineg ofhängeg vun hiren Parteien. D’Vollek huet d’Gefill, dass dës Politiker just nach op d’Wirtschaft lauschteren, quasi ferngesteiert ginn vun den groussen multinationale Firmaen an Banken.
     
    Dat gëtt verstäerkt duerch hiert Positionnement wann et em d’Fro vun der Globaliséierung geet. Vun der Politik gëtt dat als eenzegen Wee vir d’Zukunft dohinner gestallt, en Wee deen iwwert komplex Theorien vun Wuesstem letztendlech zum globalen Wuelstand feiere géif. Leider spieren awer ganz vill Leit just den Konträr : Globaliséierung heescht vir si perséinlech éischter den sozialen Ofstig. D'Vertrauen an d’politesch Elitten vun haut  entsprécht deem vum Vertrauen an d’Wirtschaftsideologie, nämlech keent méi.
     
    Vill Politiker benotzen dann och genau deen selwechten Discours deen d’Wirtschaft hinnen virgeet. Si erklären hiert politescht Handelen duerch Argumenter déi se opbauen op Konzepter wei : Noutwendeg Upassungen, Reformen, den internationalen Konkurrenzdrock, Flexibilitéit, Rationaliséierung, Kompetitivitéit. Alles Wieder déi dozou bäidroen dass d’Leit just nach méi Angscht kréien. Iwwert d’Angscht bedéngen mer awer letztendlech just dat Bauchgefill , dat dozou feiert dass den Kapp net méi matdenkt, an deenen rietspopulisteschen Stréimungen den Wee fräi gemaach gëtt vir un d’Muecht ze kommen.
     
    Vir d’Zukunft brauchen mer, och zu Lëtzebuerg, erëm politesch Elitten déi bereet sinn méi global ze denken an net nëmmen den Discours vun der Wirtschaft probéieren un d’Fra an un den Mann ze bréngen. Mir brauchen Leit mat sozialen an kulturellen Visiounen déi positiv sinn, an Hoffnung op Muer maachen. D’Léit wëllen spieren dass et Solidaritéit gëtt, wëllen wëssen dass si am Mëttelpunkt vum politeschen Projet stinn. Eng grouss Erausfuerderung vir déi klassesch Parteien vun haut, mee deen eenzegen Wee vir den Rietspopulismus ze stoppen.  
     
     
     
     

    4 min
  • Carte Blanche, Marc Glesener, 05/12/2016

     
     
    Den Donald Trump gëtt den nächsten President vun de Vereenegten Staaten. Et huet een sech missen doru gewinnen.  Woubäi gewinnen iergendwéi dat falscht Wuert ass. Sech un dem Geschäftsmann vun New York  seng dach éischter onorthodox Aart a Weis Politik ze maachen an sech ze inzeenéieren ze gewinnen, ass dach e bëssen méi eng komplizéiert Saach.
     
    Nu ass et esou, dat d’Politik en général vläicht dach eng Partie Léieren aus dem Phänomen Trump zéien sollt. Dëst ass iwwregens schonn geschitt. Am Nopeschland Frankräich. Do huet sech bei de Primairesen deen Mann duerchgesat, deen  am Fong mat kloren, wann och onbequemen Aussoen Campagne gemaach huet. De François Fillon huet net gezéckt, d'Saachen esou ze soen, wéi se sinn, an och keng Versprieche gemaach, déi net ze halen sinn. Des realistesch an och éierlech Approche ass menger Meenung no d’Haaptursaach fir seng dach iwwerraschend Dominanz bei de Virwahlen, un deenen méi ewéi véier Milliounen Fransousen deelgeholl hunn.
     
    Et gëtt am Fong nëmmen een méiglecht Rezept fir ee politescht Ofrëtschen a d’Extremer ze verhënneren, an dat ass eng Réckbesënnung op dat, wat an der  Politik eigentlech misst gemaach ginn: Problemer richteg erkennen. Léisungen proposéieren. An entspriechend handelen. Wann d’Leit den Androck kréien, dat déi politesch Klass iwwer hir Käpp a laanscht si regéiert, geschitt genee dat, wat elo an den USA passéiert ass.
     
    D’Ironie dobäi ass, dat domat puer vun deenen Leit, déi fir grave Problemer an gesellschaftlech Dysfonctionnementer verantwortlech waren, mat no uewen gespullt ginn. Kuckt een dem Trump seng Lescht vun enksten Mataarbechter an Memberen vun senger Administratioun kann een den Afloss vu bestëmmter Säit kloer erkennen. Ech nennen hei nëmmen Goldman Sachs. Den Afloss vun den Investment-Banker am Wäissen  Haus gëtt beim Trump esou staark ewéi ni. Dat seet vill aus iwwer déi politesch Linn vun deem, deen den klengen Amerikaner versprach huet, hiert Liewen ze verbesseren. - Ween huet dann an de leschten Joerzéngten dofir gesuergt, dat vill vun dëse Leit vill vun deem verluer hunn, fir dat se e Liewen laang gespuert haten? – Dem Trump seng Frënn.
     
    Nun sollt een och dem President Trump eng Chance ginn. Ëmmerhin huet en  schonn bei e puer vun sengen graffen Verspriechen ee Réckzéier gemaach. Hoffentlech geet dat esou wieder. Den Phänomen Trump sollt d’Politik allerdéngs net op di liicht Schëller huelen. Et besteet Ustiechungsgefor.
     
    An hoffentlech ginn an anere Länner weider déi richteg Konsequenzen an der Politik gezunn, fir déi eegen  Glafwierdegkeet ze stäerken. Ee gudde Schrëtt wor hei den ugekënnegte Réckzuch vum franséischen President Hollande. Nee soen, ass net einfach. An dach muss dëst heiansdo sinn. Och an der Politik.
     

    3 min
  • Carte Blanche: Laura Zuccoli, 02/12/2016

    Déi Mobiliséierung vu Jonken an Eeleren ass fantastesch, zemol, wou si an enger Zäit könnt, wou ee geduecht hat, et géif praktesch kee sech méi engagéieren. Des Benevollen wölle Mënschen hëllefen. Ob dat aus etheschen oder politesche Motiver ass, si all wëssen, wéi wichteg et ass zu Lëtzebuerg zesummenzehalen an do wou Politik net genügend Mëttel asetzt, anzesprangen.
    Keng Sonndesrieden gi gehalen, keng Kommentaren iwwert eis sozial Netzwierker gepost fir schlecht Stëmmung opkommen ze loossen, nee des Benevollen hunn einfach hir Zäit, hir Kompetenzen, hiirt Härz an hier Intelligenz fir anerer bereet gestallt.
    An wiem sinn se begéint?
    Einfach Mënschen, wéi mir alleguer der sinn; dem Elektriker vun Damaskus, der Schoumeeschtech vun Aleppo, dem Usträicher vu Kabul, déi bis elo anescht ewéi mir gelieft hunn. Zum Deel méi religiés, well si des Reliositéit an hirem Land als Referenzwäert zënter Joerhonnerte kannt hunn. Mais, si hunn grad ewéi mir déi selwecht fundamental mënschlech Grondwäerter vun Hëllefsbereetschaft, Zesummenhalen vun der Famill, Léift, Barmhäerzegkeet fir Leed vun Aneren, Dankbarkeet fir Hëllefsbereetschaft. Wann een dëse Leit begéint a sech Zäit höllt, op si anzegoen, erkennt ee villes Gemeinsames och wann et äusserlech aneschters gelieft gëtt.
    Si se dann wierklech esou verschidden. Neen !
    Zu Lëtzebuerg war d’Liewen, d‘Behuelen vun eisen Urgousselteren och vu Regelen geprägt, déi aus der Religioun an enger Baueregesellschaft komm sinn. Lues a lues sinn déi Regelen a Fro gestallt a geännert ginn.  
    D’Flüchtlingen maachen vill Efforten, fir eng, zwou vun eisen Sproochen ze leieren, fir eens ze ginn an dësem fir si dach ganz friemen Ëmfeld, fir sech esou schnell et geet deem Land, dat si empfaangen huet, unzepassen an dankbar ze weisen. Bei verschiddenen, haaptsächlech, bei dene Jonken geet dat erstaunlech séier. Anerer brauche méi Zäit!
    All di Lëtzebuerger an och ganz vill Net Lëtzebuerger, di hir Zäit an Energie an deem Sënn hierginn an dobäi esou vill Positives erliewen, soen dat ëmmer erëm. Ob si kulturell Aktivitéiten ubidden, Sproochen ënnerriichten, Leit bei sech ophuelen.. si sinn iwwerrascht, wéi natierlech Leit aus zwou verschiddenen Kulturwelten sech openanerzoubewegen an hei d’Chancen fir e weidert Zesummeliewen entstinn.  
    D’Oeuvre Grand Duchesse Charlotte huet an deem Sënn eng immens grouss Verantwortung iwwerholl. Si huet Projeten fir dëst Zesummeliewen finanziell ënnerstëtzt.  Et sinn 60 Projeten entstanen, déi all eisen Awunner ze Gutts kommen – Flüchtlingen, sozial Schwaachen a Résidents.
    Elo ass et awer un der Politik déi Schrëtter an Moossnamen ze huelen, fir dass all des Efforten, vun alle Säiten net verluer ginn, fir dass dee finanziellen an juristesche Kader geschafe gëtt, deen néideg ass. Aus den Erfahrungswäerter bei eis oder aus dem Ausland kann sech d’ Integratiounspolitik bei eis inspiréieren
    Zivilgesellschaft huet hir Verantwortung geholl an Engagement an Imaginatioun gewisen – Politik muss an der Integratiounspolitik elo nozéien!   

    4 min
  • Carte Blanche Tom Bellion, 30/11/2016
    Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit
     
    Eng Carte Blanche hunn, dat heescht am Allgemengen, dass een all Pouvoir'en huet an sech u kee Kader, also u keng Grenze brauch ze halen.
     
    Mee keng Angscht, ech wëll och dës Kéier elei net komplett iwwert d'Streng schloen. An ech wëll och direkt betounen, dass ech guer näischt géingt Leit hunn déi mat Hënn spadséiere ginn, Vëlo fueren, bei de Bäcker oder bei Metzler ginn oder mam Bus wëlle fueren.
     
    Mäi Papp huet mir ëmmer gesot : "Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit". Dat ass jo u sech ee flott Leitbild fir eis Gesellschaft, an dat kéint och haut nach Bestand hunn.
     
    An dem Kontext si mir awer déi lescht Zäit eng Partie Situatiounen opgefall, déi ech géif gären, beispillsweis mat Iech deelen a wou ech mech gefrot hunn, ob et nei Grenze ginn, oder ob verschidde Matbierger eng permanent Carte Blanche hunn.
     
    Ugefaange mat folgender Situatioun : et ass ee mat sengem Vëlo op engem offizielle Vëloswee ënnerwee, wou all puer honnert Meter ee Schëld hänkt wou drop steet "Haalt Ären Hond w.e.g. an der Gitt". A genee do begéint da Matbierger, déi hiren Hond un der laanger Léngt halen oder fräi lafe loossen, wat da méi oder manner geféierlech Momenter fir de Vëlosfuerer an den Hond kënne ginn.
     
    Oder déi Vëlosfuerer, déi mengen si hätten de Wee fir sech gepacht obwuel do och Foussgänger dierfe goen. An déi dann ouni Virwarnung vun hannen un engem laanscht flitzen, esou dass ee kräfteg erschreckt a bal mat ewech gerappt gëtt.
     
    Anert Beispill: an der file d'attente beim Metzler, beim Bäcker oder beim Bus. Do ginn et ëmmer nees Leit, déi méi presséiert a respektlos si wéi anerer a sech ouni Schimmt virdrécken.
     
    Mee wahrscheinlech sinn dat dote just ee puer Eenzelfäll déi mir eleng an engem kuerzen Zäitraum passéiert sinn, a vläicht gëtt ee mam Alter jo einfach méi wonnerlech op esou Punkten?
     
    Mee et ginn awer nach aner Situatioune wou an eiser Gesellschaft permanent Grenzen iwwerschratt ginn oder neier gesat ginn. Ech denken do besonnesch un dee risege virtuelle Stammdësch dee mir Facebook nennen.
     
    Ech wëll betounen, dass ech do och mol mat dru sëtzen, well ech denken, dass dat ee flott Kommunikatiounsmëttel ass, dat eis modern digital Zäite markéiert.
     
    Mee trotzdem sinn ech muenchmol bass erstaunt wéi Leit sech do iwwert hir Grenzen ewech setzen, an domadder mengen ech déi fachlech Kompetenze grad wéi déi vun Héiflechkeet, Respekt an aner Werter.
     
    An ech well mol guer net vun de Commentairen op verschidden Internetsite schwätzen, déi wäit iwwert dee gutt gemengten, kritesch-konstruktiven Diskussiounsbäitrach erausginn, notamment wat d'Forme ugeet.
     
    Stinn ech dann elo ganz eleng do, wann ech mengen, dass et am Moment schéngt cool ze si wa Matbierger sech an hirem Ëmfeld Grenzen eraushuelen, op Käschte vun aneren ?
     
    Vläicht sinn ech och nach net - oder net méi - fit, fir domadder ëmzegoen, dass den Individualismus, gekoppelt mat enger gesonder Portioun Egoismus a Populismus, de Gesellschaftsmodell vun der Digitaler Ära ass?
     
    Oder soll ech dann net einfach esou maache wéi mäi Papp sot ?
     
    Maach wéi d'Leit, da geet et Dir wéi de Leit ?
     
    (c) Tom BELLION
    30. November 2016
     

    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 30/11/2016
    Carte Blanche Economique – PwC – 2016/2017 – Nummer 5: Déi grouss Steierreform

    RTL: Rezent gouff an der Press vill iwwert d’Steierreform wéinst dem faméisen Avis vum Staatsroot geschwaat. Wéi muss een d’Reform vun der Regierung dann elo verstoen?
    François Mousel: D’Steierreform ass en deiert Wahlgeschenk. Et kann een weisen, dass d’Erliichterungen fir d’Privatpersounen genau do usëtzen wou den lëtzebuerger Ménage médian sëtzt waat besteierbart Akommes ugeet. Dass a gudden Zäiten och nees eppes bei d’Leit zréck kënnt mecht à priori Sënn, déi wichteg Fro ass awer: sinn dëss gudd Zaiten nohalteg?

    RTL: Waat meéngt Dir domadder?
    François Mousel: Nunn, am Moment hun mir am Haushalt en Iwwerschoss an daat mëttelfristegt Budget’s Ziel vun der Regierung ass (seit Abrëll 2016) en strukturellen Defizit vun 0,5%. Dann kënnt een mengen: alles am gréngen Beräich an et gëtt Sputt. Daat ass och haut esou. Muer awer wärten d’Iwwerschëss vun den Sozialversecherungen erof goen (besonnesch bei den Pensiounen). An d’Nohaltegkeet vum Defizit vun 0,5%, esou wéi en berechent ginn ass vun der Eurpäescher Kommissioun, sëtzt déi berühmten Awunnerzuel vun 1,1 Milliounen Awunner viraus. Daat heescht, wann mer haut Steierern ausdeelen, verdaamen mer eis zu enger nach mei agressiver Wuesstumspolitik. Wëllen mer daat?

    RTL: Gëtt et Alternativen?
    François Mousel: Um Papéier schon. An enger Zait wou een sech Froen iwwert d’Solidaritéit tëschent den Generatiounen stellt an wou fir e Land ewei Lëtzebuerg massiv Investissementer op eis duerkommen, kinnt e klengen Staat ewei Lëtzebuerg e Maximum Reserven opbauen fir dëss zukünfteg Ausgaben ze tätegen an nët direkt alles nees un d’Leit verdeelen. Mee et ass ermiddend dem Wieler esou eppes ze erklären, surtout op Facebook an op Twitter. D’Reform vun den Gesellschaftsstéieren hätt een sech ganz kënnen spueren déi kinnt esou guer kontraproduktiv ginn, wann d’Steierbasis mei schnell erop geet ewei den Taux erof geet. Schued dass et keen besseren Wee ewei en Avis vum Staatsroot gouff, daat ze kommunizéieren.

    2 min
  • Carte Blanche Richard Graf, 28/11/2016

    De Finanzminister mengt, seng Steierreform wier di gerechtsten, déi Lëtzebuerg jeemools gemaach hätt. Wahrscheinlech ass dat esouguer net falsch, well bis elo war zu Lëtzebuerg dat Wuert Steierreform gläichgesat mat Steierofsenkungen virun allem fir déi, déi vill Steieren bezuelen.
    Mat Ausnahm vun enger Rei - revidéierbaren - handwierklechen Feeler, wéi am Fall vun mono-parentalen Familljen, schéngt di aktuell Steierreform tatsächlech e bësschen méi gerecht ze sinn, wéi déi virdrun. Doduerch, datt am ieweschten Akommes-Segment zwou Steiertranchen derbäi kommen, ass di historesch Tendenz gebrach ginn, de Spëtzesteiersaz ëmmer weider ze senken.
    D'Bewäertung fält scho manner positiv aus, wann een d'Konterpartie vum Zukunftspak mat a Rechnung stellt. Eng Rei vun Ännerungen hunn hei derzou gefouert, datt bei bestëmmten Kategorien vu Leit däitlech manner am Portmonni ukomm ass, wéi virdrun. Och wann elo de Steierbonus eropgeet, dierft d'Rechnung an der Zomm fir Familljen mat Kanner an ënneschten Akommes-Beräicher sécher alles anescht als gerecht empfonnt ginn.
    Virun allem awer vergësst dës Steierreform, genau wéi déi vu virdrun, wierklech all Aarten vun Akommes gläich ze behandelen. Zënsen op Récklagen oder Dividenden op Aktien, zum Beispill, ginn mat 10 respektiv 20 Prozent besteiert. Si dauchen an der Rechnung vum besteierbaren Akommes guer net méi op. Aner Revenuen, wéi zum Beispill d'Gewënner um Verkaf vun Aktien, ginn guer net consideréiert. Vergiessen mer och net d'TVA-Erhéijung, déi jo och alles anescht wéi sozial gestaffelt ass.
    Wann een dann och nach déi niddreg Grondsteier an déi inexistent Verméigenssteier derbäi kuckt, da weess een, datt di aal Regel vum Sozialstaat, nodeem déi, déi sech besser stinn, proportional méi zu de Steieren bäidroen, ab engem gewëssen Niveau zu Lëtzebuerg net méi stëmmt.
    Spéitstens säit dem leschte Freideg wësse mer och, datt e groussen Deel vun eisem Steierakommes ënnert dem Stréch budgetstechnesch zwar äusserst rentabel, gesamtwirtschaftlech awer ruinös ass. De Recetten duerch den sougenannten Tanktourismus vun 2,1 Milliarden pro Joer stinn Depensen vu 3,5 Milliarden entgéint. Depensen, zum Beispill wéinst den gesondheetlechen Konsequenzen vum knaschtegen Diesel, falen zwar zu engem ganz groussen Deel net zu Lëtzebuerg un. Et wier awer net nëmmen onverantwortlech, dëst einfach ze ignoréieren, et wier och zimlech naiv ze gleewen, datt eis Noperen déi Rechnung net och iergendwann géifen maachen.
    Eng wierklech Steierreform misst also zumindest dës zwee Defien mat eneen ugoen: D'Steierlaascht esou verdeelen, datt déi, di Kapassitéit hunn méi bäizedroen, dat och wierklech maachen; an gläichzäiteg dem Réckgang bei den Akzisen net nëmmen nokucken mä offensiv den Ausstig aus dem Tanktourismus bedreiwen.
    D'Steierlaascht wäert also tendenziell an Zukunft éischter erop goen. Grad dowéinst ass et wichteg eng sozial gerecht Verdeelung vun de Steieren an Ugrëff ze huelen, an zwar ier eis di nächst béis Iwwerraschung de Spillraum dofir nach méi kléng mécht.

    4 min
  • Carte Blanche Astrid Lulling, 25/11/2016

    A leschter Zäit gëtt vill iwwer d’Zukunft vun eisem Land diskutéiert. Ech gehéieren zu deenen, déi sech echt Suerge maachen, well, trotz deem gudde Wuesstem vun eiser Economie an den héije Steierrecetten,  den Defizit vum Staat sech 2017 an 2018 am Vergläich zu dësem Joer méi wéi verduebele soll - vu 407 Milliounen 2016 op 983 Milliounen 2017 an 943,5 Milliounen 2018.
    Eis Staatsschold, déi  haut iwwer 5x méi héich ass wéi 2005, soll trotz där gudder Konjunktur an deenen zolidde Recettë vum Staat och nach weider an d'Luucht goen - vun haut  12,3 op bal 16 Milliarden Euro 2020.
    Stellt Iech vir, Dir géift esou hause wéi eise Staat, dat heescht Dir géift, obschonn Dir  méi erakritt, nach méi Schold maache fir Saachen unzeschafen, déi Dir Iech net leeschte  kënnt an déi Der  och  net wierklech braucht fir anstänneg ze liewen. Da géift Dir jo zolidd iwwer Är Verhältnisser liewen, an dat geet an d'Box.                

    Well ech mech bal 50 Joer a mengem politesche Liewe mat Wirtschafts- a Währungspolitik befaasst hunn, weess ech, dass e Staat ,  wann et wirtschaftlech schlecht  geet, Schold maache ka fir Investitiounen, déi  d'Wirtschaft ukuerbelen  an d'Beschäftegung erhalen an esou guer verbessere sollen.  

    Mä an enger gudder Konjunktur weider Defizit an nach méi Schold ze maache fir méi auszedeelen un déi, déi genuch hu wéi z. B. am ëffentleche Secteur, fir deene Kaddoen ze maachen,  déi se net brauchen, ass politesch onverantwortlech, besonnesch  vis-a-vis vun de jonke Leit vun haut a vu muer.
    Mat där Meenung sinn ech net isoléiert. Ëmmer méi Leit mat Verstand a Courage,  an der Majoritéit an an der Oppositioun halen dee Paradigmewiessel  vun der Regierung a punkto Finanzpolitik fir  geféierlech fir Zukunft vum Land.

    Aus den Avisë vu Beruffschamberen, vum Staatsrot,  vun der Cour des comptes an och vum Conseil national des finances publiques zum Staatsbudget 2017 geet dat däitlech ervir.  Leider gëtt et ze vill Politiker, nach méi Gewerkschaftler a selwer ernannte Vertrieder vun der Zivilgesellschaft déi dës kuerzsiichteg Begléckungspolitik, déi zu ëmmer méi Defizit  am Zentralstaat an ëmmer méi Staatsschold féiert, guttheeschen an esouguer feieren.

    Méi onverantwortlech  a méi kuerzsiichteg geet et net.

    Nach e lescht Wuert zu der geplangter Steierreform. Méi zolidd Steierentlaaschtungen verdéngen  virun allen Wittfraen a Wittmänner mat Kanner an Enkelkanner, déi an de Steiergrupp 1a  versat  an da vun haut op muer scho bei enger besteierbarer Rent  vun 2500  Euro de Mount bal duebel esou vill Steiere bezuele mussen wei  virdrun. Awer bis zu engem Bruttoakommes vun 20.000 Euro de Mount soll et nach Steiererliichterunge ginn. Dat ass  ongerecht. Do muss nogebessert ginn.


    4 min
  • Carte Blanche Gilles Hempel, 23/11/2016


    -----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
    Wann mir der Wunnengsnout wëlle meeschter ginn, da brauche mir Terrain’en fir drop ze bauen. Mee déi, déi op dem knappe Gutt setzen, wëllen en net hier ginn. Mol net fir vill Suen. Well si mengen, dass si muer oder iwwermuer nach méi Sue fir hier Terrain’en kréien. Fir hei déi néideg Expropriatiounen duerchzesetzen, fehlt et leider un politeschem Courage.
    Ech hunn mech gefrot ob et dann net eng aner Méiglechkeet gëtt fir un déi Terrain’en ze kommen?
    Bei menge Recherchë sinn ech dunn op ee Konzept gefall, wat zu fréieren Zäite bei Hongersnout ugewannd ginn ass. Oft, no schlëmme Kricher, wann d’Leit naicht méi ze iessen haten, well vill Felder braach louchen. Dat, well vill Baueren am Krich gefall waren an d’Erbfolge nach net gekläert wor. Dunn ass een higaangen an huet déi Felder un een anere Bauer zwangsverpacht, deen si da bewirtschafte konnt. Sou ass deemools d’Hongersnout bekämpft ginn.
    Lo hunn mir zu Lëtzebuerg keng Hongersnout, mee Wunnengsnout. An dofir géif ech gären  doriwwer diskutéieren, op een dee Model vun der Zwangsverpachtung net och kéint benotze fir d’Wunnengsnout ze bekämpfen.
    Konkret kéint dat folgendermoossen ausgesinn:
    Een ongenotzte Bauterrain gëtt, no enger vernünfteger Frist, un een öffendleche Bauträger zwangsverpacht. Do ginn dann Wunnengen drop gebaut an zou gënschtege Konditioune verlount. Den Terrain selwer bleift am Besetz vum Proprietaire, deen och weiderhi vun der Plus-value profitéiert. Well doremms geet et him jo. Zousätzlech kritt hien eng jäerlech Pacht, vun deem, deen säin Terrain entwéckelt. Hien kann säin Terrain och weiderhin zou all Moment verkafen. Entweder um freien Marché oder direkt un säi Pächter, deen him garantéiert, den Terrain zu all Moment zum übleche Marchéespreis ze kafen. De Proprietaire steet duerch déi Mesure also besser do wéi virdrun a kann sech net beschwéieren.
    D’Zwangsverpachtung vu Bauterrain’en ass deemno ee Konzept vun deem jiddweree profitéiert. De Proprietaire kritt een zousätzleche Revenu. De Staat an d’Gemenge kréien déi néideg Bauterraien’en an d‘Leit dobaussen eng gënschteg Wunneng.
    --------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
     

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners