RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Jean Huss, 13/01/2017


    Ronn 10 Joer nom Banken- a Finanzcrash vun 2008, de vu kriminellen neoliberale Bankieren, Hedge-Fongen a Finanzoligarche verschëlt gi war, stescht d’Europäesch Unioun nach ëmmer an enger déiwer wirtschaftspolitescher a sozialer Kris.
    Mä obschonns déi dereguléiert Finanzmarchéë mat all hiren onseriéise Kredit- a Spekulatiounsgeschäfter d’Haaptursaach vun der bis haut unhalender Wirtschaftskris waren an och bleiwen, hunn déi dominéirend konservativ neoliberal a sozialdemokratesch politesch Elite vun der EU keng oder just falsch Léieren aus dëser schlëmmster Kris zanter 1929 gezunn:
    D’Finanzmarchéë goufe kaum oder jiddefalls ongenügend nei reguléiert, esou dass haut de ganze Finanzspekulatiouns-Casino mat héich riskante Finanzblose monter weiderdréit. An ënnert der Dominanz an dem Diktat vun dem sougenannte „Eurogrupp“ a speziell dem däitsche CDU-Finanzminister Schäuble gouf de Länner vun der europäescher Unioun, an net nëmmen de Griichen oder de südlechen Euro-Länner, iwwert en absolut rigiden Stabilitéits- an Fiskalpakt eng desastréis Spuer- an Austeritéitspolitik diktéiert, déi bis haut vill Chômage, speziell Jugendchômage a wuessend Aarmut bewierkt huet. Mat als politesch Konsequenz d’Stäerkung vu rietspopulisteschen an antieuropäesche Bewegungen!
    Mat dëser falscher an onsozialer Politik muss endlech, géint de Schäuble a seng konservativ Acolytten Schluss gemaach ginn, fir dat de fehlorientéierten EU-Projet net definitiv auserneenbrecht!
    Et gi ganz kloer Alternativen, formuléiert vum Europäesche Gewerkschaftsbond, vu keynesianeschen Ökonomisten oder vu gréngen a lénke Politiker.
    Dës global a realistesch Alternative baséieren, just a Stéchwierder, op folgenden noutwennegen Haaptschwéierpunkten:
    1. Eng schrëttweis erfolgend Neireguléierung vum Bankwiesen an de Finanzmarchéen. Banke sollen erëm der realer Wirtschaft an der Bevëlkerung déngen.
    2. Eng Neiorientéierung vun der EU-Politik ewech vun aggressiver Steier- a Loundumpingspolitik a vu staatlecher Austeritéitspolitik, déi allen Memberstaaten zu gutt kennt.
    3. Staark Lounerhéijungen a sozial Verbesserungen net alleng, mä virun allem an laangjärege Loundumpingslänner ewéi Däitschland, fir dat do déi europäesch Importer kenne klammen an et europawäit zu mei equilibreierten Aussenhandelsbilanze kennt.
    4. En schrëttweisen an deelweise Scholdeschnëtt zu Gonschte vun hoffnungslos verschëlten EU-Staaten, fir och do eng wirtschaftlech Reprise méiglech ze maachen.
    5. A schlussendlech e neien a globalen ekologesch orientéierte Marshall-Plang, en Green New Deal fir Europa, fir den noutwendegen ekologeschen an energiepoliteschen Ëmbau an d‘Moderniséierung vun ëffentlechen Infrastrukturen an d’Weeër ze leeden an doriwwer och de Chômage an d’Aarmut ze bekämpfen.

    3 min
  • Carte Blanche, Magalie Paulus, 11/01/2017


    Kann 2017 nëmme besser ginn ? Dat ass d'Fro déi ech mir momentan stellen. Et huet e jo ëmmer vill Hoffnung am Ufank vum Joer. Den David Bowie, de Prince, de Leonard Cohen, de Fidel Castro an déi Dausende Syrier, Eriträer,  Somalier… déi eis 2016 verlooss hunn, kennen op alle Fall net nach eng Kéier stierwen. D'Hoffnung léist mech awer zimlech am Stach wann ech un d'Electioun vum Trump, d'international Rehabilitatioun vun engem Massemäerder - vive de Bachard - d'Condamnatioun vum Antoine Deltour a Raphaël Halet trotz der Unerkennung vum Interêt général… denken.
    Mee am Fong ass et besser, méi no ze kucken, do ass vlaischt bësse méi Hoffnung… Enn 2016 ass zum Beispill OUNI opgaangen, déi 1. Epicerie ouni Emballagen, TERRA, déi bis elo eenzeg AMAP (association pour le maintien d'une agriculture paysanne) zu Lëtzebuerg huet eng ëmmer méi grouss Waardelëscht, d'Transitiounsbewegung zitt ëmmer méi Leit un, et entstinn Energiekooperativen… Et huet en besser ronderëm sech ze kucken an do unzefänke Saachen z'änneren, laut dem Adage vum Gandhi : be the change you want to see in the world. Ufänke mat sengen eegene Gewunnechten : wat iessen ech, wei a wou gëtt dat produzéiert wat ech iessen, wei ass et mam Waasser dat ech drénken, mat welche Valeuren erzéien ech meng Kanner, wei oft fueren ech mam Bus, mam Vëlo oder ginn zu Fous...
    Eng méi responsabel Consommatioun vu jidderengem kéint e groussen Impakt hunn : loosst eis lokal, bio a fair consomméieren. Sou kenne mer ufänken déi negativ Konsequenze vun eiser Consommatioun op Populatiounen an Afrika, Asien a Latäinamerika an op d'Ëmwelt a Grenzen ze halen. Mir kennen et de Produzenten hei zu Lëtzebuerg a ronderëm erlaben e méi stabele Marché ze hunn a méi Valeur an d'Produktioun vun eisen Iesswueren an doduerch eng nei Valorisatioun vun dem wichtege Beruff vum Bauer a Geméisgäertner ze kréien.
    Doduerch dass mer méi responsabel consomméiere, kënne mer zum Equiliber vun eiser Welt an och vun eisem Liewe bäidroen. Ëmmerhi si mer wat mer iessen...

     

    3 min
  • Carte Blanche Paul Kremer, 09/01/2017
    Näid
    Wie liewt net gär an engem anstännege Staat, wou net agebrach gëtt, d’Leit sech net zerklappen, eise Viirgärtchen net zertrëppelt gëtt a kee vrun eise Garagen-Afahrten parkt?
    Sou hätte mir et gär, a sou hu mer et, zefriddestellend. – Nu brauch all Staat dofir Geld: hie muss jo fonktionnéieren, aushëllefen, organiséieren, Initiatiounen huelen. Dofir ass jiddferee gebieden, seng Deel beizesteieren. Dofir also de Numm: Steiere bezuelen.
    Wat een ewechgëtt, huet ee net méi. A wann ee mer seet: kuk, ech weisen dir, wéi’s de legal Steiere spuere kanns – wie seet da neen?
    Nu liewe mir, an déi Aner och net, eleng op dëser Welt, a jiddfer Staat ka sech seng Gesetzer gin, un déi seng Leit sech mussen halen, well soss de Buttek zougemat gëtt. – Wat awer ass dann, wann ech, du, eng Bank, eng Entreprise probéiert, iwwerall do wou se präsent ass, Steieren ze spueren, legal? Da nämlech, wann een ëmmer déi jeeweilech Legislatioun respektéiert. Nëmme grad: et gëtt där e Koup, a wat hei verbueden ass, ass do iwwer vläicht erlabt, an ëmgedréit.
    Een Euro vun dräi kënnt hei zu Lëtzebuerg aus sou legale Geschäfter mam Hin-an-Hir. Allerdengs: fir dat sou färdeg ze bréngen, muss ee clever sin. – Déi eng sin et, déi aner net. Am Foussball ass et net anescht.
    An d’Moral? D’Moral vun der Geschicht ass de Näid. Wann de Noper sou Steiere spuert, nëmmen ech dat net färdeg brèngen, fannen ech et net moralesch, well ech selwer net sou gudd ewechkommen. Bei Länner ass et net anescht. – Méi ass dann och net dozou ze soen. Wat d’Moral bei Waffen-Handel ass, steet op engem anere Blaat. – Lëtzebuerg op jiddefall verkeeft keng Panzer an eisen éischte Flugzeugträger miisst mol d’éischt op der Musel getest gin. –
    Sou wäit awer si mer nach net.

    2 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 28/12/2016
    Steierreform – Impakt op Betriber

    Viru kuerzem ass d’Steierreform an der Chamber gestemmt gi – wat sinn dann d’Konsequenze fir d’Betriber hei am Land?
    De Steiersaz fir d’Betriber z.B. an der Staat Lëtzebuerg wäert vun aktuell 29% op 27% am nächsten Joer erof goen - an 2018 zu guer op 26%. Dobäi géif Gewerbesteier, déi un d’Gemenge geet gläich bleiwen, a virun allem d’Kierperschaftssteier erof goen.
    Bei der Verméigenssteier, wäert de Mindestsaz em 50% klamme – dësen Trend war schonn an deene leschte Jore festzestellen. D’Fro wäert sinn, ewéi laang déi international Betriber do elo nach matmaachen.
    Op der anerer Säit, wäert d’Gewerbesteier fir déi kleng Betriber, mat engem Revenu vun ënnert EUR 15.000, op 15% erof goen.
    An och bei der Transmissioun vu Betriber, wäerten ënnert bestëmmte Konditioune keng Steieren ufalen.
     
    Wei positionéiert sech Lëtzebuerg dann domadder am internationale Vergläich?
    Allgemeng muss en feststellen, dat dat europäescht, awer och internationaalt Steierëmfeld méi competitif wäert ginn.
    D‘Steierassiette wäert erop goen, awer de Steiersaz selwer, erof.
    An Groussbritannien beispillsweis, ass no dem Brexit-Vote de Steiersaz elo schonn op 19% erof gaangen. An 2020 wäert de Steiersaz da bei 17% leien.
    An Irland ass de Steiersaz aktuell scho bei 12,5%.
    An Ungarn huet viru kuerzem annoncéiert, den niddregsten Taux an der Europäescher Union unzestriewen, a wäert da bei 9% leie – aktuell ass de Steiersaz an Ungarn nach bei 20%.
    Wat misst en dann ärer Meenung no maachen, fir Lëtzebuerg nach weiderhi konkurrenzfäeg ze loossen?
    Ech menge Lëtzebuerg geet de richtege Wee, an ënnerstëtzt de Prinzip vun der Transparenz. D’Betriber, awer och d’Finanzplaz, brauchen awer och eng gewëss Stabilitéit – dat huet eis an der Vergaangenheet scho staark gemaach.
    Doniewent hu mir bei PwC mir eng Studie gemaach, a mir géife menge fir d‘Kompetitivitéit vum Land, dat:
    -    de Steiersaz misst op 15% fir d’Betriber erof goen

    -    d’Befreiung bei der Quellesteier sollt ausgebaut ginn

    -    Verméigenssteier sollt ewech falen

    -    An e Ureiz fir d’Betriber sollt entstoen, dat se méi en héischt Eegekapital dotéieren.

    2 min
  • Carte Blanche Georges Hellinghausen, 23/12/2016
    Chrëschtdag, dat ass d’Fest vum mënschefrëndleche Gott, dee wollt als Mënsch ënnert d’Mënsche kommen, fir hinne gutt gesënnt ze sinn. Dës wohltuend Frëndlechkeet gëtt ë. a. ausgedreckt an der Symbolik vum Liicht, dat d’Däischtert hell mécht. An dës Liichtsymbolik huet, entstehungsgeschichtlech, ze di mam Datum vum 25. Dezember. Wuel ass et de Gebuertsdag vum Jesus vun Nazareth, als Messias a Jong vu Gott, deen do gefeiert gëtt, awer et ass e fiktiven Datum. Do hu mir zu Lëtzebuerg jo Übung, gëtt dach och eisem Staatschef säi Gebuertsdag um fiktiven Datum vum 23. Juni, also Nationalfeierdag, begaangen.

    Gleeft een Reliounswëssenschaftler, da grefféiert dat chrëschtlecht Fest vum 25. Dezember sech op dat aalt heednescht Fest vum „Sol invictus“, der onbesiigbarer Sonn, dat virun 2000 Joer op deem Datum gefeiert gouf. Well vun do un, no der Wantersonnenwende, ginn d’Deeg nees méi laang, d’Nuechte méi kuerz a setzt d’Liicht sech nei an ëmmer méi duerch.

    Mat dësem Liicht, dat an d’Welt kënnt, hunn d’Chrëschten d’Gebuert vu Christus a Verbindung bruecht, nom Motto: Hien ass déi Sonn, déi opgeet am Liewen, an eisen Häerzer, fir se hell a waarm ze maan. Hien duerchbrécht all dat Däischtert, wat et an der Mënschheetsgeschicht gëtt.

    Weder dat Sentimentaalt vun de Weihnachtslidder an d’Glühwäinromantik vun de Chrëschtmäert nach de Konsumrausch an d’Cadeaumanie sinn dat eigentlecht Markenzeeche vun dësen Deeg, och net de Festmenü oder déi romantesch Schnéilandschaft, dee erbäigetrellert soll ginn, mä d’Ursymbol Sonn, chrëschtlech ëmgedeit, mat der neier Liichtkalitéit, déi och an engem liichtbestëmmten, helle Liewe sech sollt reflektéieren.

    Am Sonnekult waren Heedentum a Chrëschtentum sech nokomm. Esou wéi haut Chrëschtdag e Fest vun alle Mënschen ass, gleeweg oder net.

    Chrëschtdag ass also net vum Himmel gefall, mä huet sech inkarnéiert an deem, wat et virfonnt huet. Dat seet eppes aus iwwer d’Fest selwer an déi Relioun, déi doraus entstan ass: sech inkarnéieren, d. h. Wuerzel schloen a Kultur a Gesellschaft an an der Geschicht vun den Äerdebewunner, esou wéi vum Jong vu Gott gesot gëtt, dass hien sech inkarnéiert huet, also mënschlecht Fleesch, mënschlech Gestalt ugeholl huet.

    Stéchwuert „Mënschefrëndlechkeet“! Do fält mer e bekannte Saz vun engem Nopeschbëschof an, deen dat Humant vun deem Fest viséiert, wann e seet: „Mach’s wie Gott, werde Mensch!“
    4 min
  • Carte Blanche vum Marc Hostert, 21/12/2016
    Mir liewen an enger Zéit am Ëmbroch. Länner wei China, Brasilien an Türkei déi bis virum kuerzem heegen Wuesstem haten sinn an Schwieregkeeten. An villen Industrielänner bréngen Regierungen et net fäerdeg,  wei et um Beispill vum “Brexit” ze gesinn ass, den Bierger plausibel ze erklären dass hiert Land ökonomesch vun der Mondialisatioun profitéiert an dat et Mondialisatioun och weider gëtt wann England net méi Member an der EU  ass.
    Mouvementer géint Mondialisatioun sinn et an der Geschicht schonn ëmmer ginn. Se sinn eng geschichtlech Konstant. Den Aristoteles beschreift schonn am 4. Jorhonnert virun eiser Zéit dat Bierger Produkter, Ideeën an Leit aus der Friemt ofgelehnt hunn.
    Déi amerikanesch Revolutioun ass 1773  ugaangen mat enger Revolt géint den Import vun Produkter aus Indien an aus England. En puer Dosen  Tonnen beschten Téi sinn am Hafen vun Boston bei der sougenanntener “Boston Tea Party” am Mir versenkt ginn.
    Tëschent dem éischten an dem zweeten Weltkrich war eng laang Phase wo friem Produkter allgemeng ofgeleent ginn sinn.
    Zanter den zweedausender Joeren hunn sech trotz dem weider heegen Wuelstand awer zwou Saachen geännert. Et ass net Angscht virum friemen Produkt oder Service mäi ,éischtens, déi diffuse Angscht virun der Immigratioun an dëst besonnesch an deenen  Länner wo den Taux am niddregsten ass. Zweetens, d’Angscht virun den groussen Finanzgruppen aus dem Ausland an dëst besonnesch no der Banken Kris vun 2008. Béides sinn Ängschten virun enger méiglecher  Friembestëmmung. Dobäi kennt fir den Eenzelnen datt am leschten Joerhonnert  et bal fir jiddereen eng liewenslaang Aarbechtsplaz beim selwechten Patron gouf. Dat ass haut fir déi mëscht leider net méi den Fall.
    All dëst bréngt och eng gewëssen Onstabilitéit fir den eenzelnen mat sech.
    Et ass deemno net Problematik em den ökonomeschen Wuelstand deen eis haaptsächlech ze schafen mécht mäi vill méi d ‘Ängschten virun der Onstabilitéit an der méiglecher Onsécherheet.
    D ‘Äntwert op des Ängschten sinn ganz oft Protektionismus, en Zeréck bei den National-Staat, den Ruff no der staarker Fra oder dem staarken Mann. Des ass awer keng Léisung vum Problem well déi mëscht vun dësen Ängschten giffen weider bestoen bleiwen an esou guer méi grouss ginn. Ökonomesch gesinn giffen mer all vun esou engem Scénario verléieren. Léisung  kann nëmmen an der Stäerkung vun eisen nationalen an europäeschen Intuitiounen leien. Bei dëser Stäerkung vun eisen Intuitiounen muss den Bierger imperativ  op allen Niveauen méi am  Mëttelpunkt stoen
    Besonnesch, fir en Land wei Lëtzebuerg dat den internationalen Handel, d ‘Immigratioun, internationaalt Kapital bluttnoutwenneg brauch an dat iwwerproportional als klengt Land, genau esou ewéi Schwäiz, Neiséiland, Irland, den Kuweit an den Libanon vun der Mondialisatioun, profitéiert,  ass déi enzeg Optioun den Ausbau an Stäerkung vun den Institutiounen mam Bierger am Mëttelpunkt.   
    An dësem sënn wënschen ech eis all schéin an besënnlech Feierdeeg!  

    3 min
  • Carte Blanche, Robert Goebbels, 19/12/2016

     
    Zenter Méint schloen sech d’Lëtzebuerger d’Käpp an iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen. Eleng dëse Streit weist, dass ons Sproch net a Gefor ass, an dass onst d’kulturellt Liewen nach ni esou räich war. D’Kultur lieft vum Disput, vu géigesäitege Meenungen.
     
    Et däerf diskutéiert ginn, op dem Lëtzebuergesche méi Raum an eiser Gesellschaft ageraumt misst ginn, oder op eis Villsproochegkeet onse gréisste Räichtum ass.
     
    Dobäi dierfe mir eis awer net selwer an eng nationalistesch Sakgaass manövréieren.
     
    Tatsaach ass, dass d’Lëtzebuerger op d’Aarbecht vun den auslännesche Matbierger ugewise bleiwen.
     
    Huele mir de Gesondheetssecteur. 80% vun alle Medeziner si keng gebuere Lëtzebuerger. Eigentlech normal fir en Land, dat et net fäerdeg bréngt, selwer seng Dokteren auszebilden.
     
    Et ass en echten Problem, wann eng eeler Persoun an engem Spidol Schwieregkeeten mat de Sproochen huet. Glécklecherweis gëtt et iewer all  Personal, dat noutfalls iwwersetze kann. Och wann d’Zuel vum Lëtzebuerger  Fleegepersonal ofhëlt, well ëmmer manner Lëtzebuerger an dëse schwéiere Beruff ginn.
     
    Dorun géif sech näischt änneren, wann eis Gesetzer a Reglementer op Lëtzebuergesch wären. Mir missten si weiderhin op Däitsch, Franséisch an ëmmer méi op Englesch iwwersetzen.
     
    Vun allen Fuerderungen iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen ass déi mannst gescheit, d’ Lëtzebuergesch zu enger europäesch Amtssprooch ze maachen.
     
    Sécher, Europa fonctionnéiert theoretesch mat 24 Sproochen.  Irland huet d’Gälesch, an Malta d’Maltesesch als theoretesch Amtssprooch. Woubäi béid Länner awer de 150.000 Säiten europäesch Regelwierker weder op gälesch, nach op maltesesch notzen. Si benotzen eleng Englesch, mat Franséisch an Däitsch eng vun den 3 Aarbechtssprochen vun der Union.
     
    Am Europaparlament, an de Ministerréit vun der Union, schwätzt kaum e Finnlänner Finnesch, kaum e Schwed Schwedesch, kaum e Kroat kroatesch. Si géifen zwar iwwersat ginn. Si wëllen awer, dass hinnen nogelauschtert get. Dofir schwätzen se eng vun den dräi Aarbechtssprochen, meeschtens Englesch.
     
    Dat ass d’Realitéit. Wär Lëtzebuergesch eng europäesch Amtssprooch, dierfte mir wéi Irland a Malta fir d’Iwwersetzunge vun den Texter bezuelen, kéinten awer näischt domadder ufänken. Fir eis Interessen ze vertrieden, missten mir mam Rescht vun Europa weiderhin op Englesch, Franséisch an Däitsch schwätzen.
     
    Wou wär eise Gewënn?

    3 min
  • Carte Blanche Alain Wagner, 16/12/2016
    An enger Welt, déi sech ëmmer méi séier verännert, ass et iergendwéi rassurant, datt et nach fix Ritualer gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gehéiert all dräi Joer d’Lamentéieren iwwer PISA genau esou zur Adventszäit wéi d’Inflatioun vu Schockelaskleesercher. An och wann déi allgemeng Hysterie, déi 2001 no der éischter Etude lassgebrach war, sech an Tëschenzäit geluecht huet, heescht et ëmmer nach op ville Plazen, eis Schoul wier an enger « Schiflag ».
        Dobäi weist e méi geneeë Bléck op PISA, datt d’Zuelen net onbedéngt esou schlecht sinn, wéi se gemaach ginn. Wann een de jeeweilegen Duerchschnëttswäert vun de Schüler mat an ouni Migratiounshannergrond kuckt, läit Lëtzebuerg an deenen zwou Kategorien iwwert der OCDE-Moyenne. Dat schlecht Gesamtresultat kënnt eréischt dann zustane, wa béid Gruppen an een Dëppe gehäit ginn. Well zu Lëtzebuerg aussergewéinlech vill Schüler e Migratiounshannergrond hunn a well dës Kanner sech am Allgemenge méi schwéier an der Schoul dinn – bei eis genau esou wéi an anere Länner –, ass et net verwonnerlech, datt mir an engem ondifferenzéierte Schlussklassement no hanne rëtschen.
    Schlëmm ass dat ganz sécher net. De PISA-Ranking ass net mat de selwechten Aen ze kucke wéi zum Beispill d’FIFA-Weltranglëscht am Fussball. E Klassement, bei deem deene ganz ënnerschiddlechen demographesche Kontexter keng Rechnung gedroe gëtt, ass am Fong e Muster ouni Wäert.
    Interessant ass allerdéngs d’Feststellung, datt sech zënter 2001 eist Gesamtresultat net verschlechtert huet, obwuel eis Schoulpopulatioun wesentlech méi heterogen ginn ass. Wann eis Schoul wierklech esou inefficace wier, wéi heiansdo behaapt gëtt, hätte mir missen drastesch ofsacken. Dat ass awer net de Fall. D’Integratioun schéngt also iergendwéi nach ze klappen.
    Iwwert de Sënn vun der Studie kann een natierlech streiden. Op där enger Säit muss een unerkennen, datt se eng Rei wichteg Kompetenzen ofdeckt, wéi zum Beispill Textverständnis, mathematesch Rigueur a logescht Denken. Op där anerer Säit gi grad déi Fähegkeeten net gepréift, déi d’Eegenaart vun eisem Schoulsystem ausmaachen, wéi zum Beispill déi aktiv Beherrschung vun e puer Sproochen. Och historesch Bildung bleift bei PISA op der Streck : op een zum Beispill mengt, den Napoleon wier e réimesche Keeser gewiescht, ass de sougenannte Bildungsexpertë vun der OCDE häerzlech egal.
    PISA sollt eis also keng schloflos Nuechte méi bereeden. Anerersäits kënne mir eis natierlech de Luxus net leeschten, d’Hänn an de Schouss ze leeën an ze mengen, alles wier perfekt. Déi wuessend Heterogeneitéit vun der Bevëlkerung ass a bleift fir de Bildungssystem eng riseg Erausfuerderung. Nei Weeër bei der Alphabetiséierung, e méi diversifiéierte Sproochenunterrecht, e besseren Equiliber tëschent abstrakten a prakteschen Inhalter – dat alles si Chantieren, déi vill Kreativitéit a Fangerspëtzegefill verlaangen. Mat Jéimeren iwwer PISA a populisteschem Schoulbashing komme mir do ganz sécher kee Schratt weider.       

    4 min
  • Carte Blanche, Laurent Schley, 14/12/2016


    De Mount Dezember ass eng Zäit, an där regelméisseg gewësse Leit drop hiweisen, dass jo d'Gebuert vum Jesuskëndchen d'Quell vun eiser Zivilisatioun géif duerstellen, an dass et genau aus deem Grond eng Zäit zur Besënnung misst sinn. Et gëtt sech och doriwwer beklot, dass an eiser Welt mat ëmmer méi reliounsfräie Mënschen, de Mënsch ëmmer méi an den Abseits géing geroden, an dofir misst grad op Chrëschtdag erëm méi un ee "Gott" respektiv un ee Këndche geduecht ginn, dat op eng net-biologesch Aart a Weis soll entstane sinn. 't ass scho skurril: de Mënsch geréit anscheinend duerch Wëssenschaft, Opklärung an Demokratie an den Abseits, a fir dat ze konteren, solle mer eis reliéisem Glawen un Nët-Bewisenes an Nët-Beweisbares widmen. Hallo?
    Déi Deeg ronderëm de 25. Dezember ass historesch gesi bei ville Vëlker d'Wantersonnewend gefeiert ginn, no där bekanntlech d'Nuechten nees méi kuerz ginn an d'Deeg méi laang. D'Kierch huet deen Dag einfach mat hierer Krëppchegeschicht besat, a mécht zanterhier, wéi wann se dee Feierdag erfonnt hätt.
    Des Weidere misst een dach mengen, dass wann ee wëllt verhënneren, dass de Mënsch an den Abseits geréit, een sech soll op de Mënsch konzentréieren, an net op imaginär „Götter“? Sech op de Mënsch konzentréieren, genau dat maachen d'Humanisten. Si setzen sech a fir Opklärung, Toleranz a mënschlech Wäerter, déi, wéi am Fall vun de Mënscherechter, de Rechter vun der Fra a vum Kand, oder de Rechter vun Homosexuellen, oft géint den erbatterte Widderstand vun de Reliounen duerchgesat hu misse ginn.
    Eppes soll dofir kloer gesot sinn: Keen huet de Monopol op eist Wanterfest, egal wat fir een Numm een deem gëtt! Jiddwer reliounsfräie Mënsch kann an däerf natierlech Chrëschtdag op seng Aart a Weis feieren, oder et ebe si loossen. Zu Lëtzebuerg feiert wuel d'Majoritéit vun dee Leit "X-Mas" ouni di geréngste reliéis Konnotatioun an och dee sougenannte "Chrëschtbeemchen" huet säin Ursprong net am Chrëschtentum. Vill reliounsfräi Leit weltwäit, vu verschiddenen Nationalitéiten, Kulturen, a.s.w., gesi jiddwerfalls dee famouse Chrëschtdag als eng Méiglechkeet, de Wanter ze feieren, dee mat senge kuerzen Deeg a laangen Nuechten, mat senger Keelt an eventuell enger schnéi-iwwerdeckter Natur eng ganz besonnesch Atmosphär schaaft. Ee flott Fest wou ee beim oppene Feier mat senger Famill zesummekënnt, déi ee mat Kaddoe begléckt, eng Feier, déi ee genéisst mat guddem Iessen an Drénken, mat flotter selwer erausgesichter Musek, a mat allem wat ee soss nach wëllt dobäi hunn!
    Am Mëttelpunkt bei all deem steet dann ebe grad dee real existéierende Mënsch.

    Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

    Member International Humanist and Ethical Union (IHEU)
    Member European Humanist Federation (EHF)
    Member Alliance for a Secular Europe
    Member Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)


    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 14/12/2016
    Wat ass de Virdeel e bail enregistreiren ze loossen?
    Den Enregistrement fun engem bail get dem bail eng „date certaine“ an mecht de bail opposable vis-à-vis vun Drëtten. Dat evitéiert z.B. dat een Proprietär e puer Kontrakter fir déi selwecht Fläch ënnerschreiwt, wéi z.B. bei Iwwerbuchung fir Flich z.B. Dén éischten Locataire deen den Kontrakt enregistréiren geht ass deejéinegen, dee vun Drëtten als Locataire betruecht get.
    Wéi vill kascht den enregistrement vun engem bail ?
    0,6% vum Loyer sin ze bezuelen fir d'Dauer vum Kontrakt y compris de Loyer fir die Joeren vun enger Verlängerung vum Kontrakt. Also fir e Kontrakt vun 3-Joer, reconductibel fir eng Period vun 3 Joer, bezuelt een droit d’enregistrement wéi wann een e Konrakt fir eng Dauer vu 6 Joer ënnerschriwwen hät. Fir een Duerschnëttsloyer fir en Appartement fir 6 Joer sin ongeféier 800 EUR am Verglach mat honnerte vun dausende vun Euro an heiansdo méi wéi eng Millioun fir kommerziell oder Büro Gebaier vun enger bestëmmter Gréisst. Wann nëischt anescht ausgemaach as, ass d'Zomm vum locataire ze bezuelen.
    Ass et üblech dat e bail enregistréiert get ?
    Et ass eng Obligatioun, awer an der Praxis gin ëmmer manner Kontrakter beim Enregistrement presentéiert.
    Wat ännert sech mat der Steierreform 2017?
    Déi geplangt Ännerung ass den Enregistrement vun engem Bail fakultatif ze maachen. Well manner Kontrakter enregistriéiert goufen, war et eng raisonabel Propositioun. Ausserdem get et eng Diskriminatioun tëschent Locatairen die e bail hun mat TVA an deenen, déi e bail ouni TVA hun. Fir e Kontrakt mat TVA bezuelt een 12 EUR Steieren an fir e Kontrakt ouni TVA bezielt een die 0.6% an dat gin relativ substantiell Zommen fir Gebaier vun enger besteëmmter Gréisst. Den am meeschte betraffene Secteur ass de Finanzsecteur mat Locatairen déi net nëmmen Steier vun 0.6% bezuelen mä och oft "verstoppt" TVA an hire Loyeren hun. Si bezuelen dann zweemol Steier.
    Mat der Steiererform kënnen Kontrakter weiderhinn enregistréiert gin. Allerdings muss en dann och d’Steier bezuelen.

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners