RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Fernand Fehlen, 03/02/2017


    Dëst Argument baséiert op enger falscher Iddi, nämlech datt d'Resultat vum Sproochenunterrecht haaptsächlech vun der Zäit ofhänkt, déi een dran investéiert. Natierlech brauch een Zäit fir eng Sprooch ze léieren an ze üben. Mee dat ass nëmmen ee Facteur. Vill méi wichteg ass d'Motivatioun an d'Method.
    An der Geschicht vun der Lëtzebuerger Bildungspolitik ass keng Fro méi debattéiert ginn, wéi d'Method vum Franséischunterrecht. Am 19. Joerhonnert sinn zwou Methoden ënnerscheet ginn: déi grammatesch an déi praktesch. En Unhänger vun där zweeter huet 1871 geschriwwen: "Il faut parler aux enfants la langue qu'on leur enseigne." Haut wäert wuel kee méi dëse Saz a Fro stellen. An trotzdeem héiert een ëmmer nees Echoen, datt d'Kanner ze fréi mat ze vill komplizéierte Regelen an ausgefalene Wieder gestriizt ginn. Esou guer de Minister Meisch huet gesot, datt „dat wat an onsen offiziellen Texter steet, oft keng Relevanz [huet] fir dat, wat an der Schoul geschitt“. An den Texter steet och, datt d’Franséisch eréischt soll am drëtte Schouljoer geschriwwe ginn, „mä déi meescht [Enseignanten], déi maachen et awer schonn am Laf vum 2. Schouljoer“, seet de Minister.
    Vill Schüler hunn no laange Jore Franséischunterrecht nach keng Aisance an där Sprooch. Mee wat vill méi schlëmm ass, si hunn e regelrechten Haass op d’Franséisch entwéckelt.
    Am Däitsche sinn d’Resultater zwar besser. Zumindest bei de Lëtzebuerger Mammesproochler. Mee och do huet een d'Impressioun, dat den zäitlechen Opwand a kengem Verhältnis zum Resultat steet. Vun Enseignanten aus dem Lycée héiert een, datt kaum nach e Schüler no Cinquième Progrèsen am Däitsche mécht. Déi meescht sinn dann op engem Kompetenzlevel ukomm, mat deem se zefridde sinn.
    Ech sinn iwwerzeegt, datt een déi allgemeng Kompetenz an dësen zwou Sproochen an och am Englesche verbessere kéint, wann een d'Grondschoul radikal nei organiséiere géif, mat Lëtzebuergesch als Haaptunterrechtssprooch, fir der aktueller Schoulrealitéit Rechnung ze droen. Well haut ass d‘Lëtzebuergesch, déi Sprooch, déi als Kommunikatiounssprooch am meeschte präsent ass, souwuel am Klassesall, wéi och am Schoulhaff. Firwat soll een se dann net och als Unterrechtssprooch méi asetzen? D'Majoritéit vun de Kanner hunn dës Sprooch als Friemsprooch an der Spillschoul geléiert. Firwat sollen se dann am 1. Schouljoer, wann et un d’Liesen an d‘Schreiwe geet, mat enger neier Friemsprooch, dem Däitschen, geplot ginn. Dat mécht pädagogesch kee Sënn. 

    3 min
  • Carte Blanche, Astrid Lulling, 01/02/2017


    Dir wonnert Iech vläit, datt ech haut iwwer e Problem vun Etiquettéierung vu Wäin an der europäescher Unioun schwätzen. An der E.U. an an der Welt gëtt et jo vill grouss Problemer mat Trump,Brexit et j'en passe iwwer déi ech vill ze zielen hätt. Och bei eis gëtt et zolidd Suergen duerch ëmmer méi  Staatsschold fir ëmmer méi Cadeauen ze finanzéiere fir Leit, ë.a. an der Fonction publique, déi se net brauchen.
    Ech war erstaunt,wou mech virun e puer Deeg de Präsident vun den europäesche Privatwënzer aus Frankräich ugeruff huet, deem ech als Präsidentin vum Intergroup Wäin am E.P.  gehollef hat, seng europäesch Organisatioun op d'Been ze setzen. Hien ass op de Barrikaden, well se an der europäescher Commissioun,déi jo de J.C. Juncker presidéiert, am gaange sinn un enger neier Reglementatioun ze bastele fir dass op den Etiquett vun de Wäifläsche missten Informatioune stoen iwwer Ingredienten an nutritionnell  Kapazitéiten.

    Dat konnte mer virun 2011 am Europa-Parlament verhënneren, wou och schonn an der europäescher Commissioun Virschléi ausgeschafft ware fir eng Reglementatioun, déi eigentlech fir Liewensmëttel geduecht war, och fir de Wäin virschreiwen.

    Dat krute mer Gott sei Dank verhënnert an dat soll och weider esou bleiwen.
    Wat op den Etiquette vun de Wäifläsche stoe muss, ass um europäesche Plang zolidd geregelt, esou wuel wat technesch Normen, oenologesch Praktiken, Produktiounsmethoden, Alkoholgehalt, Allergenen, asw. ugeet.

    Et muss gewosst sinn, datt et am Wäisecteur an der E..U.  zegdausend Familljebetriber a kleng Cooperative gëtt, déi hir Drauwen an hire Wäi  produzéieren a verkafen.  Déi obligéieren all Joer, well jo d'Qualitéit vum Wäin op Grond vum Wieder
    z. B. changéiert, nei Analysen an nei Etiquetten ze maachen, ass eng Bürokratie,déi esou deier wéi iwwerflësseg ass.

    Den Här Juncker ass jo 2014 als Kommissiounspresident ugetratt mat dem Verspriechen all  Iwwerreglementatioun ze  verhënneren. Elo huet en eng Geleeënheet ze beweisen, dass en dat och mécht a  verhënnert, dass seng Commissioun Virschléi mécht déi derzou féieren, dass bei all Wäifläsch geschwënn e Bäipak-Ziedel wéi bei de Medikamenter muss sinn.

    Sécher, de Wäin ass och eng Medezin, wann e mässeg mä regelméisseg konsuméiert gëtt. Dat däerfe mer awer net op d'Etiquette schreiwen, z.B. dass 2 bis 3 Glieser Wäin den Dag dee beschte Préventif géint Häerzinfarkt, Kriibs an Demenz ass.

    Ech hoffen, dass et am Här Juncker senger Commissioun genuch Verstand a Courage gëtt fir ze verhënneren, dass bei deenen nächste Walen, besonnesch am Frankräich, zegdausend Wënzer,  bei d’Marine Le Pen iwwerlafen, well se duerch iwwerdriwwen europäesch Reglementer riskéieren, hir Existenz ze verléieren.

    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 01/02/2017
    FRO : De Bankesecteur mécht weltwäit vill Verännerunge mat, wei zitt Lëtzebuerg sech do aus der Affaire?
    Et ass richteg dass de Bankesecteur eng ganz Rei Verännerunge muss verschaffen déi zum Deel staarken Drock ob hire Business Modell maachen. Dat ass zum engen déi schonns zanter Jore ganz niddreg Zënsen, déi zwar eng flott Saach fir de Konsument sinn, awer d’Profitabilitéit vun de Banken drécken. Gläichzäiteg ass Reglementatioun an der Suite vun der Bankekris verschäerft ginn, souwuel national wei och international. Diskussioune ronderëm Steiergerechtegkeet an als Konsequenz och en ofschafe vum Bankgeheimnis huet mat sech bruecht dass vill Lëtzebuerger Banken hunn misse fundamental iwwert hier Strategie nodenken. Dat huet mat sech bruecht dass d'Unzuel vun de Banken an de leschte 5 Joer zréck gaangen ass.  
    FRO : Wei gesitt Dir dann Zukunft vun der Platz zu Lëtzebuerg?
    Lëtzebuerger Bankeplaz ass eigentlech net schlecht opgestallt fir Zukunft wann mer et fäerdeg bréngen eis weider ze adaptéieren. Do ginn et eng Rei Pistë wei zum Beispill de Fintech, als europäeschen Hub vu Chinesesche Banke mais awer och als Back Office vun der Fongenplaz. Och am Kader vum Brexit gesinn ech Chancen dass mer vu Relokalisatiounen aus England profitéiere koennen.
    FRO : Könnt der den Aspekt Fintech en bëssen elaboréiere weg?
    Jo, gären. Lëtzebuerg huet et verstanen sech an dem Sektor ze etabléieren duerch eng exzellent Infrastruktur engersäits an en Regulateur de séier ob déi Verännerungen a Besoin’en vun dem spezielle Sektor, de virun allem aus Startups besteet agaangen ass. Sou schafft zum Beispill Paypal mat enger Lëtzebuerger Bankelizenz, mais awer och Rakuten, de gréisste japaneschen Operateur am Beräich Fintech an e-commerce huet elo zanter mett Januar dëst Joer Lëtzebuerg zu sengem europäeschen Hub gemaacht. Déi traditionell Banke reagéieren och a setzen ëmmer méi ob Kooperatiounen a Partnerschafte mat dësen oft nach jonke Start ups.


    2 min
  • Carte Blanche Ben Fayot, 27/01/2017

    Auschwitz steet fir de Muerd vu sechs Milliounen Judden, vun honnert dausenden vu Sinti a Roma, Homosexuellen, Mënschen mat Gebriechen an Handicap, d.h. vun all deene Mënschen, déi dem Nazi-Rassenwahn vum völkesch rengen Arier net entsprach hunn.
    Auschwitz steet och fir Ausgrenzung, Verdreiwung, Spoliatioun an Entwierdegung vu Mënschen, deenen hir Relioun, hir Kultur, hir Nationalitéit an hir Liewensweis der wäisser Härerass net gefall hunn.
    An Auschwitz steet fir den totale Krich an eng erbaarmungslos Diktatur.  
    Nom zweete Weltkrich huet d’Weltgemeinschaft a besonnesch Europa d‘Theorien, déi zu där Katastroph gefouert hunn, konsequent bekämpft.
    Et wär awer eng Illusioun ze mengem, déi wären definitiv ee fir allemol verschwonnen.
    Nach ëmmer gëtt et Leit an Europa, déi d’Verbriechen vun den Nazien entschëllegen.  
    Et ass scho laang keen Tabou méi ze behaapten, et wär den Holocauste iwwerhaapt net ginn. Säit Joerzéngten mécht de Le Pen a Frankräich Witze mat der Vergasung  vun de Judden. Seng Partei fënnt dofir Zoustëmmung vun engem Véierel vun de franséische Wieler.
    Am haitegem Däitschland si rietsextrem Parteien erëm salonfäeg.  Aal an nei Nazien ruffen zum Haass an zu Verbriechen géint Asylanten an Auslänner op.
    Jo, et gëtt erëm an europäesche Länner Auslennerhaass, Antisemitismus, extremen  Nationalismus an autoritär Parteien.
    Elo schonns ass de Krich géint ons fundamental Wäerter am gaangen.
    Den islamisteschen Terror féiert e bluddege Krich géint ons frei Zivilisatioun.
    Eng rietsextrem Allianz entwéckelt sech géint d’europäesch Unioun vu Frankräich bis Däitschland iwwer Groussbritannien.
    Hire Krich gëtt mat infamen Ligen an nationalistescher Hetz gefouert. De Brexit ass d’Resultat dovun. En notzt kengem, och Groussbritannien net, a schued alle Länner vun Europa.
    Dat autoritäert Russland wëllt dat freit Europa schwächen an de Kontinent no sengen nationalen Virstellungen ëmkrempelen.
    Iwwer Europa ewech gi weltwäit d‘Leit mat falschen Noriichten fanatiséiert. Et sinn gutt organiséiert Internetsitten, déi dëse Krich féieren andeem se an  demokratesch Wahlen agräifen.
    D’USA ass en erschreckend Beispill dofir, wéi sech iwwer dee Wee eng nationalistesch Politik duerchgesat huet.
    All dee Wouscht vun völkeschen, autoritären an nationalisteschen Theorien, deen an den Zwanzeger an drësseger Joren an Däitschland zur Hitlerdiktatur, zum Iwwerfall op kleng a grouss Länner an Europa an zum Holocaust gefouert huet, lieft nach ëmmer weider.
    Dofir muss op dësem Gedenkdag ëmmer op en neits gewarnt ginn.
    Trotz eenzele Kritiken un der europäescher Zesummenaarbecht musse mer dobäi ëmmer un d’Haaptsaach denken.
    Dat ass de Fridden duerch d‘ Zesummeschaffen vun den europäesche Länner. Dat ass d’Sécherheet vun Europa. Dat ass de Respekt vun de Mënscherechter fir e Liewen a Fräiheet, Toleranz a Solidaritéit.


    3 min
  • Carte Blanche, Patrick Michaely, 25/01/2017

    Wéivill waren et der dann elo? Just 250.000 wéi eng Partie vun der Press et duerstellt huet oder awer anerhallef Milliounen wéi den Här Trump selwer mengt erkannt ze hunn. Oder souguer nach méi, souvill wéi nach ni, an domat basta. Fuerdert mol de Pressespriecher vum Trump. Well gleewen, däerf ee jo kengem, virun allem net der béiser Press.

    Also, wann ee bis elo nach net verstanen huet, wat mam Wuert vum Joer "postfaktesch" gemengt ass, krutt ee mat dëser bizarrer Geschicht an den éischten Deeg vun der Trump-Ära schonns direkt e Schoulbeispill geliwwert. Selbstverständlech kënnen Tatsaachen alternativ erkläert oder interpretéiert ginn, d'Realitéit léisst sech domadder awer net änneren. 250.000 Leit gesinn aus engem gewësse Wénkel eventuell och no 500.000 aus, vläicht och no 1 Millioun, bleiwen awer ëmmer nach just 250.000 Leit.

    Elo krut d'Welt am Kader vun dësem Klengkrich tëscht Trump an der Press gläich en neien Absurdum mat geliwwert, dee leider versprécht d’Politik vun den nächste Jore matzebestëmmen: d’Begrëfflechkeet vun den “alternative facts”. Dës Wuertkombinatioun héiert sech un wéi “virtuell Realitéit”, an esou kontradiktoresch kënnt et engem mëttlerweil och tatsächlech vir. Wann héichrangeg Perséinlechkeeten aus dem Donschtkrees vum amerikanesche Staatschef mat Iwwerzeegung plädéieren – obwuel et sech fir vill Leit éischter wéi puren Zynismus unhéiert - datt et duer geet einfach "aner" Tatsaache wielen ze kënnen, fir e Problem aus der Welt ze schafen, da versprécht dat näischt Gutts fir eng zukunftsfäheg Demokratie, déi op Kompromiss, Differenzéierung, Dialog an engem respektvolle Mateneen opbaut.

    Tatsaach Klimawandel? Gëtt et net. Tatsaach Evolutioun? Kann net sinn an enger vu Gott designter Welt. Tatsaach Immigratioun als positive Wirtschaftsfaktor? Op kee Fall, d’eegen Haut geet vir.

    An esou Zäiten vun Onsécherheeten an enger ongehemmter Radikaliséierung, sinn elo grad Muséeën a soss Kulturhäiser opgefuerdert, ze weisen, datt d’Kultur ons trotz allem méi verbënnt wéi trennt. An den USA haten um Inauguration Day vum Trump eng honnerte vu Kënschtler a Konschtkritiker zum "J20 Art Strike" opgeruff, fir domadder géint “d’Normaliséierung vum Trumpismus a sengem gëftege Mix aus wäisser Virherrschaft, Fraefeindlechkeet, Friemefeindlechkeet, Militarismus an oligarchescher Herrschaft” ze protestéieren. Eng Rei vu Muséeën hunn tatsächlech aus Protest zougemaach, anerer hu par contre deen Dag d’Leit gratis eragelooss.
    Mat e bëssen Ironie ass bei onsen däitschen Nopere bemierkt ginn, datt d’Angela Merkel op hir Manéier demonstrativ matgestreikt a sech d’Trump-Show doduerch erspuert hätt, datt se en neie Musée inauguréiert hätt. Ma, Recht hat se!

    Muséeën, déi erklären an net verklären, kënne Leit rondrëm e Wierk, en Objet, eng Geschicht, eng kuratéiert Sammlung dozou bréngen d'Differenzen tëscht Meenungen, Kulturen a Leit z'akzeptéieren. Si si sécher Plazen, déi et erlaben Saachen a Rou nieft wëllfrieme Mënschen unzekucken, an dat ouni Konfrontatioun. Wëll et ass dëse Virwëtz, deen et ons erlaabt, besser ze verstoen, wee mir si a ween déi aner sinn. Gitt méi an d’Muséeën!

    * De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

    3 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil, 23/01/2017
    Vill Leit déi en Deel vun hierem erspuerte Geld an Aktien, Obligatiounen  oder Investmentfongen investéiere wëllen, drécken och oft de Wonsch aus ze wësse wat mat hierem Geld konkret geschitt.
    Do ginn et zwou Alternativen
    Esou kann de Spuerer ganz einfach refuséieren a Gesellschaften ze investéieren déi z.B. Waffen hierstellen, Kasinoe bedreiwen oder gesondheetschiedlech Produkter op de Maart bréngen, an der Hoffnung datt déi aner Gesellschaften déi positiv Saït vun der Economie duerstellen. Dat ass eng Approch déi op dem “Ausschlussverfahren” baséiert. De Compensatiouns Fong vum Lëtzebuerger Pensiounssystem verfollegt esou eng Politik vum “Ausschlussverfahren”. An eiser komplexer Welt ass et oft ganz schwéier esou Gesellschaften ouni Zweiwel ze identifizéieren an trotz gréisster Suergfalt ginn awer Investissementer gemaach déi duerno a Fro gestallt ginn.
    An de läschte Joere ass duerfir den “Impact Investing” opkomm, eng  Approche déi ganz zilorientéiert virgeet. Hei gëtt bewosst nëmmen a Gesellschaften investéiert déi Aktivitéiten hunn, déi een novollzéibaren a besonnesch ee moosbaren Impakt op d'Ëmwelt, d'Energie Produktioun, op d'Landwirtschaft oder op nei Produktiounsmethoden mat sech bréngen, an doriwwer eraus och nach Gewënn erwirtschaften. Et ass eng Tendenz déi zënter kuerzem vu villen internationalen Gremien, bis hin zum G8, ganz aktif ënnerstëtzt a gefërdert gëtt. Och déi ganz grouss international Fongegesellschaften kommen elo ëmmer méi mat esou Finanzprodukter op de marché, fir där staarker Nofro vu private Leit a vu grousse Gesellschaften wéi Assurance a Pensiounsfongen nozekommen.
    Secteure wou vill esou “Impact Investing” gemaach gëtt, sinn  z.B. déi nohalteg Landwirtschaft, d'erneierbar Energie, d'Mikrofinanz, d'Gesondheet, de Fair Trade a nach vill méi. Et ass eng Form vu responsabelen Investissementer déi musse kommen,  wa mer eis Aart a Weis ze liewe méi nohalteg wëlle gestalten.
    Et verlaangt och vum Spuerer sech besser a méi geziilt ze informéiere wéi wann en an aner Gesellschaften investéiert. Dat selwecht gëllt och wann en a Fongen investéiert déi esou eng Investment Politik hunn. De Spuerer wier och gutt berode fir selwer an d'Aktionäersversammlungen ze goen fir hei am Dialogue mat de Responsabele vun deene Gesellschaften ze lauschteren, wat si maachen a wat hier Pläng fir d'Zukunft sinn. De Spuerer soll eng aktiv Roll anhuelen an och net zécken séng Meenung zum Ausdrock ze bréngen wann en et fir néideg fënnt.  Well  et ass schon e bëschen Engagement verlaangt.
    Ëmgekéiert ass et och noutwenneg datt déi Gesellschaften an deenen investéiert gëtt eng ganz cibléiert, standardiséiert a liicht verständlech Informatioun verëffentlechen déi den Erwaardungen vun de Spuerer entsprécht.
    Den “Impact Investing” kann eng ganz einfach Method duerstellen déi et jidder Spuerer erlaabt fir konkret a mat klenge Schrëtt een nennenswäerten Impakt ze erreechen.

    4 min
  • Carte Blanche Roland Pinnel, 20/01/2017

    War Der och an d’Vakanz? Oder besser gefrot: war Der och op d’Vakanz? Ech mengen déi Vakanz vum leschte Week-end, de Salon «Vakanz» an der Luxexpo um Kierchbierg.  Hie war ganz flott an hat trotz deenen zum Deel ongënschtege Wiederbedingungen e grousse Succès.

    D’Stänn vun den Exposante ware wonnerbar erausgefiizt. All Aussteller an all Destinatioun huet sech vun der Schockelassäit gewisen. Ee wollt deen aneren a senger Duerstellung iwwertrompen.

    A propos Destinatioun an Duerstellung. Hutt Der och dee schéine Stand, fir net ze soen dee schéine Pavillon, vu Lëtzebuerg gesinn? E war wierklech gutt geroden a mir hunn eis mat deem neie Visuell exzellent presentéiert.  Mir hunn - wéi huet et scho méi dës lescht beim Virstelle vun eiser Participatioun un der Weltexpo zu Dubai geheescht ? Mir hunn - Lëtzebuerg verkaf. Mir haten zwar viru ronn 150 Joer schonn eng Kéier een, dee Lëtzebuerg verkafe wollt. Dat wëlle mer jo haut bestëmmt net méi. Beim Dubaier Beispill war wuel gemengt: mir wëllen  d’ D e s t i n a t i o u n  Lëtzebuerg  verkafen. Am Fachjargon heescht dat: mir maachen «Destination sales».

    Esou wäit, esou gutt.

    Mee, ass Iech op dem Salon « Vakanz» opgefall, wéi mer eist Land mat sengen touristesche Regiounen neierdéngs duerstellen?

    Et gëtt zanter dem leschte Joer eng touristesch Regioun, déi heescht ewell «Guttland-Zentrum/Westen». Wann et also eng  Regioun gëtt, déi esou heescht, da misst et eigentlech  logescherweis och nach e Guttland «Zentrum/Norden» ginn; an eent  «Zentrum/Süden» an och nach eent  «Zentrum/Osten». Dat gëtt et awer net. An dat ass och gutt esou, well dat wär komplette Mumpitz.

    Wat awer d’Billerkëscht bei den Touristen trotzdem nawell allerhand duerchernee bréngt, ass folgenden Ëmstand: et gëtt jo scho souwisou am Land eng geografesch oder geologesch – nennt et wéi Der wëllt – Géigend, déi «Guttland» heescht. Grad esou wéi et eng Géigend gëtt, déi  «Éislek» heescht. An zum Guttland gehéiert nun eben net nëmmen déi erwähnten touristesch Regioun «Guttland-Zentrum/Westen», mee dozou gehéieren och nach déi dräi aner touristesch Regiounen, déi do heeschen «miselerland», «Mëllerdall» an «Terres Rouges», nieft och nach der Stad.

    Fazit : Fir d’Leit net ze verkuerbelen, wär et net schlecht gewiescht, de Begrëff «Guttland» do ze loossen, wou en  higehéiert. Nämlech an de geografesch/geologesche Beräich an net an d’Denominatioun vun enger vun de véier touristesche Regiounen, déi et am «Guttland» gëtt.

    Dat hätt bestëmmt dem Guttland an dem Land gutt gedoen. Och an ebe beim Verkafe vu Lëtzebuerg. Pardon, beim Verkafe vun der touristescher Destinatioun Lëtzebuerg.

    3 min
  • Carte Blanche, Paul Rauchs, 18/01/2017
    Wat huet d’Wahl vum Trump mat der Qual vun eiser Sprooch ze din ? Ma deen een gët um Enn vun der Woch als neien amerikanesche Präsident vereedegt, waehrend iwer déi aaner am Ufank vun der Woch an der Chamber debattéiert gin ass. Dee gewielten Präsident wëllt eng Mauer tëschent Mexiko an Amerika bauen, waehrend nët gewielte Letzebuerger eng Mauer opriichten  wëllen tëschent hirem Dialekt engerseits, an der deitscher a franzéischer Sprooch aanerseits. Mé dat staarkt Amerika huet et genau esou wéineg néideg protektionistesch a populistesch ze reagéieren wéi daat staarkt Letzeburgesch dat nach nie vun esou ville Leit geschwaat a verstaane gouf. Deen een ass vun énger Minoritéit vu weisse protestantesche Männer gewielt gin, déi aaner gët vun énger Minoritéit vu katholesche Maenner baal wéi eng Fussballsequip ugefeiert. Well wat sin da baal 15000 Ennerschrëften déi Lëtzeburgesch als Amtssprooch verlaangen, géint méi wéi geschaetzt 300.000 Bierger déi dëss Sprooch all Dag doheem, op der Aarbecht, am Bistrot an heiandsdo zugour am Buttik schwetzen ? Eng geschwetzeg Minoritéit wëllt also Letzeburgesch zu énger langweileger Amtssprooch maachen, waehrend eng schweigend Majoritéit hire Schrëftsteller a Matbierger vertraut Lëtzeburgesch als eng léiweg Sprooch all Daag erëm nei ze erfannen.

    Wann ech dat Wuert Amtssprooch héieren dénken ech fir d’aller éischt emol un amtlech « Bekanntmachungen » déi vill vun eis nach a onglécklecher Erënnerung hun. Neen, ech wëll méng Mammesprooch nët zur Amtssprooch degradéieren well si mer vill ze schoud an, wéi den Herr Welter sot, ze helleg ass fir se am Courrier mat allméigleche Verwaltungen ze verhonzen. Iwréins haale verschidde gléweg Juden et aehnlech mat hirem Hebraischen. Méng Mammesprooch ass wéi all Sprooch reich a verschiddenen Domänen an ass blann a stomm wat aaner Themen ubelaangt. Eis Mammesprooch ass wéi all Sprooch nët komplett, ënner aanerem wëll si justement kéng Amtsprooch ass a bis an d’19. Jorhonnert och kéng Schrëftsprooch war.


    D’Psychanalyste soen eis dass de Fetischismus neischt aaneres ass, wéi dëse Manktum vun der Mamm a vun hirer Sprooch verstoppen ze wëllen. Mir sollen eis also hidden e Fetisch aus eiser Sprooch ze maachen. Juristen, Schrëftsteller, Soziologen, Enseignant’en a last but not least och Ekonomisten gin dann och nët midd eis ze soen wéi onsënneg, jo wéi suicidär et wier, den Amtsschimmel op lëtzeburgesch wiehern ze loossen. An dem Sënn : mir wëlle schwëtze wat mer sin a wëlle beileiwen kéng Hochstapler gin déi e geliftent a botoxéiert Kauderwelsch imposéiert kréien. Mat esou 14 000 Frënn brauch eis Sprooch kéng Feinden méi.




    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 18/01/2017
    …No der consumer an user experience, geet haut ëmmer méi rieds vun der employee experience. Réckelt den Employé nees méi an de Mëttelpunkt?
    Et gesait ganz esou aus.
    Bei der „employee experience“ geet et ëm all d’Beréierungspunkten tëscht dem Betriib an sengem Mataarbechter. De Mataarbechter soll erëm an de Mettelpunkt vun allen Aktiviteiten gesaat ginn.. ..a seng Entwécklung duerch nei, innovativ Aarbechtsméthoden aktiv géreiert an ennerstetzt gin. D’Objektiv vun dëser méi geziilter Gestioun ass dem Mataarbechter seng Experienz – also sain Alldaag vum eischten bis de leschten Aarbechtsdaag – (mei) positiv ze gestalten.
    Dat heescht, hei ass de Personalbüro gefuerdert!?
    Dat ass richteg.
    E gutt Beispill wei d’employee experience ka verbessert ginn, ass duerch d’Digitaliséirung. Si verännert wéi mer zesumme schaffen a mateneen kommunizeieren. Mee natiirlech och wei en Employee ka géreiert an encadréiert ginn. Doduerch komme vill Verännerungen op den Employé duer, an d’Betriiber mussen dofier suergen daat se des Transformatioun gutt hikréien.
    An do ass den „département“ vun de „Ressources Humaines“, e wichtegen Akteur, deen an der Tëscht nach vill méi eng strategesch Roll huet. An enger rezenter Etude vu PwC bestätegen 80% vun de Firmen-Responsabelen datt hier Personal-Aktiounen an der Firmenstrategie intégreiert sinn an am Mëttelpunkt vun den Transformatiounsproje‘en vun de Betriber stinn.
    Wéi prett sin eis Betriiber dann haut?
    D’Ressources humaines, an d’Betriiber am grousse Ganzen zu Letzebuerg, si sech den neien Défi’en (scho) bewosst, mee (deser étude no sin) nëmmen 6% vun de Befroten (sinn) der Meenung datt hiere Betrib eng staark digital Maturiteit („maturité digitale importante“) huet. Ëm déi 60% soen souguer, datt si (nach/guer) keng „digital“ Agenda hunn.
    Do bleiwt also nach genuch Loft no Uewen fier d’Digitaliseierung an domadder och d’Employee Experience ze optimiseieren.
    2 min
  • Carte Blanche Marc Schiltz, 16/01/2017
    “Wat ass Wourecht?” huet schonns virun 2000 Joer den Pontius Pilatus gefrot.
    Am Kontext vum Brexit an der Wahl vum Donald Trump gëtt villfach vun enger Zäit vu “post-Wourecht” geschwat. Dee Begrëff ass zum Wuert vum Joer am Oxford Dictionnaire gekürt ginn. Post-Wourecht oder post-faktesch dat ass eng Astellung wou Fakten an etabléiert Kenntnisser einfach op d’Säit gedréckt ginn.
    Beispill Klimawandel: D’Klimafuerscher weltwäit hunn iwwer déi leschte Joren eng Onmass un Donnée gesammelt an analyséiert. Si hunn hir Analysen mat anere verglach, geigenseitesch kritesch hannerfrot, een huet deem anere seng Analyse versicht ze reproduzéieren.
    D’Konklusioune si mëttlerweil eendeiteg: De Klimawandel ass eng Realitéit, an en ass och mat vum Mënsch verursaacht. Méi wéi 97% vun de Klimafuerscher weltwäit stëmmen dëser Konklusioun zou.
    An dach hu mer elo ee President vun der mächtegster Natioun op der Welt, deen dat einfach niéiert. Et gëtt gemaach wéi wann et just eng Glawensfro wier: Klimawandel, entweder d’gleeft en drun oder net. A wann net, dann huet et och keng Realitéit.
    An da kommen nach déi üblech Strategen, fir sech selwer an anerer ze iwwerzeegen: Donnéeën an Analysen gi selektiv gekuckt; Pseudo-Experten ginn aus dem Hutt gezaubert, an alles dat wat engem seng Iwwerzeegung net géif konforméiere gëtt denigréiert.
    Mir mussen awer net onbedéngt esou radikal Beispiller ewéi de Klimawandel an den Donald Trump uféieren.
    Hei bei ons, féiere mer am Moment erëm eng Diskussioun iwwert eent vun onse Lieblingsthemen: d’Plaatz vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft. Mee och heizou gëtt et mëttlerweil zimlech detailléiert an komplett Donnéeën, déi ënnert anerem vum STATEC erhuewen ginn. An d’Sproochfuerscher op der Uni Lëtzebuerg hunn déi Donnéeën méi genau analyséiert a kommen zu engem méi nuancéierte Resultat, dass Lëtzebuergesch eng ganz vital Sproch ass. Ëmmer méi Leit schwätze Lëtzebuergesch. Ëmmer méi vun onsen auslänneschen Matbewunner léiere Lëtzebuergesch. Et kann also keng Ried dervu sinn, dass ons Mammesprooch riskéiert ënner ze goen.
    D’Fuerschung berout grondsätzlech op Fakten, op bewisen Resultater. Sie entwéckelt sech weider, well ee Fuerscher sech, natierlech mat engem kritesche Bléck, op Resultater vun anere Fuerscher baséiere kann. Des Fuerschungsresultater, déi ëmmer rem iwwerpréift ginn an iwwert eng länger Zäitspan erreecht goufen, kennen dozou bäidroen, iwwert d’Fuerschung eraus gesellschaftspolitesch Entscheedungen ze motivéieren an ze ënnermaueren

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners