RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Magalie Paulus, 10/04/2017
    Ech war elo 2 Wochen am Guatemala wou mer en Treffen mat all eise latäinamerikanesche  Partner organiséiert haten. Eppes wat ëmmer erëm opkomm ass ass déi grouss Influenz, Impakt vun de Multinationalen oder soss Firmen déi den Extraktivimus als Haaptgeschäftsmodell pronéieren. Ob et Goldminne sinn, Zockerfelder, Palmuelegplantagen, Hydroelektreschwierker, Pipelinen, dat wat déi Projeten ausmëscht ass dass se Klengbauren an indigene Vëlker hiert Land ewech huelen a esou mat hier Existenz an hier Kultur zerstéieren. Eise Pensiounsfong investéiert an esou Firmen, eis Banke ginn hinne Kreditter an eis Regierung erlaabt ville vun hinne weineg bis keng Steieren an de Länner wou se Gewenner maachen, ze bezuelen. Wou ass do d'Cohérence des politiques ? Mir sinn ëmmer ganz stolz op eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi gi mir 1% vun eisem PIB fir d'Coopératioun, do si mir déi Bescht. Mee wei ass et mam Sproch : mat enger Hand gi mer a mat der anerer huele mer zeréck ?
    Ech perséinlech ka mech net bekloen iwwert eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi schaffen ech elo iwwer 10 Joer an dem Secteur an hunn d'Geleeënheet de Beruff ze maachen den ech mer ëmmer erdreemt hunn, mee et kann awer net duergoen sech einfach ze soen dass mir mat 1% vun eisem PIB eppes Guddes maachen ouni eis Froen zestelle wei eise PIB iwwerhaapt esou héich ass a wat mir an Europa ëmmer maache fir dass esou vill Länner weiderhin eis « Hëllef » brauchen.
    D'Wirtschaftspolitik vun Europa duerch d'Accords de partenariats économiques mat Afrika ënnertenaner, bevirdeelegt Europa a net déi « aarm » afrikanesch Länner. Europa huet och den alleréischte Partenariat mat enger Regioun geschloss : Zentralamerika . En Responsabele vun der EU huet dat ganz stolz an enger Presentatioun am Guatemala gesot a beigefügt dass bis elo nëmmen den ekonomesche Volet ëmgesat gouf a net de politeschen, sozialen, kulturellen... Dat reflektéiert ganz gutt d'Prioritéite vun der EU.
    Dat wat zum Beispill afrikanesch Länner duerch Steierhannerzéiung oder Steiervermeidung verléieren ass bal dat Duebelt vun dem wat se un Entwécklungsgelder kréien. Dat ass weder effizient nach kohärent a stellt e radikale Wiessel vum kapitalistesche Modell hei an dohannen als eenzeg Léisung.

    3 min
  • Carte Blanche Paul Rauchs, 07/04/2017
    Eis Parteien haalen dësst Freijohr eng no der aanerer, pardon eng niewt der aanerer, hir Kongresser of, a lauden domat de Kampf fir d'Gemenge- mé och natiirlech fir d'Chamberwahlen an. D'Letzeburger Wort gëtt der CSV Schützenhëllef a wëllt Evenementer déi keng sin zu Skandalen opbauschen déi och neischt gin. Am lénken Eck gëtt virun énger CSV-ADR Koalitioun gewarnt, vun där muncher an der Ex-Rentnerpartei och schon drémen. An dofir huet de Gast Gyberien dann och schon d'Fréijohrsbotz a sénger Partei gemaach. Wéi e richtege Regisseur huet en e Remake gedréit vu "Chez nous", engem flotten a wichtege franzéische Film, dén nach bis virun 2 Wochen an eise Kinoen gelaaf ass.

        De Lucas Belvaux huet a dësem Film op d'Geschicht an och d'Gefohren vum Front National higewisen: den excellenten André Dussolier spillt en honorabelen Parteibonz dén d'Drecksaarbecht vum Stéphane, éngem klénge brutalen Neonazi maache léisst. Mé fir séin demokrateschen Scheinmäntelchen unzehaalen, muss de "Bloc Patriotique", alias Front National, dee béise Stéphane aus sénge Reihen ausschléissen.

        Erënnert dëss Geschicht iech un neischt ? Virun e puer Wochen ass dach e gewësse Joe Thein aus der ADR geflun well en e Like op Facebook gemaach huet fir en Opruff de Jean Asselborn am dekapotabelen Auto durch Dallas ze féieren. De jonke Mann huet sech dono als Opfer, net vun Homophobie, mé, lauschtert elo gudd no, vun Naziphobie gesin. Am Jacques Molitor séngem Film Routweissgro dréckt de Joe Thein da séng Bewonnerung fir séng Urgroussmamm aus, déi an hirem laange Liewen villes gesin huet, an ech zitéieren elo sënngeméiss aus der Erënnerung: nämlech 2 Weltkricher, dat kommunistescht Deitschland, de kaale Krich an den islameschen Terror. Hie verléiert awer kee Wourt iwer dem Hitler séin Drëtt Reich, mé déi Ausdréck déi een nët gebraucht, jeitzen heiandsdo méi haart wéi déi déi ee gebraucht.

    Den Episod geet schliesslech aus wéi dem Belvaux séi Film:  chez nous aussi geheit de reputéierten Deputéierten Kartheiser de blannen Thein aus der Partei, déi séch genee wéi dem Marine Le Pen séi Front National dediaboliséiere wëllt. Iwréins huet de Lucien Welter, dé mat sénger Petitioun 698 fir d'Opwertung vun eiser lëtzeburger Sprooch kaempft, dem Joe Thein op Facebook séng Sympathie erklärt. Hien ass viru kuerzem dem ADR beigetratt. Abbe, mat esou Frënn brauch de Gast Gyberien geschwë kéng Feinde méi, mee en haett sech misse besser renseignéieren bei den Ex-Geheimdéngschtler, vun denen et jo anscheinened eng ganz Parti a sénger Partei gëtt.

    3 min
  • Carte Blanche, Marc Schiltz, 05/04/2017


    Virun zwou Wochen huet d’Regierung decidéiert, d’Medezin-Ausbildung hei zu Lëtzebuerg auszebauen. Vun 2020/21 un, wäert ee kënnen déi éischt dräi Joer op der Uni Lëtzebuerg maachen, éier et dann am Ausland weidergeet. Manner bemierkt, awer net wéineger wichteg ass: et gouf och festgehale fir Spezialisatiounen no der Generalistenausbildung an zwee Beräicher unzebidden, an der Neurologie an an der Onkologie. Datt grad dës zwou Spezialisatioune gewielt goufen, kënnt net vun ongeféier. Et sinn dëst zwee Gebidder wou mir an deenen zwee leschte Jore Prioritéiten an der Fuerschung gesat hunn; souwuel beim LIH a beim LNS, wéi och beim LCSB vun der Uni. Dës Decisioun vun der Regierung ass also fir onst Land ee ganz wichtege Schratt fir de Wëssenstransfert vun der medezinescher Fuerschung a Richtung applizéiert Medezin weider auszebauen. Ganz nom Prinzip vun „Bench to Bedside“ – Innovatioun vum Fuerschungslabo un d’Krankebett. Dëst zum Virdeel vum Patient. Esou ass zum Beispill vum FNR en Exzellenz-Zentrum fir d’Fuerschung am Beräich Parkinsonkrankheet geschafe ginn, mat Fuerschungsaktivitéiten op der Uni an an de Centres de recherche, awer och mat enger Parkinsonklinik um CHL.
    Wat elo nach feelt?
    D’Verknöpfung vu Fuerschung, medezinescher Praxis a medezinescher Ausbildung ass zentral, fir och hei zu Lëtzebuerg déi medezinesch Innovatiounen aus der Recherche effizient am Gesondheetssystem ëmzesetzen. Déi konsequent Mannéier fir dëst ze maachen ass duerch Persounen, déi souwuel Fuerscher ewéi och Medeziner sinn, de sougenannten „Chercheurs-cliniciens“. Ewéi gesot, dëst sinn Dokteren oder Dokteren an der Spezialisatiounsausbildung, déi parallel och Fuerschung op der Uni oder an engem Centre de recherche bedreiwen. Mir hunn am Moment nëmme wéineg vun deene Chercheurs-cliniciens an et gëtt keen adequate Kader, wat zu enger Rei Problemer féiert; zum Beispill, datt e Chercheur-clinicien zwee Patronen huet, d’Spidol an de Centre de rercherche. Och ass nach ee gewësse Kulturwandel an onse Gesondheetsinstitutiounen néideg fir datt déi Iddi eng breet Akzeptanz fënnt. Dofir en Appel un all d’Akteuren aus dem Gesondheetsberäich, datt si nieft den engagéierten aktuellen Diskussioune ronderëm de Plan hospitalier och de méi wäiten Horizont am A ze behalen. Besonnesch bei de jonken Dokteren déi an de Beräicher Neurologie a Kriibs hir Spezialisatioun maachen, deene sougenannten „Médecins en voie de spécialisation“, soll d’Méiglechkeet geschafe ginn, tëschent klinescher Praxis a Fuerschungsaktivitéit ze alternéieren. Dofir muss awer ee kloere Kader bestoen, esou wéi dëst och am nationale Plan Cancer recommandéiert gëtt.
    De Patient als Haapt-Beneficiaire
    Et wier eng grouss Chance fir Lëtzebuerg wa mir dee Wee géifen aschloen. D’Investissementer déi mir an d’Fuerschung gestach hu kéinten esou nohalteg zum Benefice vun de Patiente genotzt ginn.


    4 min
  • Carte Blanche, Ben Fayot, 03/04/2017
    D’Uni Lëtzebuerg gouf 2003 gegrënnt, fir onsem Land z’erlaben, d‘ Héichschoulausbildung an d‘ Fuerschung  selwer an d’Hand ze huelen aplaaz ons dofir nëmmen op d’Ausland ze verlossen.
    Dofir kënnt a misst d’Uni Lëtzeburg och d’Plaaz sin, fir méi a medizinesch Ausbildung a Fuerschung hei am Land z’investéieren.
    Zwar kënne mer Dokteren an anert medizinescht Personal aus dem Ausland importéieren.
    Doniewend gin ons eegen Dokteren seit jehier am Ausland ausgebild.
    D’Idi war opkomm, déi extrem Ofhängegkeet vum Ausland ofzebauen an och zu Lëtzeburg Dokteren an enger eegener „medical school“ auszebilden.
    Dat hätt ënner aneren de Virdeel, dass mer am Austausch mat Unien a Kliniken an Europa nët ëmmer nëmmen eppes froen  mussen,  mais och eppes unzebidden hätten.
    Dofir goufen Etuden gemaacht an seit Joren Diskussiounen zwëschen Uni a Regierung gefouert.
    Lo huet d’Regierung décidéiert, nët op dee Wee ze goen.
    D’Ursaach ass finanzieller Natur. Et schéngt ze deier ze sin, gët indirekt gesot.
    Ech fannen ët schued, dass d’Regierung déi Décisioun geholl huet.
    Sie huet en aneren, traditionelle Modell virgezun. Niewend dem éischte Unisjor, wat elo schons zu Lëtzeburg méiglech ass, soll e Bachelorstudium vun drei Jor an der Medizin agefouert a mat friemen Unien  Partnerschaften fir déi weider Formatioun vun de Mediziner gesicht gin.
    Erem eng Kéier verlosse mer ons op auslennesch Unien aplaaz selwer en Effort ze maachen.
    Ob dat schlussendlech nët grad esou deier gët wéi eng eege „medical school“ siew emol dohinnergestallt.
    Leider huet dat weider keen zu Lëtzeburg opgeregt.
    Et handelt sech dobei awer ëm eng echt Zukunftsfro.
    An de leschte Jorzengten huet d’Unislandschaft sech europa- a weltweit fundamental geännert. Ëmmer méi schwéier gët ët, eng Studieplaaz am Ausland ze kréien, ëmmer méi selektiv huelen d’Unien d’Studenten un. Ee wichtegt Element ass dobei d’Nationalitéit. A je nodem déi national Präferenz a groussen Nopeschlenner durch d’politesch Entwécklung méi Bedeitung kritt, kann dat e sérieuxt Hënnernis fir ons Studente gin. Ech wëll keen Deiwel un d’Mauer molen: mais wa mur d’Mme Le Pen a Frankreich d’Soen kritt, kann en Deel vum System op d’Kopp gepucht gin.
    Doniewend hätt d’Ausbildung vun Dokteren zu Lëtzeburg och wichteg Nieweneffeten fir ons medizinesch Fuerschung. Do wär e Réservoir vu jonke Leit fir d’Fuerschung zu Lëtzeburg erugewuesst.
    Eng „medical school“ wär e weidere Mosaiksteen fir den Ausbau vun de „Life-sciences“ zu Lëtzeburg gewiescht, deen d’Regierung jo weiderdreiwe wëllt.  
    Et muss ee bedaueren, dass d‘Regierung dat sang- a klanglos begruewen huet.
    Sou wéi  ee bedauere muss, dass en Thema wéi d‘“medical school“  grad ewéi Fuerschung an Héichschoul weder eng politesch Debatt an der Chamber nach soss eng  öffentlech Diskussioun wert sin.
    3 min
  • Carte Blanche Roland Pinnel, 31/03/2017

    Gell, mir sinn eis jo all eens, dass Lëtzebuerg eng oppe Stad ass. D’Fro ass just déi, wat een ënner enger «oppener Stad»  versteet.

    Et huet emol eng Kéier eng «Action Luxembourg Centre – Luxembourg Ville    O u v e r t e »   ginn. Déi sougenannten oppe Stad war eng Initiative vun der Geschäftswelt vun der Uewerstad.

    Am wuertwiertleche Sënn kann een «Lëtzebuerg, oppe Stad» awer och nach ënner dem Bléckwénkel vun enger Stad gesinn, an där et am Buedem vill grouss Lächer  gëtt, och nach Chantiere genannt. Do hu mer et de Moment nun awer wierklech mat enger ganz oppener Stad ze dinn.  Wéi heescht et dach esou schéin?  Eng Stad ouni Schantercher wär eng doudeg Stad.  Dann hu mer et haut esouguer mat enger regelrecht hyperaktiver Stad ze dinn.

    «Oppe Stad» kann awer och nach am iwwerdroene Sënn verstane ginn; als «open minded». Dat ass d’Stad Lëtzebuerg ganz bestëmmt, an d’Bezeechnung «multiplicity» dréit deem perfekt  Rechnung.

    Ech wëll allerdéngs hei vun enger nach anerer oppener Stad schwätzen, nämlech vun där, déi mer dëst Joer zanter genee 150 Joer sinn. War et dach den 11. Mee 1867, wou dee fir d’Stad enorm wichtege Vertrag vu London ënnerschriwwe ginn ass.  Laut deem Traité hunn, ënnert anerem, der Stad hir Festungswieker missen zerstéiert ginn.  Eréischt dunn huet si hire joerhonnerten ale Korsseli ofgeluecht a si ass eng «oppe Stad» ginn. Esou konnt si sech, no engem net ëmmer einfache städtebauleche Parcours, zu där Stad entwéckelen, déi mer haut kennen.

    Et ass an deem Kontext absolut ubruecht, dem 150. Joresdag vum 11. Mee 1867 speziell ze gedenken. Also a genee sechs Wochen. Wéi an der Tëschenzäit bekannt, hunn eis Autoritéite jo do eppes ganz Spezielles am Schna. D’Visite vun der Duchesse vu Cambridge zu Lëtzebuerg gëtt där Zelebratioun bestëmmt e besonneschen Eclat. Dat ënnersträicht  ëmsou méi d’Bedeitung vum Joer 1867 fir déi spéider urbanistesch Evolutioun vun der Stad an och fir déi allgemeng Entwécklung vum Land.

    Et ass och gutt a richteg, dass dëst Evenement  termingerecht commemoréiert gëtt, dat heescht den 11. Mee selwer. An net, wéi et um Enn vum leschte Joer bei der ëffentlecher Feier vum 125. Anniversaire vun eiser Dynastie geschitt ass. Déi Gedenkfeier ass nämlech net 125 Joer, nodeems den Adolph Grand-Duc ginn ass, organiséiert ginn, mee exakt 126 Joer a 15 Deeg duerno !

    Gott sei Dank klappt et da wéinstens dës Kéier besser mat dem  Datumsmanagement. Well d’Fester soll ee jo bekanntlech esou feiere wéi se falen!

            

    3 min
  • Carte Blanche, Joaquim Monteiro, 29/03/2017

    60 Joer méi spéit, gëtt déi europäesch Integratioun ëmmer méi a Fro gestalt. An dësem Kontext, huet d’Europäesch Kommissioun, virun ee puer Deeg, hiren White Paper virgestallt. D’Kommissioun wëllt domat zur Reflexioun iwwert d'Zukunft vun Europa bäidroen a proposéiert fënnef méiglech Zeenarien: 1) weider wéi bis elo, also Status Quo, 2) näischt ausser de Bannemaart, 3) déi, déi méi wëlle maachen, solle méi maache kënnen, 4) manner maachen awer méi effikass a 5) vill méi zesumme maachen, also méi Integratioun.
    Am éischten Zeenario, dee vum Status Quo also, besteet de Risiko dass de Bierger interpretéiert, dass d'Europäesch Institutioune zwar Schwieregkeeten am aktuelle Fonctionnement unerkennen, awer trotzdem decidéieren näischt ze ënnerhuelen.
    Den zweeten Zeenario proposéiert Efforten op de Bannemaart ze konzentréieren. De Risiko vun dëser Approche ass, dass Differenzen a Beräicher déi ausserhalb vum Bannemaart fale, méi grouss ginn.
    Den Haaptrisiko am drëtten Zeenario, dee vun engem Europa mat verschidde Vitessen, ass deen dass mer op eng EU "à la carte" steieren. Bierger kéinte verschidde Rechter hunn, deem no wéi a wéi engem EU Land se Resident sinn.
    Am véierten Zeenario, proposéiert den White Paper manner ze maachen, mä méi effikass. D'Entscheedungsprozesser géifen eventuell méi transparent ginn, mä d’Kommissioun gëtt et selwer zou dass déi gréissten Erausfuerderung ass, ee gemeinsamen Nenner Punkto Prioritéiten ze fannen.
    Schlussendlech, bitt de fënneften Zeenario méi Integratioun un. De Risiko an dësem Fall ass dass d’Legitimitéit vun der EU nach méi a Fro gestalt geet par Rapport zu den nationalen Autoritéiten.
    Wat den White Paper net mécht, ass d’Fro zum Beispill ze stelle wéi een d’EU méi no un de Bierger ka bréngen? Oder och nach, wéi een déi demokratesch Prinzipie vun Transparenz, Participatioun a Rechenschaft kéint stäerken? Dës Froe wäerte wahrscheinlech an den Diskussiounen tëscht Staatscheffen optauchen, mä et kéint een se elo scho vu vir era stellen. D'Diskussiounen iwwert Zukunft vun der EU sollten sech eigentlech net ëm déi technokratesch Struktur vun d¨ser beschränken, mä éischter sech mat der Fro beschäftegen op wéi eng Prinzipie mer d’EU wëllen ausbauen, genee esou wéi dat 1957 gemaach gouf.


    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 29/03/2017
    Carte Blanche Economique – PwC – 2016/2017 – Nummer 13: Innovatioun an Aarbecht

    RTL: Et liest een ëmmer méi oft, dass den technologëschen Fortschrëtt (z.b. Automatisioun) giff à terme déi klassesch bezuelten Aarbecht oofschaarfen an Aarbechtsplaatzen zerstéieren. Stëmmt daat?
    François Mousel: Ech sinn do manner pessimistesch. Et gëtt verschidden Positiounen, mee et gëtt keen kloeren wirtschaftlechen Beweis, dass Aarbechtsplaatzen duerch déi nei Technologien zerstéiert ginn sinn an – massiv an schnell – an der Zukunft zerstéiert wärten ginn. Wann een historesch kuckt, dann huet den Fortschrëtt éischter Aarbecht geschaafen an alternativ Aarbechtsformen zur klassescher bezueltener Aarbecht sinn sinn ëmmer nach éischter rar.
    RTL: Virwaat gëtt graad elo esou vill dovunner geschwaat?
    François Mousel: Wéinst der Vitesse vum technologëschen Fortschrëtt – éischtens d’Rechnungsleeschtung vun den Computeren wiisst nach ëmmer exponentiell an schaaft d’Basis vun der künstlecher Intelligenz an zweetens ginn ëmmer mei Saachen digitaliséiert (an domadder um Computer elektronesch manipuléierbar). An well an den Medien ëmmer iwwert daat neit geschwaat gëtt, huet een d’Impressioun mir giffen all Daag eng Revolutioun erliewen dobai ass daat am Moment nach guer net den Fall.
    RTL: Alles hallëf esou well also?
    François Mousel: Ech mengen, dass mir den kurzfristegen Impakt vun den Technologien iwwerschätzen an villäicht den langfristegen ennerschätzen an och net all Technologien an een Dëppen därfen geheien. Automatisatiun ersetzt oft eng penible manuell an/oder repetitiv Aarbecht an ass eigentlech positiv, insofern et eng Alternativ fir déi betraffen Leit gëtt – an déi gëtt et an eisen Länner awer oft. Duerch d’Automatisatioun gouffen nei Service Beruffer geschaafen an ass am Allegemengen (bis elo) den Liewensstandard erop gaangen – daat dierfen mer net vergiessen. Méi kritesch bewerten ech déi kënschtlech Intelligenz: ech verstinn d’Faszinatioun vum Standpunkt vum Forscher, mee vum sozialen Standpunkt fannen ech et beängschtegend eng egenstänneg elektronesch Intelligenz als Kombinatioun vun digitalen Signaler zouzeloossen. Ech kann mer eng Welt virstellen wou ganz vill manuell Tâchen automatiséiert sinn, mee ech kann mer keng Welt virstellen wou déi künstlech Intelligenz dominant gëtt an flächendeckend an allen Beräicher zur Uwendung kënnt. Do sinn mer nach nët ... mee ech mengen dass mer an deem Beräich eng Kéier wärten missten schwéier Entscheedungen treffen.
    3 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil, 27/03/2017
    Déi rezent Flüchtlingskris huet eng grouss Veronsécherung an der europäescher  Gesellschaft mat sech bruecht. Och wann et gelongen ass d'Zuel vun den Flüchtlingen, déi an eis Länner kommen, staark ze reduzéieren, dann ass domatter de Problem, besonnesch am Noen Osten, nach laang net geléist.

    Niewent dem Noen Osten musse mir och d'Situatioun a ganz Afrika intensiv observéieren. D'Bevëlkerung vun deem Kontinent wäert sech an de nächsten 30 Joer vun 1,2 Milliarde, praktesch verduebelen op wäit iwwer 2 Milliarde Mënschen, wat gewalteg Rausfuerderunge fir déi Länner an Afrika mat sech bréngt.

    Dowéinst kommen all Joer Millioune jonk Leit nei op den Arbechtsmaart. Leider ass an deene Länner de Wirtschaftswuesstem vill ze schwaach fir esou ville Jonken eng Aarbechtsplaz unzebidden. Esou missten eleng an Afrika all Joer ronn 18 Millioune nei Aarbechtsplaze geschaf ginn fir där Nofro eenegermoosse gerecht ze ginn. Laut enger internationaler Beroder Firma sinn awer, an de läschte 5 Joer, héichsten 4,1 Milliounen Aarbechtsplazen pro Joer geschafe ginn.

    Wann elo an deem Kontinent Millioune jonk Leit guer keng Aussiicht op Aarbecht hunn, da bréngt dat noutgedronge mënschlech Katastofe mat sech, wéi Hongersnout, Epidemien, Gewalt a Krich. Dann ass d'Gefor ganz grouss datt vill Leit sech op de Wee fir Europa maachen an der Hoffnung do eng besser Zukunft kënnen opzebauen.

    Wou sollte se och soss higoen?

    Wann Europa eng massiv Flüchtlingswell aus Afrika wëll vermeiden, da muss dringend eng ganz zilgerecht a koordinéiert Aktioun an deem Kontinent ënnerholl ginn, wou am weesentlechen 3 Axe dra musse sinn.

    Fir d'éischt muss alles gemaach gi fir d'Korruptioun an deene Länner efficace a ganz energesch ze bekämpfen. Esou kéinten déi wéineg Budgetsmëttelen, déi déi Länner hunn, verstäerkt zum Notzen vun deene Bierger agesat ginn, déi se am meeschte brauchen. Hei ka ganz vill erreecht ginn, zum Beispill, duerch eng verstäerkten Transparenz vun de Finanztransaktiounen.

    Da muss och virun allem d'Bildung an d'Ausbildung, vun der breeder Bevëlkerung, eng absolut Prioritéit an der Ëntwécklungspolitik kréien. Dëst ass op alle Niveaue néideg a muss esou Wuel als Zilgruppen,d'Kanner, d'Jugendlech an déi Erwuessen erreechen fir esou de Bildungsniveau vun der gesamter Bevëlkerung ropzesetzen. D'Beispill vun Asien huet esou bewisen datt wann de Bildungsniveau vun allen Awunner eropgeet, déi demografesch Entwécklung automatesch zréckgeet.

    Schlussendlech misste weider Ustrengunge gemaach gi fir datt de Wirtschaftswuesstem an déi demografesch Entwécklung géigesäiteg an Aklang bruecht ginn.

    D'Länner aus der Europäescher Unioun missten hier national Politik matenee koordonnéieren a se dëse gewaltegen Erausfuerderungen upassen. Eng couragéiert a koherent gemeinsam Entwécklungspolitik ass hei ubruecht.

    Iwwregens ass Europa, duerch seng geografesch Positioun, a seng Aktioun an deem Kontinent, déi Regioun déi laangfristeg am meeschte vun engem  Opschwonk an Afrika profitéiere géif.

    Hoffentlech gëtt hei gehandelt ier et ze spéit ass.

    4 min
  • Carte Blanche Robert Dennewald, 24/03/2017

    Virun e puer Méint hat ech d’ Geleeënheet en Gespréich mat enger Equippe vun Benevolen bei mir am Kallekswierk vun Contern iwwert  d’Integratioun vun den Flüchtlingen  ze feieren.

    Si hunn mech op di vill Erausfuerderungen higewisen,  deenen d‘Flüchtlingen ausgesat sinn – sief dat gesellschaftlecher Natur, wat den Logement ugeet oder d’ Aarbecht. Sie hunn mech drop higewisen dass d’ Patroen mäi aktiv dësen Accès zur Aarbechtswelt ënnerstëtzen kënnten, an deem se den Flüchtlingen Stagen offréieren oder, nach besser, hinnen eng Aarbecht ubidden géifen.

    No dem Gespréich hunn ech mech derzou entscheed mat dem gudden Beispill virzegoen, an een Flüchtling bei mir am Betrib als Mataarbechter opzehuelen. Ech hat d’Chance op en Syrier ze feelen, deen eng ausgezeechent Ausbildung huet, an deen ech gutt an meng Equippen integréieren konnt.

    D’Integratioun vun Flüchtlingen an t' Arbechtswelt ass fir mech eng Grondviraussëtzung fir eng korrekt Integratioun an’t lëtzebuerger Gesellschaft. Mir mussen ons also froen op mer als Patron’en net kollektiv mei en groussen Effort maachen missten, fir déi zum Deel gutt ausgebilten, an meeschtens top onversteierten Flüchtlingen,  an onsen Betriber opzehuelen. Mir géifen hinnen domat eng Chance fir eng gesond Liewensgrondlag  bidden. éi

    Ech denken ganz besonnesch,  awer net nëmmen,  un déi 131 Betriber déi hei zu Lëtzebuerg den Label vun Sozialreponsabelen Betriber droen. Hinnen misst d’Schicksal vun den Flüchtlingen ganz besonnesch um Häerz leien. Géifen all des Betriber,  déi oft händerringend no qualifizéierten Aarbechtskräften sichen,  sech derzou engagéieren pro honnert oder pro zwee honnert Mataarbechter een Flüchtling anzestellen, wieren vill Problemer geléist. Hir jeeweileg Betriber wieren  duerch d’Präsenz vun dësen neien Mataarbechter beräichert.

    Ech maachen also en Opruff un all meng Patron’s Kollegen sech aktiv fir d’Flüchtlingen anzesetzen. Si kennen sech vertrauensvoll un’t ADEM oder awer och un't d'ASTI wenden, dei mat hirem Connections-Programm den Flüchtlingen Zougang zur Aarbechtswelt verschaaft.
     
    D’Leisung vun der Flüchtlingsfro, grad ewéi déi vum Chômage, wou d’Patronen am Kader vum Pacte pour l’Emploi grousses geleescht hunn, sin  Themen  déi ons all beréieren.  Als responsabel Zivilgesellschaft sollen mir dei Themen net alleng der Regierung iwwerloossen.

    3 min
  • Carte Blanche Emile Haag, 22/03/2017
    Zanter Mëtt 2016, no der Surprise vum Brexit an England, gi mer monter weider Surprisen entgéint, déi eist bis dohin éischter gemittlecht Liewen a Fro stellen. Op engem Hannergrond vun Honger an Afrika, Refugiésundrang no Europa, Terror a Frankräich an an Däitschland, Krich a Biergerkrich an der Ukraine, Syrien, Irak, Jemen a Libyen, kënnt da nach déi gréisste Surprise: den Immobiliemilliardär Donald Trump, no enger elektoraler Drecksschluecht-Campagne sonnergläichen, am Wäissen Haus. Am Frankräich, bei enger zerstriddener Gauche an enger verhedderter Droite, d'Marine Le Pen "ante portas".

    Berouegend sinn do awer d'Victoire vum "bon sens" an Éisträich an an Holland, trotz ville Problemer, déi politesch a wirtschaftlech Stabilitéit an Däitschland.

    Et bleiwen awer d'Demokratur-Championen Putin an Erdogan mam Wand an de Seegelen, Griichenland an Italien finanziell nach ëmmer uerg ugeschloen, mä de Combel: en amerikanesche President, nach ëmmer gedroen vun enger populistescher Grondwell, total onberechenbar a senge politeschen Aussoen an Aktiounen. Dat huet eis nach grad gefeelt.

    Europa zwar zerstridden an existenziell menacéiert, weist awer e klenge Liichtbléck op, well eis däitsch Noperen an eventuell Frankräich, mä ouni Le Pen, versichen aus dem Déif erauszesteieren mat dem Plang en Europa "à vitesses variables" ze lancéieren.

    Dëst wär e konstruktive Mëttelwee tëscht méi a manner Europa, déi deem Ganzen een neien Elan kéint ginn. Dobäi kritt eise fréiere Premier a jëtzege Kommissiounspresident d'Geleeënheet eng aktiv Roll ze spillen.

    Als klengt Land, dat bis elo gutt derduerch komm ass, kënne mer net passiv nokucken, mä mir mussen mat eisen direkte Noperen un engem Strang zéien fir déi europäesch Kar aus dem Dreck ze kréien. Eis intern politesch Stabilitéit, eise wirtschaftleche Wuesstum hänken direkt mat dem gudde Fonctionnement vun der EU zesummen. Wichteg ass a bleift d'Asiicht, dass, wann et eise Nopere gutt geet, et eis och gutt geet, wa net, da musse mer eis op allerhand gefaasst halen. Virun allem däerfe mer net d'Hänn an de Schouss leeën a Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen. Mir sinn a bleiwen nun eemol e klengen Hellegen an enger grousser Kierch, mä och déi Kleng mussen um Ball bleiwen an dierfen sech net kleng kréie loossen.

    Dobäi solle mer awer dem Dicks säi Sproch an eisem fréieren Ausseminister Bech seng Devise net vergiessen: "Kuck, wou s de stees a wou s de bass / Den Zolverknapp ass kee Parnass.", dat heescht aktiv sinn, jo, mä "low key" bleiwen, ouni Gedäisch.

    Mir si gutt beroden, resolut déi europäesch Kaart ze spillen!

    Emile Haa^g

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners