RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Robert Goebbels, 20/03/2017

    Haut schwätzen mir nëmmen Lëtzebuergesch, esou richteg vun der Long op Zong. Ouni esou onverständlech franséisch Wierder ewéi Baguette oder Croissant, Champagner oder Camembert.

    Mir vergiessen de „Mobbing“ beim „Job“, feieren „Party“, fueren man „Nigth Rider“ an en „Drive In“, „tasten“ e „Cocktail“, een „Bloody Mary“, een „Sex on the Beach“. Mir iessen e „Burger“ mat „Ketch-up“, „French Fries“  oder „ Fish and Chips“. Mat „Dressing“. An drenken  Coke.  Oder Béier „lite“.

    Op „Smart-Phone“ oder „Tablet“ kucken mir ons „Mail“, sin op „Facebook“, „Twitter“, „Instagram“. Dank „Google“ an der „Software“ vun „Windows“ sin mir „connected“. Merci „Hot City“.

    Et ass „Weekend“. Eng „Newsletter“ op onsem „E-Book“ mellt: „Love to travel“.  D’ „Information Society“ ass „on the move“.

    Iewer „Booking“ reservéeren mier „Last Minute“ bei enger „Lowcost“ fir ee klenge „Spring break“ mat „Sightseeing“, „Entertainement“, „Body-Building“, „Wellness“, „Stretching“ a „Peeling“.

    „Swimming Pool“, „Mountain-Biking“ an „Nordic Walking“ sin och virgesin. Dat get „cool“. Schnell nach a „Selfie“!

    Fir den „Airport“ „booken“ mir „on line“ bei „Uber“,   „Executive Line“ oder „Web-Taxi“. Mir kënnten och de „Cool Bus“ oder e „Multiplicity“-Bus benotzen. Oder de „Connecting People“-Bus.

    Am „Tax Free“ gett et nach „Shopping“. All „Bargain“ ass gutt! Dat spuert ons „Cash“.

    „Breaking news“ op dem „Smart-Screen“: Onse „Champ“ as am „Cup-Final“: „Goal, Goal, Goal“, en „Hattrick“, de „Keeper“ 3 Mol geschlo’en, no „Corner“ an „Penalty“. Dono eng „Reality Show“ mat „Stars“ an „Oldies“.

    Laut RTL-„Background“ setzt d’Politik op „e-Government“. „Marketing“ as „in“. Onse „Business-Model“ as „digital“, mier stin op „Big Data“, „Smart Cities“, „Smart Homes“, „Techno-Ports“ an „Clusters“. Alles no „Brain-Storming“ mam Rifkind.

    Dofir gëtt et elo „Nation Branding“. A „Space-Mining“, well mir gin „Cyber“. Dat ass eréischt de „Beginning“ vun der „Smart Economy“, alles „Bottom up“ mat den „Prosumers“, den „Smart-Meter“, de „Block-chains“ an  „Bit-Coins“.

    D“Hit-Parade“ vun der „Digital Economy“ get ugefé’ert vun „Clout-Computing“, den „FinTech“ an aner „Startup“. Dofir hun mir an „House of Finance“. Fir de „Coaching“ get et en „One-Stop-Shop “.


    „Small is beautiful“. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger... Ouni „Brushing“, „Styling“ an aneren franséischen „Make up“. „Let’s make Luxembourg great again“. Wien brauch schonns d’ Fransousen oder d’Preisen? Bayern München a „mia san mia“ ass onsen Ideal.

    Oder dach net ???

     







    4 min
  • Carte Blanche Robert Urbé, 17/03/2017

    Den Incubateur 6zero1, wou ee vun den Aktionären d’ULESS ass heescht esou, well en déi éischt SIS ass, déi des Woch hiren Agrément krut. Wien ass d’ULESS? A wat ass eng SIS? Eng SIS ass e Statut deen duerch e Gesetz vum 12. Dezember 2016 geschaf gouf, an dee fir Entreprises sociales, awer och am kulturellen an am Ëmweltberäich kann ugeholl ginn.
    D’ULESS, d’Union luxembourgeoise de l’économie sociale et solidaire regruppéiert ronn 250 Memberen aus der Sozialéconomie, mat ronn 20.000 Beschäftegten, wat zwee Drëttel vum gesamte Secteur duerstellt, deen 8% zum Bruttoinlandprodukt bäidréit.
    Fir d’ULESS ass, och der europäescher Definitioun no, eng Entreprise sociale eng, déi stellt entweder e Produit hier oder leescht en Service, dee fir benodeelegt Leit eng Hëllef ass, oder awer si bedeelegt an engem “normale” Prozess benodeelegt Leit bei der Hierstellung vum Produit oder der Bereetstellung vun der Déngschtleeschtung.
    Do kënnt dann derbäi, datt en eventuelle Bénéfice net ausgeschott gëtt, mee am Betrib bleift an investéiert gëtt, fir weider derzou bäizedroen, den Zweck ze erfëllen.
    An dann ass et wichteg, datt et fir dee Produit oder déi Déngschtleeschtung e Marché gëtt, also Clienten, déi de Produit brauchen oder wëllen, an datt et ee gëtt, deen och de Produit oder d’Dengschtleeschtung bezielt. Dat muss net de Client selwer sinn! Wann also z.B. fir d’Bereetstelle vu Schlofplazen an engem Foyer fir Obdachloser de Staat bezielt, oder awer fir Kannerbetreiungsplazen an enger Maison relais, dann ass dat de Fall. Do gëtt da gären dervu geschwat, datt dat jo da vum Staat subventionéiert Betriber sinn. Dat ass awer falsch: de Staat subventionéiert net d’Betriber, mee d’Leit déi dee Produit oder déi Déngschtleeschtung brauchen, an déi sech selwer dat net leeschte kënnen, oder net sollen, well de Staat der Meenung ass, datt d’Allgemengheet déi Käschte soll droen. Et géif ee jo och ni vun enger Apdikt soen, dat ass e subventionéierte Betrib; an awer bezielt deejéinegen, deen do akeeft och nëmmen ee klengen Deel vum Präis.
    Da gëtt et awer selbstverständlech och där Betriber, wou de Staat de Fonctionnement vum Betrib selwer zum Deel oder ganz finanzéiert. Dat geschitt dann, fir e bestëmmten Nodeel auszegläichen, deen dëse Betrib vis-à vis vun aneren huet, z.B. doduerch, datt e Leit beschäftegt, déi manner produktiv sinn, oder déi méi Encadrement brauchen asw. Et ass also net sou, dass hei déi staatlech Subventioun géif zu enger Verzerrung féieren, Stéchwuert “Concurrence déloyale”, mee déi staatlech Subventioun gläicht eng bestoend Verzerrung, en Ongläichgewiicht aus, fir de Marché an eng Balance ze bréngen.
    Ouni sou staatlech Interventioune géifen sou Betriber net kënnen existéieren, géifen déi Mënschen déi Hëllefen, déi se brauchen, net kréien, wier eis Welt méi aarm.
    Fir géint d‘Aarmut zu Lëtzebuerg an an der Welt ze kämpfen brauche mer vill verschidden Dispositiver, a brauche mer ënner anerem och d’Economie sociale et solidaire!

    4 min
  • Carte Blanche, Marc Hostert, 15/03/2017

    D‘Initiative “Pulse of Europe” ass vun der däitscher Koppel Röder Enn 2016 gegrënnt ginn. Ziel ass et dem europäeschen Gedanken erëm eng Stemm an en Gesicht ze ginn an domat deenen verschiddenen  populisteschen Parteien den Wand aus den Seegelen ze huelen oder op mannst net eleng den Terrain ze iwwerloossen.
    Des Initiative huet den Grënner no keng parteipolitesch Zieler. Hier Haaptidee ass et  dat Leit sech no baussen zu Europa bekennen sollen fir dass no den Walen an den Länner wo momentan Walen ustinn  pro-europäesch Parteien d ‘Regierung bilden kennen.
     Der Biergerbewegung “Pulse of Europe”  hier Approchë ass eng atypesch, eng déi opfält an déi Gefiller zouléisst: Mënscheketten ginn gebillt, den europäeschen Fändel gëtt gewisen an ugehaangen, et gëtt  keng offiziell Rieden mäi en offenen Mikro fir jiddereen an um Schluss vun der Manifestatioun gëtt Europa-Hymne gespillt. Dat ganzt gëtt iwwer déi sozial Medien organiséiert ouni groussen Opwand.
    Et ass eng sougenannten “Graswurzelbewegung” déi vun ënnen no uewen leeft - bottom-up -  mat enger pro-europäescher Zielsetzung.
    D ‘Leit déi matmaachen sinn net naiv an och keng Europa-Romantiker an  gesinn Europa och kritesch. Hier generell Astellung ass awer dat Europa mat sengen Wäerter wei Solidaritéit, Fridden, Grondrechter an Pressefräiheet et derwäert ass op Strooss ze goen an sech zou Europa ze bekennen.
    Vill vun dësen Europäer wënschen sech eng méi grouss europäesch Integratioun, en Schrëtt no vir, fir en Europa dat och seng Bierger schützen an verdeedegen kann. D ‘Leit wëllen awer och Reformen vun dem aktuellen Europa.
    Dësen 27 Mäerz feiert d ‘Europäesch Unioun den 60. Gebuertsdag vum  Traité vun Rom. Parallel duerzou huet den Jean-Claude Juncker als President vun der Kommissioun en Wäissbuch iwwert Zukunft vun Europa mat 5 Szenarien bis 2025 publizéiert.   
    Mir hunn deemno  eng gemeinsam europäesch Integratioun‘s Geschicht vun 60  Joer op déi mir als Lëtzebuerger besonnesch stolz kennen sinn.  Mir hunn 5 Zukunft-Scénarien um Dësch leien an eng Majoritéit vun Bierger an villen Länner wëllen en Schratt no vir maachen. Des Elementer mussen mer bündelen fir een ganzt doraus ze maachen.
    Als Bierger vun Europa mussen mer déi  Chance nëtzen an eis zu Europa bekennen an dorëms bekëmmeren.
    Et ass héich Zéit dat Pro-Europäer erwächen an soen wat se wëllen!        

          
     (Follow me on Twitter and Facebook  at: @marchostert)

     


    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 15/03/2017
    Enger rézenter Etude vum Statec no, ass Letzebuerg op eischter Plaatz waat d’Croissance/de Wuestëm/d’Opokommen? vun sozialen Entreprisen („Betriiber“) betrefft. Kennt dier eis dozou mei soen?
    De Global Entrepreneurship Monitor weist effektiv daat den Entrepreneuriat hei am Land generell (staark) um wuessen ass. Sou ass Zuel vun Entrepreneuren zu Letzebuerg 2015 em 10,2% gewuess (bai just 7,1% 2014). Letzebuerg ass mat 7.4% souguer op Nummer 1 an Europa waat d’Proportioun vun Social Entrepreneurs (vun der Erwuessenenpopulatioun) betrefft. [Irland ass 2. mat 4.9% an Daitschland wait hannen mat knapps enner 1%]
    Wat versteet een dann eigentlech ënner (dem terme) “social (sozialem) Entrepreneur”?
    Dat ass en entrepreneur oder e Betriib dee sech geziilt enger sozialer oder gesellschaftlecher Problématik unhëlt, an am „intérêt général“ Leisungen zu deenen Problemer sicht. Den Ënnerscheed zu enger klassescher asbl. (oder ONG) ass virun allem awer och daat des Betriiber e finanziell viabelen Modell sollen hun deen hinnen et ermeiglecht – zu Mindest à terme – onoofhängeg vun externem Finanzement ze sin.
    Fokaliseieren sech des „social business“ dann op spezifesch Domainen?
    Gängeg Themen sin nohalteg Finanzen, „inclusion sociale“, besseren Accès op Verpflegung/Gesondheet, an Proje’en fier d’Reduktioun vun der Pollutioun an dem gaspillage alimentaire.
    Ganz konkret gin et eng sëlleg Besipiller. Mier haaten virun Kuerzem bei PwC eng international Konferenz zu dem Thema organiseiert an do war e Mann deeen hat eng ganz verreckt Business-Idee. Hien huet vu Klengem un eng Passioun fier Raaten. Gouf dowéinst awer oft komesch bekuckt. Iergendwann huet hie sech gefrot waat e keint sennvolles mat senge Raten maache fier daat d’Leit sie (an hien) besser geifen akzepteieren. A relativ schnell huet hien erausfonnt daat d’Raten ganz spezifesch Fähegkeeten hun, notaemment e ganz ausgeprägten Détektiouns- a Gerochs-sënn. De Mann huet et du färdeg bruecht seng Raaten sou ze traineieren daat si Landminnen an Tuberculos détecteieren kënnen, waat se och mat Erfollegg an Afrika maachen. Woufier Maschinnen an/oder Menschen Deeg oder Wochen brauchen, (daat) kennen seng Raaten innerhalb vu Sekonnen a Minuten. Sou droen sie – an dem Entrepreneur sai Betriib – dozou bai Krankheeten mei schnell ze entdecken a Liewen ze retten.
    Kommen mer zreck op Letzebuerg. Daat heescht och hei deet sech eppes?
    Jo ganz kloer. Emmer mei Leit a Betriiber verspieren de Besoin sech sozialen a gesellschaftleche Problemer ze stellen. Ech perseinlech sin der Meenung daat mer des Zort vu weltwaiten Problemer net de Regierungen an den ONGen iwwerloossen kennen mee daat och de Privatsekteur – d.h. d’Betriiber, grouss a kleng, an d’Entrepreneueren – neier wei gestaanener – muss säi Baitraag leeschten an aktiv gin. Nëmmen sou kennen mer Problemer wei d’CO2 Pollutioun oder deidlech Epidémien/Krankheeten mat Succès bekämpfen.
    3 min
  • Carte Blanche, Laurent Schley, 13/03/2017
    Heiando héiert ee reaktionär Stëmmen, och zu Lëtzebuerg, déi op eng méi oder och manner subversiv Manéier d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra an der Gesellschaft a Fro stellen. Dobei gi bewosst Saache vermëscht: Gender-Theorie, Fraequot, Feminismus… De Feminismus gett diskreditéiert, andeems en als reliéis Ideologie dohigestallt gett.

    An Zäiten, an deene “fake news” an “alternativ Fakten“ Tromp sinn, wier et sënnvoll sech nees op d’Etymologie, also op den ursprénglechen an eigentleche Sënn vun de Wierder ze besënnen.

    D’”Gender-Theorie” oder “théorie du genre” geet zréck op de laténgesche Begrëff “Genus” , deen als éischt Bedeitung “Kategorie, Typ oder Aart“, a réischt als zweet Bedeitung “Geschlecht” huet. Nodeems den Term fir d’Éischt um Enn vum 19. Jorhonnert gebraucht gouf, entfaalt sech d’Konzept vun den “études du genre“ an de 50er Joren am psychiatreschen a medezinesche Milieu. Ab de 70er gouf de Begrëff “Genre” dann heefeg vu Feministinne gebraucht, fir ze beweisen, datt d’Ongläichheeten tëscht Männer a Fraen éischter op sozial, kulturell an ökonomesch Facteuren zréckzeféire sinn wi op biologesch Differenzen.

    Wubäi mer da beim Feminismus wieren. Wee Feminismus als Relioun bezeechent, ignoréiert bewosst, dass 1. de Feminismus eng Beweegung ass bei där et ëm d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra geet, di op d’Emanzipatioun vun der Fra ziilt, op hir Gläichstellung mam Mann an der Gesellschaft, an ignoréiert 2. dass op där anerer Säit d‘Reliounen, virun allem di monothéistesch, sech nierwt dem Glawen un een iwwernatierlecht – a wuel männlecht – Wiesen duerch eng jorhonnertelaang Ënnerdréckung an Diskriminéierung vun der Fra auszeechnen, zum Deel och nach haut. Et muss een also feststellen, datt di zwee Begrëffer Feminismus a Relioun net méi widderspréchlech kéinte sinn.


    Feminismus ass keen Interesseveräin vu frustréierten, psycho-sexuell gestéierten oder frigide Fraen. Et ass eng humanistesch an opkläreresch politesch Bewegung vu Fraen a Männer, déi reell Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft wëlle verschwannen dinn.

    Dass déi Stëmmen, di d’Gläichstellung vu Mann a Fra a Fro stellen, aus dem monotheistesch-reliéise Milieu kommen oder deem politesch staark verbonne sinn, ass net verwonnerlech. An genau dat weist, dass ee muss oppassen, dass déi gesellschaftlech Errungenschaften a  Westeuropa, di géint den erbatterte Widderstand vun de Reliounen an hiere politeschen Acolyten erkämpft goufen, elo net nees vu deenen an d’Viséier geholl ginn. Et heescht deemno vigilent bleiwen.


    Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

    Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
    Mitglied European Humanist Federation (EHF)
    Mitglied Alliance for a Secular Europe
    Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)


    3 min
  • Carte Blanche Marc Glesener, 10/03/2017
    Wochelaang ass et hin an hier gaangen am Nopeschland Frankräich, wou d’Affaire Fillon de Walkampf am Virfeld vun den Presidentiellen kloer dominéiert. Et huet esou ausgesinn ewéi wann den Kandidat vun der Droite an dem Centre kuerz virum Aus géif stoen. An dunn de Revirement. Seng Partei an seng politesch Famill stinn elo nees hanner  him, ewéi wann näischt geschitt wier.
     
    Näischt geschitt. Deen Androck dierften d’Fransousen wuel kaum hunn. Ronderëm d’Beschäftegung vum François Fillon senger Fra ass enquêtéiert ginn an et kennt elo zu enger mise en examen. Dat ass net näischt. Dofir dierften et Grënn ginn.
    Dat schlëmmst un der Saach, an där d’Onscholdsvermuddung natierlech gëlle muss, sinn awer d’ëffentlech Reaktiounen  vum Fillon. Deen huet vun „assassinat politique“ geschwat, d’Aarbecht vun der Justiz direkt a Fro gestallt an am Prinzip de Wielerwëllen iwwer d’Urteelsverméigen vun der Justiz gestalt. Am Fong geet dat net an ass eng Rhetorik, déi ferme un dat erënnert, wat déi Despoten vun sech ginn, déi momentan esou schaarf an der Kritik stinn. Ech denken u Leit ewéi Putin oder Erdogan. Bref, an senger Wuertwahl war de Fillon definitiv donieft.
     
    Dobäi kennt eng Aart a Weis vun ëffentlechen Aussoen, déi beim Donald Trump Schoul maachen. Stéchwuert „Fake News“ an „Alternative Facts“.
     
    Do behaapt de François Fillon dach net einfach esou am Journal vun France 2 et wieren 200000 Leit op säin Meeting komm. D’Police schwätzt vun 40000 an op d’Platz vum Event passen der grad emol 50000. An dann déi Saach mat den supposéierten Berichter vun Tëleessender iwwer den erfonnten Selbstmord vu senger Fra. Virun lafenden Kameraen reecht sech de Fillon iwwer esou een Stil vun Attacken an de Medien op. Fakt ass, dat bis elo kee Sender fonnt ginn ass, deen esou eng Meldung verbreet hat.
     
    Am Fong ass et onerhéiert esou ze argumentéieren an Saachen esou aus evidenten Grënn ze verdréien. Alternative Facts schafen, dat ass net nëmmen eng Saach vum Trump a sengen Leit. Bleift ze hoffen, dat des Aart a Weis de politeschen Debat ze verfälschen an ze verdréinen net weider op Europa iwwergräift. Besonnesch a Wahlkampfzäiten besteet de Risiko, dat genee dat geschitt. Hoffentlech ginn dann all déi kleng Trumpen an Trumpinnen enttarnt an hir Ligen opgedeckt. An dat ass a bleift virun allem eng Aufgab vun der Presse, déi wéi keen aneren an der Flicht steet, géint“ „Alternative Facts“ an „Fake News“ virzegoen an de Léit d’Wourecht seet. Déi richteg Wourecht eben.

    3 min
  • Carte Blanche, Paul Estgen, 08/03/2017
    Wat genau ass déi Studie déi « European Values Study » genannt gëtt ? An den 70 Joren hunn en puer Sozialwëssenschaftler vun groussen Uni aus onsen Nopeschlänner sech zesummen gesat, mat der Iddi vir besser ze verstoen wat dann déi europäesch Wäerter sinn, aus dem dat Europa , dat dunn am Opbau war, sech géif begrënnen. Si hunn dunn gemeinsam eng grouss Enquête entworf, vir déi wichteg Liewensberäicher ze beliicht. Fro ass wat d’Léit sech vum Liewen erwaarden, vun wei eng Prinzipien si sech leeden loossen an un wat si gleewen. Doduerch dass een Froen zu den Beräicher Famill, Aarbecht, Relioun, Moral, Politik, Engagement, Zougehéieregkeet, europäesch Konstruktioun an och Immigratioun gestallt huet konnt een Zesummenhäng novollzéien an sou global Liewensastellungen erausschielen.
    Déi Enquêten déi an all Länner, mat dem selwechten Froebou gemaach goufen, hunn et erlaabt vir Regioune, Länner an Gruppen ze vergläichen. An vu dass se all 9 Joer gemaach gëtt kann een och déi grouss Gesellschaftsentwécklungen novollzéien.
    Lëtzebuerg huet 2 mol un dësem Projet deelgeholl. 1999 war et den SESOPI, haut den CEFIS, deen d’Etude gemaach huet, an 2008 war et den CEPS, den haut den LISER heescht.
    Och vir Lëtzebuerg sinn sou Enquêten extrem wichteg, well et ons erlaabt en « objektiven » Bléck op ons Gesellschaft ze werfen, an Zesummenhäng vun den existenziellen Liewensberäicher an Liewenssituatiounen ze erklären.
    En Beispill : wann mer haut iwwert d’Froen vun dem Réckhalt vun den demokrateschen Prinzipien an der Lëtzebuerger Gesellschaft diskutéieren ass et jo mol wichteg ze wëssen wat d’Bierger zu dem Thema denken. Wann dann awer en Deel vun der Bevëlkerung seet dass Demokratie keen gudden System ass (1999 waren dat ëmmerhin 7% vun der Bevëlkerung) dann ass et gutt ze verstoen wien déi Leit sinn an wat Zesummenhäng mat deenen aneren Liewensberaïcher sinn. Wei positionéiert dësen Grupp sech zu Froen vun der Aarbecht ? Wei gesinn dës Léit hier Identitéit, hiert Zesummeliewen an enger multikultureller Realitéit ? An Zäiten wou et staark populistesch Stréimungen an ganz Europa ginn, ass dat sécher en wichteg Element vir wann een eng Politik zur Stäerkung vun der Demokratie wëllt op d’Been stellen.
    En anert Beispill : Relioun ass jo sécher en gesellschaftspolitesch Thema zu Lëtzebuerg. Mee et ass schwiereg ze diskutéieren an ze argumentéieren, wann een sech net eens ass iwwert d’Situatioun. Ween gleeft un wat zu Lëtzebuerg ass jo mol en zentral Fro ? An ass den Glawen verbonnen mat den aneren Liewensberäicher, wei zum Beispill Froen zu Famill, zum Engagement, zur politescher Zougehéieregkeet, an sou weider. Wei eng Verännerungen ginn et bei dem Thema,  doduercher dass d’Generatiounen sech ofléisen an dass mer zu Lëtzebuerg eng staark Immigratioun hunn ?
    Sou Etuden, och wann se vill kaschten erlaben et den gesellschaftspoliteschen Discours an der Realitéit ze verwuerzelen. Wann mer haut grouss Beräicher vun onser Gesellschaft wëllen reforméieren, dann ass et wichteg ze verstoen wei d’Bevëlkerung doriwwer denkt, wat déi kulturell Wäerter sinn, déi dat gesellschaftlechen Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg erméiglechen.
    Ech bedaueren em sou méi, dass, no den Informatiounen déi ech hunn, Lëtzebuerg bei déi neier Oplo vun dëser Etude net dobäi ass. Et ass em sou méi schued well mer domadder den Investissement vun 1999 an 2008 net weiderfeiere, wat et den Sozialwëssenschaftler zu Lëtzebuerg erschwéiert vir ze kucken wei eng grousse Gesellschaftsverännerungen et an den leschten 20 Joren ginn huet. An sou turbulenten Zäiten wär dat net nëmmen interessant , mee extrem wichteg vir d’Zukunft vun Lëtzebuerg virzebereeden. Mee villäicht fënnt sech jo eng Equipe an eng Finanzéirungsméiglechkeet, beim LISER, op der Uni oder am Statec deen des Enquête kann maachen an et sou erlaabt en bessert Bild vun der Gesellschaft an onser Kultur an dësen Zäiten vun groussen Ëmbréch ze kréien.

    4 min
  • Carte Blanche Laura Zuccoli, 03/03/2017

    D’Mobilisatioun vun den Net Lëtzebuerger fir dass Sie sech op de Gemenge Wahllëschten aschreiwe gëtt do un de Stänn vu verschidde Veräiner, an Ausstellungen ewéi och an Diskussiounsronnen thematiséiert .
    Fir eng Gemeng ass et wichteg dat sech vill vu sengen Awunner politesch a sozial am lokale Liewen abréngen. Leider bleift d’Zuel vun den Net Lëtzebuerger di fir d’Gemengewahlen ageschriwwen si niddreg. 17% vun den Net Lëtzebuerger ware bei de leschte Gemengewahlen ageschriwwen dat stellt hei nëmmen 12% vum Elektorat duer. 2011 waren op 3319 Kandidaten 236 Net Lëtzebuerger. Et goufen deemools 1121 Gemengeréit gewielt dorënner nëmme 17 Net Lëtzebuerger
    Nu ass et emol esou, dat Zuel vun de Gemengeréit op Basis vun der Zuel vun allen Awunner – Lëtzebuerger ewéi och net Lëtzebuerger – aus der Gemeng berechent gëtt.
    Stellt iech elo emol fir, wat wier, wann d’Zuel vun den Gemengevertrieder ofhängeg vun der Zuel vun den ageschriwwene Wieler wier?
    An deem Fall hätte mer dann z.B. an der Stad Lëtzebuerg nëmmen 11 anstatt 27 Conseilleren. 16 missten also ewechfalen. Esch hätt der dann nëmmen 10 anstatt 19 ze gutt a Wolz 6 anstatt 11.
    Do missten eis Gemengeréit jo em hiert Mandat kämpfen. Wéien Engagement, wat fir eng Mobilisatioun hätt dat als Konsequenz. Eis politesch Vertrieder missten sech do staark maache fir dat genuch auslännesch Wieler sech op de Wahllëschten aschreiwen. Do misst eng staark Mobilisatioun vun eiser Politik entstoen an de perséinleche Kontakt, den Interessi vun den Net ageschriwwene Bierger aktiv gekuckt an ugepaakt ginn.
    Géifen dann eis Gemengepolitiker d’Tatsaach esou einfach hinhuelen, dat di integréiert Mammesprooch Kouren an eiser Primärschoul elo iwwerall am Land ofgeschaaft ginn . Géif de Frust deen des Moossnam elo bei de betraffenen Elteren ausléist, si genau esou wéineg ewéi elo beréieren!? Géifen do eis Parteien sech weider mat allgemengen Opriff zefridde gi? Géif do net en politesche Mouvement opkomme musse well et jo do em vill vill Setz vu politesche Vertrieder an eise Gemenge geet?!
    Dëst ass natierlech alles Wonschdenken, well den Ament ass jo Participatioun vun den Net Lëtzebuerger kaum en Thema.
    46,7% Net Lëtzebuerger liewe bei eis.
    Vun de ronn 400 000 Salariéen zu Lëtzebuerg sinn 71% Net Lëtzebuerger - 45% Frontalieren a 26% auslännesch Residenten. Bei esou Ziffere wonnert een sech dat an dem rezente Rapport Rifkin - dee Pistë fir di 3. industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg an den nächste Jore virschléit – d’Thema vum Zesummeliewen nëmme kuerz a ganz generell gesträift gouf.
    Kaum Virschléi zur politescher Participatioun, obwuel des 3. Revolutioun sech ewéi am Rapport ënnerstrach gouf op Zesummegehéieregkeet Gefill sech stëtze muss . Elo goufen als Fortsetzung eng ganz Rëtsch Partner gefrot, op dëse Bericht hin, weider heirop ze schaffen, an Virschléi zur Ëmsetzung ze mam. Keen Vertrieder vun den Auslänner Organisatioune gouf gefrot.
    Ah jo ech hat vergiess dat beim Thema Participatioun, d’Meenung vun den Net Lëtzebuerger Awunner net gefrot ass !


    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC, 01/03/2017
    Brexit
    De Statec huet viru kuerzem een Artikel verëffentlecht, wou d'Konsequenze vum Brexit op Lëtzebuerger Ekonomie analyséiert gi sinn. Wat waren dann déi grouss Conclusiounen?
    Als éischte Punkt, wären d'Konsequenze vun engem Brexit – engem sougenannte „haarde Brexit“ – op ons Ekonomie éischter negativ.
    Tëschent England a Lëtzebuerg, déi virun allem an der Finanzbranche enk verbonne sinn, kéinten d’Exporter vu lëtzebuergesche Finanzdéngschtleeschtungen an England em 350 Milliounen Euro falen. De Statec geet dovunner aus, dat dëst en negativen Impakt vun 1.600 Platzen op ons d’Land kéint hunn, dovunner 600 am Finanzsecteur.
    Des negativ Konsequenze sinn awer och ze relativéieren, well op der aner Säit, kéinten déi aktuell Verhandlungen em de Brexit och positiv Effeten op Lëtzebuerg hunn.
     
    Wourop wären des positiv Konsequenzen dann zeréck ze feieren?
    Bei engem haarde Brexit, géif England aus dem europäesche Bannemaart austrieden. Domadder géifen och verschidde Finanzdéngschtleeschter hire „europäesche Pass“ verléieren, mat dem se hier Servicer kennen onbürokratesch an aner europäesche Länner ubidden. Hei ass d’Chance fir Lëtzebuerg, andeems déi englesch Gesellschaften eng Entitéit zu Lëtzebuerg opmaachen an hier Servicer iwwert Lëtzebuerg vermaarten.
    Lëtzebuerg huet hei virun allem bei de Fongen an der Verméigensverwaltung eng gutt Kaart ze spillen. Allerdéngs schlofen déi aner Finanzplazen net, a Stied wie Frankfurt, Dublin, Paräis oder Amsterdam versichen sech och als „England-Alternativ“ ze positionéieren.
    Positiv ass bis elo, dat virun kuerzem zwou grouss englesch Banke schonn deklaréiert hunn, hier Aktivitéiten iwwert Lëtzebuerg auszebauen.

    2 min
  • Carte Blanche, Robert Weber, 01/03/2017
    Et gëtt héich Zéit eppes ze ënnerhuelen.
     
    Dass de Bildungsniveau an Europa e grousse Problem duerstellt wësse mer net eréischt zanter den Pisa-Etüden. Och zu Lëtzebuerg gëtt monter un eisem Bildungssystem reforméiert, driwwer diskutéiert an polemiséiert.
    De jeeweilege Bildungssystem soll Wëssen vermëttelen an aus dem jeeweilegen Mënsch en selbstännegen a responsabelen Member an eiser Gesellschaft maachen. Ech well elo mech net un der aktueller Debatt zu Lëtzebuerg bedeelegen awer ech stelle fest, dass de Problem vill méi déifgréifend a komplizéiert ass wéi geduecht.
    Di däitsch Assurancen Gesellschaft „ Allianz“ huet elo rezent eng Etüd iwwert di finanziell Grondbildung an Europa publizéiert. Des Etüd ass an 10 West-Europäesch Länner duerchgefouert ginn. Am November 2016 sinn jee 1000 Teilnehmer an Éisträich, der Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Holland, Portugal, Spuenien, der Schwäiz an GB befrot ginn. (Et waren einfach Froen.)
    Fazit: De Bildungsniveau an Europa a Saachen „ Finanzen“ ass ganz kleng!
    D’Wëssen an West-Europa ( vun Ost-Europa guernet ze schwätzen ) a Saachen „ Finanzen“ ass erschreckend. Dobäi huet di weltwäit Finanzkris zanter 2009 eis knallhaart däitlech gemaacht, wéi wichteg eng finanziell Grondbildung ass. Di Ëmfro vun der „Allianz“ weist kloer, dass e Grondwëssen a punkto Finanzen a Risiken et de Mënschen erméiglecht di richteg finanziell Entscheedungen treffen ze kënnen an zwar bei Spuerméiglechkeeten, bei Investitiounen an bei de Finanzprodukter selwer.
    D’Finanzthemen sinn haut, also no dem Finanzcrash an sengen Auswierkungen zanter 2009, omnipräsent an awer wëssen Europäer ganz wéineg iwwert Finanzen an Risiken. D’Éisträicher an di Däitsch hunn bei dëser Ëmfro am beschten ofgeschnidden. Manner wéi 20% woussten relativ gutt Bescheed. Froen, waat „ Risikostreeung“ bedeit woussten di wéinegst ze beäntweren. Fraen wëssen am wéinegsten Bescheed. Di manner wéi 35- Järeg wëssen bal guernet Bescheed. Et ass an engem héchsten Moss beonrouegend, dass sech de Wëssensstand -grad vu Fraen a Jugendlecher- an deenen leschten Joren net verbessert huet. Am Gegesatz zu eeleren a fréieren Generatiounen hunn di heideg jonk Generatiounen méi Verantwortung fir hir Finanz-a Pensiounsplanung ze droen. Grad si mussen sech also méi aktiv drëm këmmeren.
    Di Ëmfro ass leider net zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Ween awer elo e mengt mir wären dach de Champion vun der Welt, dem soen ech knallhaart: a wa mir och esou gutt wéi d’Éisträicher oder di Däitsch wären, dann hätte mer awer eng sefteg Datz.
    Des Situatioun ass net eleng eng Fro fir d’Politik, hei sinn all Träger an eiser Gesellschaft gefuerdert. An "last but not least" mir alleguerten.
    Also wat maache mer?!

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners