RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Mohammed Hamdi Gender: Eng Politesch Ideologie, déi statlech gefuerdert gëtt, 27/02/2017
    Nodeems de sougenannte Chancegläichheetsministère 2015 eng Frae-Quote fir d'Parlaments- an d'Europawahlen duerchgesat hat, gouf d'lescht Joer eng grouss ugesate Mediekampagne gestart fir méi Fraen an d'Kommunalpolitik ze bréngen. Ënner Drohung vu Sanktioune géint d'Parteien, déi et net schaffe d'Frae-Quot ze fëllen, solle Fraen also fir Politik begeeschtert ginn.
     
    Et ass erschreckend, wéi invasiv am Numm vun enger Ideologie - dem Feminismus - an d'Entscheedungskraaft vu Parteien an Institutiounen agegraff gëtt. Bei kenger anerer Ideologie kéint ee sech esou een Agrëff firstellen an et géing zurecht Protester ginn wann z.B. d'Kierch mat oder ouni Drohung vun enger Geldstrof fuerdere géing, dass ee bestëmmte Quorum u Chrëschten Deel vun enger Partei oder enger Institutioun misst sinn.
    Wat an alle Beräicher – vu Politik bis Wirtschaft – eigentech ausschlaggebend sollt sinn, sinn d'Kompetenze vun enger jeweileger Persoun a net seng biologesch Merkmaler. Heiran läit och eng vun de ville Kontrdiktioune vun der Genderideologie. Zwar prophezeit se eng genderneutral Gesellschaft mee an hiren Aktiounen a Fuerderungen bleiwt si ausschließlech op d'Geschlecht fixéiert.
     
    Gendertheorie ass eng politesch motivéiert Ideologie ouni wëssenschaftlech Basis a gëtt dofir ëmmer nees vu seriöe Fuerscher als Pseudowëssenschaft qualifizéiert. Wann eng Ideologie, déi vu Wëssenschaftler als absurd beschriwwe gëtt op Staatsniveau mat Force duerchgesat gëtt a wann op dëser Basis déiwgräifend politësch Entscheedunge getraff ginn, da si mer net wäit ewech vun enger Gesellschaft déi am Numm vu reliéisen Dogmen entscheed wat richteg a wat falsch, wat gutt a wat schlecht ass.
     
    De Ministère justifiéiert dës Politik andeems en op Chancegläichheet verweist. Mee d'Chancegläichheet politesch Karrière ze maachen existéiert schonn tëscht de Geschlechter a wann et manner Fraen ewéi Männer gëtt, déi dëse Wee wielen da kann dat ganz ënnerschiddlech Grënn hunn. Mee eng Gesellschaftsgrupp méi politesch a finanziell ze fuerderen ewéi eng aner ass de genaue Géigendeel vu Chancegläichheet.
     
    T'ass och interessant, dass sou Quoten just fir prestigiéis Posten agefouert ginn, an deene Fraen ënnerrepresentéiert sinn – net awer fir guttbezuelte Beruffer an deene Fraën iwwerrepresentéiert sinn oder fir prekär an onbeléift Beruffer an deene Männer iwwerrepräsentéiert sinn. Dat Ganzt erënnert staark un dat berühmt Zitat aus dem George Orwell sengem Klassiker Animal Farm: “All d'Déiere si gläich, mee verschidden Déiere si méi gläich ewéi anerer”.

    3 min
  • Carte Blanche,Benoît Reiter, 22/02/2017

    Dëst Joer feiere mer dem Peter-Ernst von Mansfeld séi 500. Gebuertsdag. Et sief kuerz drun erënnert dass hien Gouverneur a Capitaine général, also politesch a militäresch Nummer 1, vu Lëtzebuerg war, vun 1545 bis zu sengem Doud 1604. De Grof Mansfeld war och ener anerem nach Gouverneur général vun de fréieren Niederlanden, also ieweschte Vertrieder vum spueneschen Kinnek an dem heiteje Benelux.

    Eng Carte blanche ass net do fir seng Nolauschterer mat Datumer vun Anno Tubak ze langweilen. Dofir wollt ech haut just e puer Iwwerleeungen weiderginn iewer d’ Grënn aus deenen een sech iwwerhaapt soll dëst Joer mat dem Mansfeld beschäftegen. Wat bréngt et eis haut fir sech zu Lëtzebuerg un dee Personnage ze erënneren ?

    Dat éischt wat engem beim Mansfeld afält ass dass en iwwerhaapt kee Lëtzebuerger war. Hien staamt aus dem Osten vun Däitschland. Éier hien an eist Land komm ass, war hien an Eisterraich, Nordafrika, Italien, Spuenien an duerno an der heitejer Belsch aktiv. Mat dem Mansfeld koum also e kosmopolitesche Geescht op Lëtzebuerg. Als en net Lëtzebuerger, war hien 59 Joer laang, also méi wéi de Pierre Werner, de Gaston Thorn, de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker zesummen, eise Regierungschef. De Mansfeld schéngt mer genau de Contraire ze sinn vun deem engstirnege Nationalismus, deem een an leschter Zäit ëmmer méi oft begéint.

    Dem Grof Mansfeld seng zentral Bedeitung léit awer fir mech nach méi um kulturelle Gebitt. Hie war schon baal 20 Joer am Amt zu Letzebuerg wéi en ugefang huet sech a Clausen eng Privatresidenz opriichten ze loossen. Aus deem am Ufank éischter bescheidene klenge Schlass ass am Laaf vun de Joerzengten eng fürstlech Residenz gin. Eist Land huet e grousse gebautene Patrimoine, haaptsechlech feudal, militäresch a reliéis geprägt. Mam Mansfeldschlass geschitt dofir an eiser Geschicht eppes onerhéiertes, eemoleges. Den héichste Personnage zu Letzebuerg get e Verméigen aus, Suen déi e meeschtens huet misse léinen goen, net fir Befestegungen oder fir d’Kirch. Nee, hien riicht sech séi privat Paradies op, e Lustschloss mat wonnerschéine Gärt a Fontainen. Hien baut eng Privatbibliothéik op, sammelt frenetesch Antiquitéiten déi iwerall a sengem Parc ze gesi sin a constituéiert eng rieseg Konschtkollektioun. De Mansfeld huet sech fir Wessenschaft interesséiert, Mathematik, Geographie an Architektur. De Pap vun der moderner Kartographie, den Abraham Ortelius, war op Besuch beim Grof a Clausen. Den Hans Vredeman de Vries, e Gigant vun der Renaissancearchitektur nördlech vun den Alpen, huet dem Mansfeld ee vun sengen Haaptwierker dédicacéiert.

    Wessenschaft, Konscht, Kultur, Schéinheet waren dem Mansfeld wichteg. Séi Schlass ass verfall an zerstéiert gin, d’Gärt verwüst, seng Konschtsammlung ass a Spuenien komm. Trotzdeem ass d’Erennerung un des eemoleg Leeschtung vu Generatioun zu Generatioun weidergi gin. Vleicht fänkt dat wat de Mansfeld viru méi wéi 450 a Clausen geséit huet am Letzebuerg vum 21. Joerhonnert u mat bléien. Et ass opjiddefall eng Perspektiv fir déi et sech lount ze schaffen.


    4 min
  • Carte Blanche, Gilles Hempel, 20/02/2017

    Den 1. Februar huet dat britescht Parlament mat grousser Majoritéit säin OK fir de Brexit ginn. Déi
    britesch EU-Géigner sinn un hirem Ziel ukomm an kennen sech feieren loossen.
    Ma och hei zou Lëtzebuerg, sou héiert een, ass wéinst dem Brexit schonn déi eng oder aner Fläsch
    Cremant opgemaach ginn.
    Vill Firme mat Setz zu London hate jo ugekënnegt, am Fall vum Bexit d’Insel ze verloosse fir sech um
    Kontinent eng nei Heemescht ze sichen. Seitdeem buhlen d’Wirtschaftspolitiker em d’Gonscht vun
    deene Firmen a probéieren si an hier Wirtschaftszentren ze lackelen. Un vorderster Front: Dublin,
    Frankfurt an och Lëtzebuerg.
    „Let‘s make it happen“ soten sech eise Finanzminister an eise Wirtschaftsminister a sinn op London
    gepilgert fir do Reklamm fir eist Ländchen ze maachen. Dat an der Hoffnung, dass och en puer vun
    deene Betriber bei eis op Lëtzebuerg kommen...fir hei Steieren ze bezuelen an Aarbechtsplazen ze
    schafen. A priori eng gutt Initiativ.
    Mee hunn mir dann iwwerhaapt déi richteg Leit hei zu Lëtzebuerg fir an deene Beräicher ze
    schaffen? Oder mussen déi Betriber net awer hiert Personal matbréngen, wann si op Lëtzebuerg
    kommen. Virun 2 Wochen ass eng nei Regelung decidéiert ginn, déi virgesäit, dass héich
    qualifizéiert Aarbechtskräften a räich Investisseuren aus Drëttstaaten sech elo ganz einfach hei bei
    eis kennen nidderzeloossen. Honi soit qui mal y pense.
    Ech froe mech, wouhin dann elo all déi Kaderen, Investmentbanker an IT-Spezialiste wunne ginn,
    wann si op Lëtzebuerg schaffe kommen. Héich Loyer’en sinn si jo scho gewinnt. Zu London sinn
    d'Wunnengspräisser nach en bësse méi dekadent wéi bei eis. Mee sou Leit kréien nieft hiren héije
    Salairen, meeschtens nach eppes vum Patron bei de Loyer bäigeluecht. Wahrscheinlech en gudde
    Batz méi wéi eng elengerzéiend Mamm als „Subvention de Loyer“ bei hire Mindestloun bäigeluecht
    kritt.
    Zu Lëtzebuerg wunnen, ass fir den normale Bierger elo schonn net méi ze bezuelen. Musse mer da
    wierklech nach selwer aktiv zousätzlech Leit mat decke Porte-Monnien op Lëtzebuerg lackelen, déi
    dann d‘Wunnengspräisser nach weider an d’Luucht dreiwen?
    Déi Präisser erginn sech jo bekanntlech aus engem Zesummespille vun Offer an Demande. Trotz
    ganz remarkabelen Effort’en an deene leschte Joren, komme mir bei der Offer just ganz lues virun.
    Mir mussen dowéinst ufänken eis och mol Gedanken doriwwer ze maachen, wéi mir d’Nofro besser
    reguléiert kréien.
    Dat war eng „Carte Blanche“ vum Gilles Hempel
    3 min
  • Carte Blanche Paul Hammelmann, 17/02/2017
    Ech sinn elo wéini eng Kéier an aller Herrgottsfréi op de Findel gefuer; et war nach stackdäischter mee d’Wieder war gutt, kee Glatäis; ech war quasi eleng op der Strooss bis op eemol virun der Sortie Sennengerbierg alles voller bloer Luuchten!
    Do stoungen 3 Pompjeesautoen an 2 Ambulanzen; eng Onmass Leit hunn sech an der batterer Keelt ëm en Auto bekëmmert deen op der Kopp loung; 2 Policeautoen hunn mech mat héijer Vitesse iwwerholl fir d’Onglécksplaz ofzesécheren ier den Beruffstraffik ugeet; Depanneuse koum aus der anerer Direktioun.

    Den Dag drop sinn ech aus der Press gewuer ginn wat geschitt war: en franséischen Auto – et hätt genau esou gutt e Lëtzebuerger kënne sinn – ass aus „ongekläerter Ursaach“ – liest „wéinst ze héijer Vitesse“ – an d’Leitplanken gerannt an huet sech iwwerschloen.
    Déi 3 Insassen goufen liicht blesséiert an d’Spidol bruecht.

    Also net vill passéiert, sot der mer elo!
    Maach sinn, mee wat en Opwand!
    Do mussen also eng gutt Dosen Leit – deelweis Fräiwëlleger – mëtten an der Nuecht aus dem Bett, sech an den Dress geheien, an dann stonnelaang an de Keelt sech em déi Blesséiert këmmeren, d’Leitplanken flécken, d’Autobunn botzen an esou fit maache fir de Beruffsverkéier, Rapporten schreiwen, all dat well een – een Egoist géif ech en tituléieren – gemengt huet, hien misst méi séier fueren ewéi erlaabt.

    Meng 1. Reaktioun war dann och dës Interventioun emol chiffréieren ze loossen, well bei eis am Land alles op en Kosten-Nutzungsschema reduzéiert gëtt.

    Well awer an esou Fäll ze vill Verwaltungen an Persounen implizéiert sinn, kann ech haut an hei net mat engem Chiffer déngen.

    De mënschlechen Opwand allerdéngs kann jiddereen novollzéien.
    Een anert Phänomen deem mir all Dag begéinen ass d’läscht Woch chiffréiert ginn; eng ronn 1000 € pro Joer a pro Awunner, dat ass de finanziellen Impakt vun den Stauen zu Lëtzebuerg, also en Total vun 392 Mio, quasi 1% vum PIB!

    Mee ass net och hei déi psychologesch Approche méi pertinent?

    De Lëtzebuerger Automobilist – insofern et dier nach ëmmer muss ginn, - verbréngt gemäss dëser Etude 33 Stonnen am Joer an engem Stau.
    E Pressecommuniqué vun „Déi Gréng“ virun de leschte Wahlen hat dësen Impakt esouguer op 12 Stonnen am Mount geschat!
    Eng gefillten Éiwegkeet fir déi Betraffen!
    A wann een dann weess dat dës 2 Ploen, d’Stauen an den Opwand bei deem geréngsten Akzident, meeschtens duerch d‘Iwwerschreiden vun iergendenger Verkéiersregel bedingt sinn, misst et dach deem leeschten Abruti aliichten datt et och an sengem Interessi ass d’Regelen ze respektéieren.

    Fir dësen Respekt duerchzesetzen wier et utile, wéinstens an Spëtzestonnen eng vill méi apparent, reng preventif Polizeipräsenz ze markéieren.
    Déi géif post festum dësen Leit vill Aarbecht erspueren.
    Oder musse mer esouwäit goen wéi Paräis  wou se no der alles mä net bewährter „Knaus-Ogino“ Method, eng Selektioun vun den autofräien Deeg gemaach hunn?

    3 min
  • Carte Blanche, Alain Wagner, 15/02/2017

        
    Eng Beroderin, déi Ligen als alternativ Fakte bezeechent. E sougenannte Chefstrateg, dee vum Krich faszinéiert ass. Eng Bildungsministesch, déi d’ëffentlech Schoul am léifste géing ofschafen. Déi nei Equipe am Wäissen Haus vermëttelt engem zum Deel den Androck vun enger politescher Geeschterbunn. An nach ëmmer stellt sech d’Fro, wéi esou Geeschter vum Wieler geruff konnte ginn.
    D’Resultat mat e puer Hackerattacken ze erklären, ass ganz sécher ze kuerz gegraff. Wesentlech méi gravéierend ass d’Tatsaach, datt e Land, dat aneren esou gäre Lektiounen a Saachen Demokratie erdeelt, sech de Luxus vun engem total archaesche Wahlsystem leescht.
    A praktesch alle Bundesstaate gëllt de Prinzip « The winner takes it all », duerch deen och déi knappste Victoire wéi en eestëmmege Plebiszit verrechent gëtt.  D’Gesamtresultat kann doduerch entscheedend verfälscht ginn. Den Donald Trump hat bal dräi Millioune Stëmme manner wéi seng Géignerin a krut trotzdem däitlech méi Wahlmänner zougesprach. Deeselwechte Szenario gouf et schonn 2000 bei der Wahl vum                          George W. Bush. D’Konsequenze si bekannt : dräi Joer duerno koum et zum Irak-Krich, deem seng desaströs Folge mir haut nach spieren.
    Iwwer all prozedural Froen eraus weist de Phänomen Trump, wéi geféierlech en Ausufere vu sozialen Ongläichheete ka ginn. E Wieler, deen näischt méi ze verléieren huet,  empfënnt iergendwann just nach d’Bedürfnis, dat ze maachen, wat d’Fransousen « renverser la table » nennen. Tragesch ass, datt vun dëser Roserei grad en Opportunist profitéiert huet, deen alles anescht wéi d’Negatioun vum Establishment ass, mä d’Abuse vum Finanzkapitalismus op eng scho bal karikatural Manéier verkierpert. Och aner Stréimungen huet den Trump fir seng Zwecker kanaliséiert – virun allem en typesch amerikaneschen, mat vill Bigotterie duerchsatene Chauvinismus, dee grad an der « Amérique profonde » wäit verbreet ass.
    Fir déi europäesch Politiker sollt dat Ganzt eng lescht Warnung sinn. Wann engersäits  sozial Ongläichheeten zouhuelen, anerersäits eng sougenannt Elite sech ëmmer erëm duerch Intrigen a Skandaler diskreditéiert, dann hu Populiste liicht Spill a brauche just permanent déiselwecht Phrasen ze dreschen. Virun dësem Hannergrond ass zum Beispill dat lamentabelt Bild, dat am Moment déi franséisch Politiker ofginn, eng regelrecht Gefor fir d’Demokratie.
    Vläicht wier et de Moment, erëm dat ze entdecken, wat de Montesquieu                               als Fundament vun der Demokratie ausgemaach huet, nämlech d’Bereetschaft, zu all Moment de Gemeinschaftssënn iwwer perséinlech Interessen ze stellen. De Montesquieu huet dofir de Begrëff « la vertu » benotzt. E Wuert, dat wuel e bësse verstëbst kléngt. An awer : eis Politiker wiere gutt beroden, e bëssen iwwert dëse Begrëff nozedenken, anstatt hir Zäit op Facebook oder Twitter ze verplemperen. Zënter dem 20. Januar ass hir Verantwortung vis-à-vis vun der Demokratie e gutt Stéck méi grouss ginn.  

    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 15/02/2017
    Carte Blanche Economique – PwC – 15.2.2017: Sharing Economy
    RTL: Rezent gouff vill iwwert d’Sharing Economy geschwaat, och am Kontext vum Rifkin Rapport. Waat versteet een ennert deem Begrëff?
    François Mousel: Et gëtt keng eenheetlech Definitioun. Et geet em e wirtschaftlechen Modell, deen méi staark ewei deen traditionellen op “Peer-to-Peer” Austausch baséiert (also Transaktiounen tëscht eenzelnen Konsumenten) an deen et erlaabt vill Gidder méi intensiv ze notzen, z.B. Haiser, Parkplaatzen, Autoen, déier Kleeder, etc. Uber, BlaBla Car, Airbnb, Bitcoin, Vélooh (zu Parais) sinn alles Beispiller. Eng Rëtsch Leit erwaarden sech dovun e groussen Sprong a Richtung eng méi nohaalteg Notzung vun den Gidder.
    RTL: Virwaat gëtt graad elo esou vill dovunner geschwaat?
    François Mousel: Well ëmmer mei Sharing Economy wirtschaftlech Modeller opkommen. Dësst huet mat enger Rei vun Grënn ze dinn, déi den Professor Sundarajan vun der NY Stern School of Business an sengem Buch “The Sharing Economy” exzellent erklärt: d’Digitaliséierung vun der Informatioun, den exponentiellen Wuesstum vun der Rechenleeschtung vun digitalen Geräter an d’Einfacheet vun der Programmatioun vun digitalen Geräter. Nei Technologien ewei Blockchain an d’Digitaliséierung vum Vertrauen, (d.h. eist sozialt Kapital ass ëmmer mei digital) erlaaben eenzel Leit eng Transaktioun enner en aaner auszeféieren, déi sech nach ni physesch gesinn hunn, potentiell ouni Mëttelmann.
    RTL: Léist desst dann elo all déi klassesch Probleemer vun eisem kapitalisteschen System?
    François Mousel: Eben net, an et gëtt vill offen Froen an och vill Skeptiker. Déi eischt Sharing Economy Modeller féieren éischter zu neien Monopol oder Oligopol Platformen, ewei Uber z.B. déi haaptsächlech doduerch opfaalen dass se e riesen Profit generéieren well se, ouni Verantwortung ze huelen, jorzengtenaal Standard’en emginn, z.B. am Aarbechtsrecht. Aus deem Gronn währten dei diesjähreg Journées de l’Economie, organiséiert den 2 März vun dem Wirtschaftsministère, der Chambre de commerce an der Fedil ënnert dem Thema “The Company of the Future” den Professor Sundarajan zur Sprooch kommen loossen, een vun den groussen Experten an der Sharing Economy. Dobai geet et eben net nëmmen em dei positiv Aspekter, mee och eem d’Schwieregkeeten an em d’Roll, déi den Staat an der Réguléierung vun deenen Aktivitéiten kann an muss spillen. Ech mengen, daat gëtt eng spannend Débatte, déi vill rezent Neiegkeeten an den groussen Kontext wärten sätzen.
    3 min
  • Carte Blanche, Justin Turpel, 13/02/2017
    Knapp véier Deeg no senger Vereedegung, huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, fir de Bau vun der Dakota Access Pipeline, dee vum Barack Obama gestoppt gi war, weiderzeféieren. Mat där Pipeline sollen all Dag 470.000 Faass réie Pëtrol aus dausenden Fracking-Buerungen aus dem Norde vun Amerika, iwwert 1.900 km duerch véier US-Staaten bis op Illinois transportéiert ginn, fir de Verkaf um Weltmaart.
    Weltwäit Protester haten zum Baustopp vun där Pipeline gefouert. Deen ëmweltschiedlechen Fracking, deen all Klimaziler, wéi se d’lescht Joer zu Paräis festgehale goufen, onméiglech mécht, hat zu dëser Mobiliséierung bäigedroen. De Widderstand war vun de Standing Rock Sioux aus Nord Dakota ausgaangen, well d’Pipeline duerch hiert Stammesgebitt féiert an d’Drénkwaasserreserve vu 17 Milliounen Awunner aus där Géigend a Gefor bréngt.
    Mee dem Donald Trump ass dat egal: am Interessi vun den amerikaneschen Uelechmultië wëll hien d’Klimaziler vu Paräis kënnegen, d’Rechter vun den Agebuerene Stämm a Mënscherechtsverletzungen interesséieren hien net.
    Déi massiv Protester, déi zënter dem Trump sengem Dekret op der ganzer Welt zouhuelen, weisen, datt ëmmer méi Mënschen dat net zouloosse wëllen! Hir Protester riichten sech virun allem och géint déi 38 Banken, déi dës Pipeline finanzéieren. An Däitschland hu bannent puer Deeg 300.000 Leit en Opruff ënnerschriwwen, fir datt d’BayernLB, déi mat 120 Milliounen US-Dollar un der Finanzéierung bedeelegt ass, sech aus deem Projet zréckzéie soll. Déi norwegesch Bank DNB huet dem Drock noginn an dat scho gemaach.
    An hei zu Lëtzebuerg? – Vill vun deene Banken, déi d’Dakota Pipeline mat finanzéieren, hunn sech, meescht aus steierleche Grënn, hei am Land niddergelooss. D‘BNP Paribas, un där de Lëtzebuerger Staat bedeelegt ass, ass och mat 120 Milliounen US-Dollar an dësem Projet mat dran!
    An den ëffentleche Lëtzebuerger Pensiounsfong huet ville Banken, déi un der Bakken Pipeline, wéi s’och nach genannt gëtt, bedeelegt sinn, massiv Sue ginn. Dat, obwuel méi wéi ee mol gesot gouf, datt déi ëffentlech Pensiounsgelder net méi fir ëmweltschiedlech Projeten, oder där déi Mënscherechter verletzen, zur Verfügung gestallt solle ginn.
    Ass dat d’Ursaach, firwat d’Regierung – entgéint alle Versprieche – d’Konventioun iwwer d’Rechter vun Agebuerene Vëlker awer net ratifizéiere wëll? – Well mat där Ratifizéierung es weder fir Banke mat Staatsbedeelegung, nach fir den ëffentleche Pensiounsfong, esou Geschäfter nach méiglech wieren?!
    Et gëtt Zäit, datt och mir zu Lëtzebuerg Drock maachen op déi Banken, déi d‘Dakota Access Pipeline finanzéieren, fir datt si sech doraus zréckzéien.
    A ganz héich Zäit gëtt et, datt d’Sue vum Pensiounsfong anescht ugeluecht ginn, zum Beispill an erneierbar Energien, Wunnengsbau, Aarbechtsplazen an der Regioun... Wéini kënnt et dann an der Chamber zu der versprachener Orientéierungsdebatt, zesumme mat den ONGen, déi an deem Beräich aktiv sinn?
    A schlussendlech wär et un der Zäit fir, wéi versprach, d’Konventioun iwwert d’Rechter vun Agebuerene Vëlker zu Lëtzebuerg un z’erkennen.

    4 min
  • Carte Blanche Marc Glesener, 10/02/2017
    Et vergeet kaum en Dag ouni spektakulär Trump-Noriichten, déi fir gehéiereg Opreegung an Protester suergen. An den USA , virun allem awer am Rescht vun der Welt.
     
    Den 45. US-President  brécht am Fong mat all deem, wat d’Leit esou gewinnt waren an der Politik. Den Trump ass anescht, et kann ee soen erschreckend anescht. Wou dat alles virun allem aussepolitesch hiféiere wäert, ass net ganz kloer. Dee grousse Plang vum Trump ass hei net ze erkennen. AmRraum steet ee Leitmotiv, dat fir vill Duercherneen suerge kann:  „America first“ .
     
    Nun ass de Phänomen Trump an een staarkt Fokusséieren op dat eegent Land am Fong keen isoléierten Phänomen. Och an Europa sinn ëmmer méi Politiker a Parteien, déi an hirem Positionnement national-populistesch Téin uschloen an de Protektionismus als bescht Rezept beschreiwen.  Dëst souzesoe als Géigenprogramm zu enger globaliséierter Welt, an där méi Grenzen falen ewéi der opgebaut ginn.
     
    Wat sinn d’Grënn fir des Entwécklung a wou leien déi déif Ursaachen heivun? Do fale mer spontan zwou Äntwerten an.
     
    Eng éischt dovun betrëfft déi politesch Klass, déi sech vläicht ze vill ewech beweegt huet vun den eigentlechen Suergen a Problemer vu ville Leit. Des kruten dacks den Androck si géifen net eescht geholl. Dëst Gefill verstäerken net zulescht déi sëllechen Affairen, wéi zum Beispill a Frankräich. Ech denken hei ganz aktuell un de Kandidat François Fillon, deen vum politeschen Moralapostel elo selwer zum presuméierten Acteur an enger Affaire ginn ass. An dësem Kontext ass ee Saz vum Fillon a senger Ried ugangs der Woch symptomatesch fir d’Haltung vun ofgehuewenen Politiker. Am Kontext vun der Affaire Sarkozy sot hien en Dënschdeg virun sengen Leit Folgendes: „Ce matin, j’ai une pensée émue pour Nicolas Sarkozy et tous ceux qui vont être mis en cause par la justice dans les jours prochains.“ Mir déi gutt, d’Justiz déi béis. Esou einfach ass et. Des arrogant, jo scho bal suffisant Haltung schaaft weder Vertrauen nach Glafwierdegkeet bei de Leit. De Gruef tëscht der politescher Klass an deenen aneren gëtt esou ëmmer méi déif.
     
    Mat dem Erfolleg vu den Populisten hunn och deels déi ze dinn, di iwwer déi ëffentlech Saach beriichten. Beispill Trump. D’Medien hunn dem Mann enorm Plattformen  gebueden. Dat ass et awer net alleng.  Et ass esou, dat systematesch Autoritéiten an Institutiounen awer  och d’Politik en général bewosst an e schlecht Liicht geréckelt ginn. Alles korrupt. Alles Profiteuren. Alles Leit an Acteuren, déi keng Problemer upaken. Wann een dëst Bild ze laang zeechent, traut keen méi deenen esou genannten Etabléierten. Dann hunn d’Populisten an d’Extremisten et einfach. Si nëtzen dann déi Vertrauenskris aus, déi selwergemaacht ass an op engem Splécken vun der Gesellschaft berout: d’Elitten op der enger, déi einfach Leit op der anerer Säit. Dat ass ongesond. Dat misst deenen ze denken ginn, déi Politik maachen an awer och deenen déi doriwwer beriichten.

    4 min
  • Carte Blanche, Jean-Luc Thill, 08/02/2017

    Fir d’éischt kennt d’Friessen an duerno d’Moral, sou huet de Bertold Brecht et an der ‘Dreigroschenoper’ op de Punkt bruecht. Nodeems déi industrialiséiert, an der Haaptsaach westlech Länner, dorënner och Lëtzebuerg, sech de Bauch vollgeschlo, an Täschen och gudd gefëllt haten, koum Zäit fir sech ze froën op een sou kinnt weidermache. Eng rethoresch Fro – awer wéi emgoën mat deem ‘Neen!’? Ganz einfach – sou moralesch Ierweer (Fehler) mussen ophalen, an lues awer secher huet all Firma ugefang sech Werter ze ginn. Nom Motto: Vertrauen ass gudd awer Kontroll nach ëmmer besser kruet dunn och all Betrieb en Ethikscomité, fir d’Problemer dei dëst Werter mat sech kenne brengen ofzeweien.
    Sou och d’Klinken, déi zënter dem Spidolsgesetz vun 1998 heiheem all sou en Ethikscomité hunn. Zesummegesaat aus dem Personal aus de diversen Gesondheetsberufer, wéi och externen Experten, allen fir op Juristen, Philosophen an sozialen Berufer. Dëst erméiglecht eng differenzéiert Approche net nëmmen zu den gestaltnen Problemer, mä doiwer eraus och zu den Kulturalitéiten vun all  enzelner Klinik. Ugefang bei der Prise en charge vum Patient iwert den refus vun Bluttransfusionen aus religéiser Iwerzeegung bis hinn bei d’Fro op en Traitement weider gefouert oder opgehall soll ginn.
    Elo soll dëst Praxis en Enn kréen. Nodeems d’Education mam enheeltechen Wärteunterricht de Wee fräi gemach huet, wëll och d’Santé dei lokal Comitéen opléisen fir se duerch en enzegen, an zwär dem “Comité d’éthique hospitalier commun” ze ersetzen. Sou gesäit et allzäit den Artikel 27 am Projet de loi N° 7056 iwert Spidäler fier. Am Exposé dee Motif soll dëse Comité dofir suergen dat all ethësch Virschrëften an all Spidol op déi selwecht Manéier emgesaat soll ginn. Spéitstens bei der Zesummesetzung vun dësem nationalen comité éthique hospitalier mellt sech dann de gesonden Menscheverand. Dësem widerspëcht souwuel sou eng pensée unique wéi och d’Virstellung sou ethesch Froën à distance wëllen ze klären, an d’Virdeeler vun der Proximitéit wéi och der  Reaktionszäit einfach opzeginn. Natirlech ginn et Froën déi weit iwert e lokalen Comité erausginn – dofir ginn et awer besser Lésungen wéi d’Propose vum Artikel 27.
    AMMD – den Dachverband vun de Mediziner – ass och net amused , weder iwert den Text, nach iwert d’Art a Weis wéi e zoustanne koum a schons guer net iwer dei fehlend Dialogbereetschaft vum Ministère, an dat wäit iwert den Artikel 27 eraus.
    Enzeg Klorheet besteht bei der Signature vum Projet, an zwär där vun eiser aktueller Regierung: am Virfeld mat kengem schwätzen an sech duerno iwerrascht weisen dat keen de färdege Projet gudd kann heeschen.
    Dat de gesonde Menschverstand mat der Politik nët emmer kompatibel ass – wees all Kand. An dësem Fall wir et awer gudd den Projet de loi 7056 nach emol ze iwerdenken, ennert anerem den Artikel 27. Wéi Politik ausgesäit wann de gesonde Menschverstand bis zesummebrecht, dat wësse mer erëm zenter dem 20. Januar – an do wëll keen hinn.
     



    4 min
  • Carte Blanche, Robert Urbé, 06/02/2017
    D’EU gëtt ëmmer nach ee lamentabelt Bild of. Do wëllen eng Rei Regierungen näischt vu Solidaritéit wëssen, a si besti weider drop, datt sech d’Italiener an d’Griichen ëm “hir” Asylanten ze këmmeren hätten!
    Op der anerer Säit gëtt deen ieweschte Bayer net midd, no enger “Iewescht Grenz” fir Flüchtlingen ze ruffen. Dobäi ass dat nëmme Bauerefänkerei, well hie misst eigentlech genau wëssen, datt et dat net gëtt. Mee all Mënsch, deen an engem Land wëllt eng Demande op Asyl stellen, muss eragelooss ginn an huet d’Recht, datt seng Demande, individuell, ënnersicht gëtt: dat seet d’Genfer Flüchtlingskonventioun!
    E bësse méi wäit, verlaangt säin éisterräichesche Koseng, dass d’Flüchtlinge sollten déi Säit vum Mëttelmier a Campe gesammelt ginn, an da kéinten sech d’Europäer do déi Vulnérabelst raussichen, nom Motto: net d’Schlepper, mee mir selwer entscheede, wee bei eis kommen däerf! Dobäi misst och hie wëssen, datt net nëmmen an deene meeschte Länner all Viraussetzunge feelen, fir sou eppes ëmzesetzen, mee dat sou och dat fundamentaalt Recht verletzt géif, net zréckgewisen ze ginn an e Land, wou een net sécher ass.
    Och bei eis sinn des Froe verschiddentlech diskutéiert ginn a gi virun diskutéiert. Well et bitt sech jo bal keen Thema besser un, fir beim Wieler wëllen unzekommen!
    An deem Zesummenhank gëtt dann och gäre gesot, mir kéinten se jo awer net all ophuelen. Mir vergiessen do, datt nëmmen e ganz kléngen Deel bei eis kënnt. Mat ronn 63 Prozent sinn di meescht Leit, di iergendwou fortgelaf sinn, nach ëmmer an hirem Land op der Flucht, anerer waarden an den Nopeschlänner, datt d‘Situatioun sech sou verbessert, datt si zréck an hiert Land kënnen. 86% vun alle Flüchtlinge ginn an Entwécklungslänner opgeholl, an nëmmen dee klengste Prozentsaz dervunner kënnt an Europa un.
    Loosse mer eis näischt virmaachen: ugezunn an e Land ginn Demandeurs d’asyle virun allem dann, wann d’Prozedur do laang dauert a wann eng gewësse Chance besteet, e puer Joer wéinstens do kënnen ze verbréngen. D’Prozedure méi séier maachen, ouni awer dofir deem eenzelnen seng Rechter ze beschneiden gehéiert zu enger gudder Asylpolitik.
    An dann och d’Schafe vu Méiglechkeete, fir legal an d’Land ze kommen, da brauch een et net op en illegale Wee ze versichen!
    Ausserdem misst Europa endlech zu enger gemeinsamer solidarescher Flüchtlingspolitik fannen. An: an all Ambassade vun engem EU-Land misst ee kënnen eng Demande stellen, fir an iergendeen europäescht Land ze kommen; dat giff et och de Schlepper méi schwéier maachen. An da sollte mer virun allem hëllefen, d’Problemer do ze léisen, wou se sinn an entstinn.

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners