RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Jean-Louis Schlesser, 21/11/2016


    Dem Minister Asselborn ass virun enger Rei Deeg op emol de Kolli wéinst Facebook-Message geplatzt. An dobäi ass den Här Asselborn keen deen eng dënn Haut hätt. Erënnere mer eis un de legendären Telés-Duell mam Affekot Vogel am Zesummenhang mat dem Referendum iwwert d’europäesch Verfassung 2005, wou hien der vum explosiven Affekot op d’Bake krut, wat gëss de, wat hues de. Den Toun vum Affekot, seng demonstrativ Veruechtung fir säi ministerielle Vis-à-vis hu vill Leit schockéiert.
    Matt dem Opkomme vun deem wat „sozial Netzwierker“ genannt gëtt – Facebook a Co. haaptsächlech - ass, zéng Joer méi spéit, en Toun an d‘ëffentlech Diskussioun erakoum wou, am Verglach, den Asselborn-Vogel Duell wéi eng ämabel Pooterstënnche wierkt.
    Den zimlech déckheitege Jang Asselborn huet also dem Wutbierger vu  Waasserbëlleg ëffentlech ze verstoe ginn, datt et esouguer op Facebook Limiten an de Frechheeten di een sech muss gefale loosse gëtt, oder misst ginn.
    Vir vill Leit huet de Cyberspace als eng Zort realiséiert Utopie vun onkontrolléierter an onzenséierter Meenungsäusserung gegolt.
    Leider koum alles aanescht.
    Och den Naïvste misst mierken datt eis Internet-Fräiheet total fake ass an datt mir, d’Useren, haaptsächlech do si fir e puer Firmen a Privathand d’Matière Première fir hire Business ze liwweren.
    Doniewend sin Deeler vum Internet eng gewalteg Super Cloaca. Eng formidabel Quell vun Informatioun an Entertainment, jo natierlech, mee och eng formidabel Méiglechkeet alles Aremséileges, Dommes, Falsches, Béisaarteges ze kanaliséieren, un de Mann an un d’Fra ze bréngen, ze gruppéieren a Liken, a Säiten, a Gruppen - mat der Intentioun der Abscheilechkeet Resonanz ze ginn... , fir Kabes ze verzapen, mee och fir ze beléien, ze bedréien an ze manipuléieren.  
    Ons Verwonbarkeet virun den negativen Aspekter vum Cyberspace, a besonneschen virun de sougenannten sozialen Netzwierker, léisst de Verdacht opkommen, datt mir - mir Mënschen -  aus enger Rei Grënn, net equipéiert si fir mat de schlechte Säite vum Netz ëmzegoen.
    De Bëlleger Wutbierger deen sech mam Jang Asselborn hat, huet sech jo bekanntlech eng Woch méi spéit bei him entschëllegt. Hie wär kee schlechte Mënsch huet hien eng Iddi krëscherech geschriwwen. Seng Excüsen huet hien net um Netz gemaach, mee hien huet se schéi fläisseg handschrëftlech an engem Bréif geliwwert. Sou einfach ass et also vir erëm en normale Mënsch ze ginn.

    3 min
  • Carte Blanche Robert Garcia, 18/11/2016
    A menger Jugend gouf et e wichtege Fousswee tëschent der Uni an de Studentebistroën. An engem Souterrain hat demols schons en Virraussiichtegen gesprayt: „Wer zu Fuss geht, ist verdächtig“.

    Haut, 40 Joer méi spéit, ass dee Sproch méi wouer wéi je. Wann ech haut vun doheem op d’Guar duerch Wunnquartieren trëppelen, sinn ech zwar gréisstendeels alleng um Trottoir. Dofir muss ech awer tëschent 3 an 7 mol vun deem Trottoir an d’Strooss auswäichen, well op allen Ecken an Ennen vum Foussgängercouloir en rücksichtslosen Eefalt geparkt huet.

    De Fraen a Männer mat Kannerkutschen an Poussetten geet et net besser, déi kënnen e Lidd vun zougeparkten Trottoiren sangen, genau wéi eeler oder behënnert Leit.

    D’Behënnerung vun de Foussgänger an de Reflex, beim klengsten Déplacement huerteg an den Auto ze sprangen, hunn an de leschten Jorzéngt dozou geféiert, datt an den Stied an an den Dierfer ëmmer manner Leit zu Fouss ënnerwee sinn.

    Dofir brauchen déi Stied an Dierfer, déi nach keng fir Foussgänger reservéiert Zonen hunn, och net méi drun ze denken, esouer z’installéieren.

    Shared Space heescht déi nei Zauberformel, wou Autogecken an Foussgeeken sech harmonesch zesummen toleréieren an keen dem aneren géint de Pneu trëppelt, resp. iwwert d’Féiss fiert.

    Elo ass näischt géint punktuell shared spaces an der Pufferzone tëscht Zentrum an Quartierën ze soen. Triumphalistesch Presse-Artikelen iwwer Shared Space däerfen awer net iwwert e fundamentalt Ongläichgewiicht ewechtäuschen: Wann duerch eng Shared Space Strooss an enger Stonn 300 Autoen fueren an 10 Foussgänger trëppelen, dann ass et evident, datt déi 300 Autofuerer d’Gefill hunn, Rücksicht op d’Foussgänger ze huelen: si kënnen der jo net vill iwwerrennen.

    An déi di do trëppelen, parken oft selwer net wäit ewech, fir nëmmen net missen 200 Meter ze goen fir an e Geschäft, an de Sport oder de Fitness.
     
    Ech selwer sinn schonns zwee mol an engem Shared space bal iwwerrannt ginn, dorënner eng Kéier vun engem Taxi-Choffer mam Handy am Grapp. Mee vläit sinn ech den eenzegen mat Verfolgungswahn. Et begéint een jo, wéi gesot, keng Foussgänger méi, ausser an den verdächtegen Foussgangsterzonen, déi een elo gläich net méi brauch, faute de combattants.

    Mir schwätzen gären vun qualitativem Wuesstem. Wéi wär et dann, wann am Jor 2050 déi 700.000 oder 1,2 Milliounen Lëtzebuerger an den Uertschaften haaptsächlech zu Fouss oder um Vëlo weiderkéimen?  Amplaz mat 700.000 oder 1,2 Milliounen Gefierer d’Land ongenéissbar ze maachen? Vun der gläicher Zuel Zweet-Autoën, déi gläichzäiteg an de Stroossen, an de Viirgärtercher an natierlech op den Trottoiren stinn, net ze schwätzen?

    Qualitatiivt Wuesstem ass eng flott politesch Strategi, mee sie fänkt och beim Eenzelnen un. A Foussgänger, grad wéi Autoen, loossen sech bis op weideres nach net digitaliséieren, och net vum Jeremy Rifkin.

    3 min
  • Carte Blanche Lambert Schlechter, 16/11/2016

    Et ass November.
    A wéi all Joer em des Zäit, an der Mëtt vum Mount, feiere mer zu Lëtzebuerg d’Fest vum Buch : op de Walfer Bicherdeeg, an hirer 22. Oplo, dëse Week-end, Samschdeg a Sonndeg, all Kéier vu muerges 10 bis owes 6. Den Entrée ass fräi.
     
    An haut den Owend em 7 Auer ginn an enger feierlecher Zeremonie, ënnert dem grousse Chapiteau, d’Laureaten vum dësjähregen Lëtzebuerger Buchpräis bekannt gemaach, je an de Kategorien Literatur, Bild- a Konschtbuch, Sachbuch, a Kanner / Jugendbuch. An der Loft hänkt, als Iwwerraschung, dësen oder deen Spezialpräis vum Jury.
     
    *
     
    Fest vum Buch also.
    Fest vum liesen.
    An dat an enger Welt wou net méi gelies gëtt. Esou gëtt gesot. An et stëmmt. Ma wor dat net ëmmer esou ?
     
    Déi Leit, déi liesen, sinn – a woren ëmmer - eng Minoritéit. Eng verschwindend Minoritéit. Ech schätzen : manner wéi 5% vun der Bevëlkerung. An der Schoul, dat erënnert een sech, stoung d’Liesen um Programm, fir vill ass dat laang hir — a seithir hunn sie kee Buch méi opgemaacht, ausser vläicht a Reklammekatalog oder héchstens e Kachbuch.  Mache mer ons näischt fir.
     
    Net liesen, net méi liesen, ni liesen, näischt liesen… ? Firwat eigentlech net ? Et geet och ouni. Et muss net sinn. An d’Zäit vergeet sou schnell. An et gëtt sou vill ze dinn. Et gëtt dauernd Saachen ze dinn, vu muerges bis owes. Nëtzlech Saachen. An dann ass den Dag eriwwer. An da muss geschlof ginn. Well dono kënnt jo schonn den nächsten Dag. An sou weider, bis zum Schluss.
     
    *
     
    Ech freeë mech elo schonn op den nächste Weekend zu Walfer. Do begéinen ech Leit déi d’Bicher gär hunn, vill vun hinne bréngen och hir Kanner mat, et gëtt vill schéi Kannerbicher op onsem Bichermaart. An da kommen ech an d’Gespréich mat dësem oder deem, a mir schwätzen iwwert Bicher, an iwwert d’liesen. A mir tauschen Erfahrungen an Titelen aus : hues de dat scho gelies… ? Muss de liesen.
     
    Liesmomenter. Glécksmomenter. Mat näischt anescht ze vergläichen. Du sëtz do, eleng, kee Geräisch, du lies eng Säit, oder zwou, oder zéng, du bass an enger Welt vu Gefiller a Gedanken, an du deels deng Gefiller a Gedanke mat engem Mënsch deen s du nëmmen duerch seng gedréckte Wieder kenns. An du spiers eng Zort Rou, eng Zort Gléck — mat näischt anescht ze vergläichen.
     
    *
    Ech hunn e gudde Frënd a China. Hien huet an der zweeter Halschent vum XII. Joerhonnert gelieft. Gëscht Owend hunn ech, fir d’zwanzegst oder drëssegt Kéier eent vu senge Gedichter erëmgelies…
     
     
    wéi ech nach jonk wor
    hunn ech Batterkeet ni empfonnt
    mee si gär op héich Tierm geklomm
                    op héich Tierm
    an hu Batterkeet gemëscht
    a jidder Lidd dat ech gesongen hunn
     
    haut, wou ech Batterkeet
    all Dag spieren
    dauernd op der Spëtzt vu mengen Zong
                    op der Spëtzt vu menger Zong…
    haut soen ech nach just:
    kuck, wat hu mer haut e schéine frëschen Hierschtdag

    (Sin K’i T’si, 1140-1207)

    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 16/11/2016
    Haut mam JV vu Pwc mam ganz aktuellen Thema “Drëtt industriell Revolutioun”. Wat kënnt dann elo do op eis duer?
    Zesumme mam amerikaneschen Soziolog an Economist Jeremy Rifkin, probéiert Lëtzebuerg nei Weeër ze fannen fir den historesch staarke Wuesstum vun eiser Economie och an Zukunft ze sécheren.
    D’Essenz vum Rifkin senger “Drëtter Industrieller Revolution” ass d’Digitaliseierung vun der Welt an der Wirtschaft an de Glawen datt eis Ressourcen net onendlech sinn. Duerch d’Konvergenz vun den neien Technologien, enger emissiounsaarmer Mobilitéit an den erneierbaren Energien presentéiere sech eng Rei Opportunitéiten fier eng mei nohalteg Gesellschaft ze schafen.
    Wéi deen neie Modell fir Lëtzebuerg kéint ausgesinn, domadder huet de Rifkin sech déi lescht 10 Méint an enger Etude befaasst..
    ..daat zesumme mat enger grousser Zuel vun Akteuren (+300) aus ville Sekteure vun der Lëtzebuerger Wirtschaft, dem Staat an der Zivilgesellschaft. Dës Aarbechtsgruppen waren op fier jiddereen, fier de “lokalen touch” vun Ufank un an d’Etude ze intégréieren, an der Lëtzebuerger Realitéit gerecht ze ginn.
    E Méindeg sin d’Resultater vun der Etude presentéiert gin. Wat sinn déi wichteg(st) Conclusiounen?
    Dei 3. Industriell Revolution ass am gaang. A Lëtzebuerg huet elo eng Stratégie (systemic plan) wéi ee vun dëser Entwécklung profitéire kann. D’Etude ass awer just den Ufank. Et soll weider consulteiert an (och) éischt Mesuren ëmgesat gin.
    Eng ganz Rei där Mesuren goufe virgestallt. Zum Beispill d’Aféieren vun engem “intelligenten” Energieréseau an deem mei effizient gedeelt gëtt, a wou de Bierger fir manner Konsommatioun e Retour kritt. Anert Beispill ass d’Léise vum Verkéiers Problem mat Hëllef vun enger multimodaler Mobiliteit. Grad esou wéi eng méi nohalteg an transparent Liewensmëttelproduktion.
    Dofir mussen eng Rei Changementer op verschiddenen Niveauen geschéien. Net zu Lescht och vun eise Gewunnechten.
    Een Zil huet D’Rfkin Etude op jidde Fall schonn erreecht: An zwar dass eng grouss Zuel vun Acteuren sech zesumme gesat hunn fir gemeinsam konkret Solutiounen auszeschaffen.
    Dës Initiativen mussen elo och dem Bierger mei no bruecht an erklärt gin, fier de Changement souzesoen vun ënnen erop ze erreechen, well just esou wärten dei gudd Idéen vun deser étude och wierklech réalisabel sin.

    2 min
  • Carte Blanche Robert Weber, 14/11/2016

     Mol net e « MERCI » !
    Just virun der grousser Vakanz hat d’ABB-L, d’Associatioun vun de Banken an de Banquieren op eng traditionell Feier gelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de President vun der ABB-L, a Präsenz vum Finanzminister Pierre Gramegna, an senger Ried 5 Punkten ugeschwat, déi de Banquieren zu Lëtzebuerg besonnesch um Häerz leien. Doropshin ass de Finanzminister Pierre Gramegna anscheinend regelrecht ausgeflippt an huet den Banquieren virgeworf, si hätten him an och der Regierung kënne wéinstens « MERCI » soen , fir all dat wat an deenen leschten 2 Joer fir si gemat gi wär.
    Esou wéit dësen Zwëschefall, den sécherlech virun allem di auslännesch Banquieren mat vill Erstaunen awer och Entrüstung zur Kenntnis geholl hunn.
    Éischtens ass et verwonnerlech, dass e Minister e « MERCI » erwaart an och verlaangt, fir dat wat en geschafft huet an och als eigentlech Aufgab ze maachen huet.
    « Minister » heescht dach net vir näischt aus dem laténgeschen eraus « dengen ». Seng Aarbecht ass also, sengem Vollek dengen !
    An zweetens ass mir net bekannt, dass d’ Patroen schonns eng Kéier « MERCI » gesot hätten. Si fuerderen, si halen de Beidel op, awer si sinn net dankbar.
    Ech hunn a menger Carrière als Gewerkschaftspresident vill Tripartite-Sitzungen mat erlieft. Ech hunn ni e « MERCI » héieren. Ech weess awer, dass d’Fuerderungen an d’Fantasie op der Patronatssäit keng Grenzen kannt hunn a kennen. Hei setzen knallhaart Kapitalisten, déi onermieslech um Staatssäckel suckelen an och dat schaffent Vollek am léifsten plakesch ausdoe géifen.
    De Pierre Gramegna sutz an sengem virrechent Liewen och mat um Dësch op der Patronatssäit. De Pierre Gramegna huet ni ëffentlech den Ministeren vun CSV,LSAP an DP « MERCI » gesot. Hien misst dach beschtens wëssen wéi verfroossen d’Kapitalisten sinn. Also, wou kennt dann elo des sensibel Oder hir ? Oder hunn all di aner Finanzministeren näischt fir eis Finanzplaz a Wirtschaft gemat ?
    De Kapitalismus steet dach fir eng Wirtschafts- a Gesellschaftsuerdnung, di duerch Privatbesëtz vun de Produktiounsmettelen, privatem Entrepreneurship, dem Prinzip vun der Profitmaximéierung, d’Steierung vun der Wirtschaft iwwert de Maart, de Wettbewerb, d’Rationalitéit an dem Individualismus gekennzeechent ass.
    Dem géint iwwer stinn d’Gewerkschaften, déi versichen eng sozial Korrektur an des Maartwirtschaft eranzebréngen. A leeschten d’Politik, déi fir Gerechtegkeet, Wuelstand fir jiddereen an eng gerecht Verdeelung ze suergen huet.
    Gottseidank haten mer an deenen leschten 100 Joer staark Gewerkschaften.
    All Arbeitnehmer misst wëssen, dass mir och an der Zukunft staark Gewerkschaften brauchen.
    De Soziale Fortschrëtt ass nach ni vum Himmel gefall !
    Ech soen iech awer MERCI fir d’Nolauschteren.
       

    3 min
  • Carte Blanche Benoît Reiter, 11/11/2016
    D’Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg, oder besser gesot, den ënnerierdeschen Niveau dovun, ass mer an de leschte Wochen déck op d’Nerve gaang. Ech hunn ëmmer méi den Androck, dass mer eis mat Kabes an Niewesächlechkeete befaassen, aplaz mat interessanten a wichtege Sujeten. E puer Beispiller.

    Natierlech denken ech als éischt un déi onsäglech Sproochendiskussioun, déi ëmmer erëm opflaamt, zu lescht elo mat enger surrealistescher Iddi fir d’lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch fest ze leeën. Dass dat onsënneg an onméiglech ass, hu scho méi qualifizéiert Leit wéi ech kloer gesot. Mais ech froe mech, firwat mer zu Lëtzebuerg eis Zäit mat esou Iddien an Diskussioune verplemperen ? Firwat vergeude mer eis Energie mat Diskussiounen iwwer de Gebrauch vun enger Sproch, aplaz all déi Sproochen, déi mer méi oder manner gutt praktizéieren, ze gebrauchen, fir dat, woufir Sproochen nun eben emol do sinn : matenee schwätzen, aneren nolauschteren, liesen a selwer schreiwen. Géife mer eis Zäit net besser a sënnvoll notzen, wa mer géifen z.b. Bicher liesen, op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch etc. aplaz permanent doriwwer ze streiden, wéi eng Sproch elo fir wéi en Usage déi bescht ass ?

    Zweet Beispill, déi Raibergeschicht ronderëm den Direkter vum Mudam. Ech wäert mech hidden eng Ausso zum Oflaf vun engem Interview ze maachen, ech war net dobäi. Mais et ass mer eigentlech och egal, well et nëmmen déi eppes ugeet, déi betraff sinn. Ginn et net och do, an der Kultur, aner Sujeten, déi 100 mol méi wichteg an interessant sinn, wéi esou en « fait divers » ? Wat kann een dës Woch op der « Luxembourg art week » gesinn ? D’Ausstellunge vum Wim Delvoye am Mudam oder vum Albrecht Bouts um Fëschmaart, d’Mise en Valeur vum Site vum Mansfeldschlass a Clausen etc., dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu Sujeten, déi derwäert sinn, dass een sech domat beschäftegt an dovu schwätzt.

    Drëtt Beispill, erëm iwwer Persounen, wat mer zu Lëtzebuerg jo immens gär maachen, also de klengen a grousse Beschass. En Ex-Minister soll un d’Spëtzt vun enger Bank genannt ginn, dat géif dann e Wiessel an der Regierung méiglech maachen. D’Saach geet schif an et sief dohi gestallt firwat. Dat gëtt natierlech Ulass zu enger Onmass vu Kommentaren an Interpretatiounen. Elo mol sérieux, who cares ? Ass dat wichteg ? Nee, (et) ass et net. Wier et net néideg, sech och hei net ze verzettelen an Diskussiounen iwwer Persounen, mais sech ze informéieren a sech Gedanken ze maachen, iwwer wichteg Problemer, z.b. déi ekonomesch Zäitbomm, déi d’Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank duerstellt ? Ass dat net méi wichteg an interessant, wéi ze spekuléieren, firwat dass Persoune wollten awer net konnten hiren Job wiesselen ?

    Meng Carte blanche war scho fäerdeg, mat engem anere Schluss, wéi ech dann d’Hiobsbotschaft vun der Victoire vum Donald Trump an Amerika héieren hunn. De Lien tëscht eiser Diskussiounskultur an dem Populismus à la sauce Trump ass fir mech evident : wann een déi ëffentlech Diskussioun op de Niveau vun den Humpejangen erof fale léisst a sech vun den Troterbattien d’Sujeten imposéiere léisst, da kënnt eppes wéi den Trump eraus. Dat blitt elo Frankräich. Wéi ass et hei am Land ?

    4 min
  • Carte Blanche Ben Fayot, 09/11/2016
    Den Här Bettel ass bekanntlech Kulturminister gin nodem déi virrecht Ministesch an d’Wüst geschéckt gouf.
    De Kulturminister wëllt eng Nationalgalerie fir lëtzeburger Konscht arichten.
    Hei spillt secher den Zeitgeescht  mat:  ons Identitéit, ons Sproch sollen a Gefor sin. Multikulti ass nët méi gefrot.
    Mais an der Stad Lëtzeburg gët ët schons vill Musées’en, och där mat  lëtzeburger Konscht. Fir wat eng Nationalgalerie gebraucht gët, liicht nët direkt an.
    Wat fir Konscht soll an déi Nationalgalerie kommen? Wien décidéiert dat? Wat geschitt, wann en echt Lëtzeburger Kënschtler gär dra wär an awer nët geholl gët, mais en aneren, manner echten oder zougezunnenen? Geht en dann bei de Nol, fir den Direkter ënner Drock ze setzen?
    Mais eigentlech ass ët nët d’Suerg ëm d’Konscht, déi de Kulturminister dreiwt.
    Op d’Idi  vun der Nationalgalerie ass den Hr Bettel eréischt komm, well mëtten an der Stad e grousst Gebei,nämlech den ale Kolléisch, frei gët. Et ass e wichtegt Stéck vum historeschen Stadkär , wat een nët einfach ofrappen kann.
    Et kann een och do nët nach e weideren „Royal-Hamilius“ mat Bureauen a Luxusboutiquen bauen.
    Dofir soll dat historescht Gebei erhalen bleiwen. An et soll eppes dohinner kommen, wat Prestige ausstrahlt an d’Touristen interesséiert, nämlech eng Nationalgalerie.
    Méi wéi eng vague Idi vun esou enger Nationalgalerie interesséiert mech awer eppes aneschtes.  
    Nämlech d’Idi vum Hr Bettel, an dem ale Kolléisch och Wunnengen anzerichten, an zwar e pur kleng Buden fir Leit, déi nëmme kurz Zeit zu Lëtzeburg sin.  
    Halt, hun ech mer gesot, do ass e Fonken vun engem richtege Gefill beim Hr Bettel bliwen. Onse fréiere Stader Buergermeeschter weess, dass den Haptproblem an der Stad nët eng Nationalgalerie ass, mais d’Wunnen.
    Familjen mat engem normalen Akommes kënne sech haut nët leeschten, an der Stad a besonnesch am Stadkär eng anstänneg Wunneng ze kafen oder ze lounen.
    Elo misst den Här Bettel e Schrëtt weidergon an ufenken nozedenken.
    Nämlech doriwer, ob een nët am ale Kolléisch Wunnengen schaafen soll. Domat géif en éischte Schrëtt fir d‘Beliewen vum Stadkär gemaacht. Dat wär e wichtegt Signal.
    An den nächste Joren gin och aner historesch Gebeier um Stadgebitt eidel, wann Verwaltungen a modern Bureausgebeier op de Kirchbierg oder op d’Cloche d’or zéien.
    Dobei kënnt, dass an der Stad vill Wunnsubstanz vu privaten an öffentleche Bureauxen besat gët. Vleicht kann déi Bausubstanz emol eng Kéier dofir gebraucht gin, fir wat se genehmegt gouw, nämlech fir ze wunnen.
    Dofir brauche mer de politesche Wëllen, dem Wunnen an der Stad absolut Prioritéit ze gin.
    Da kann de Stadkär erëm opliewen, da wären d’Strosse vum Stadzentrum owes no 6 Auer nët méi eidel an doudeg.
    Domat géif den Hr Bettel sech e wonnerbart Denkmal setzen, fir mech méi e bleiwend wéi eng Nationalgalerie!

    3 min
  • Carte Blanche, Fernand Fehlen, 07/11/2016

     Fir eng proaktiv Sproochepolitik



    Wat géif geschéien, wann een ons Sprooch zur éischter an eenzeger Amtssprooch erhiewe géif? Erlaabt mer mat engem Zitat dorop ze äntweren.

    „Da bräichte mer all déi Schoulen net méi, wou ons onschëlleg Kanner sech Joer aus Joer an musse ploen a geheien a struewelen, fir déi zwou aner onnéideg Sproochen ze léieren. [...] Da wär den Ortograf net méi ze beuechten, well da géing e schreiwe grad wéi ee schwätzt, [...] ouni sech weider ze genéieren; an da wéist och jiddereen dee verfluchten Ortograf, deen etlech Leit sou plot, ze mol am Franséischen.“

    Dëst Zitat staamt aus dem Joer 1841 a sollt eng ironesch Äntwert sinn, op dem Jean-François Gangler seng Ausso, datt d'Lëtzebuerger Sprooch genausou wéi hir flämesch an hollännesch Schwësteren, „einer Ausbildung fähig ist und zur Schriftsprache erhoben werden kann“.

    Iwwer esou eng Meenung konnten 1841 d’Leit, esouwäit se iwwerhaapt um politeschen Debat deelgeholl hunn, nëmmen de Kapp rëselen. An d’Sproochwëssenschaft vun deemools huet esouguer virausgesot, datt d’Hollännesch an d’Flämesch geschwënn vum Däitsche géifen opgefriess ginn. Ons Virfahre waren sech eens, datt se eng däitsch Mundart géife schwätzen, an si hunn an der däitsch-franséischer Zweesproochegkeet de Garant vun hirer Eegestaatlechkeet gesinn.

    An trotzdem ass d’Lëtzebuerger Sprooch entstanen. Ouni datt de Staat vill dofir gemat hätt, och net do, wou d’Sproochepolitik eng gewëss Emprise huet, nämlech an der Schoul. Vill vun de gebilte Lëtzebuerger hunn sech souguer géint dësen Ausbau vum Dialekt gewiert. An ech muss agestoen, datt och ech 1984, wéi d’Sproochegesetz votéiert ginn ass, déi ganz Prozedur zimlech farfelu fonnt hunn.

    Haut weess ech et besser. Lëtzebuergesch ass eng kleng Sprooch, an si ass esou staark a kengeswees vum Ausstierwe bedreet, well se vun ënnen, esou ze soen bottom-up entstanen ass an sech och esou ëmmer nach weider entwéckelt. Sproochepolitik ass ëmmer dann efficace, wann se vun engem breede Konsens an der Sproochgemeinschaft gedroe gëtt. Et gëtt endlech Zäit, datt de Grand-Duché sech eng Sproochepolitik gëtt, déi den net geplangten Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch definitiv aktéiert an weiderdreift. Och wann et eng kleng Sprooch ass, huet se eng Plaz niewent deenen anere 24 EU-Sprooche verdéngt. Firwat dat net op Käschten vun eiser Méisproochegkeet goe muss, wär de Sujet vun enger anerer Carte Blanche.




    3 min
  • Carte Blanche Mohammed Hamdi, 04/11/2016

    Um Campus Belval studéieren AN TËSCHENZÄIT méi wéi 3'000 Studenten, an di Zuel wärt d'nächst Joer nach weider an d'Luucht goen, wann déi nächst Fakultéiten nokommen. DËST bréngt natierlech och mat sech, dass ELO eng GANZ aner Atmosphär um Belval herrscht, ewéi NACH firun engem HALWE JOER. Deemools hate souwuel Studenten ewéi och Chercheuren sech iwwert de Manktem un Dynamik a Fräiraum opgereegt. Säit der Rentrée am September ass d'Uni manner steril a méi lieweg ginn. E bëssen zumindest. An dach bleift d'Impressioun, wéi wann d'Bildung an d'Entfaltung vum Studenteliewe just zweetrangeg WIEREN, an den eigentleche But deen vun der kommerzieller Exploitatioun wier.

    Verschidde Studente schwätzen ewell vun engem "Kapitaliste-Campus" well SI D'IMPRESSIOUN HUN, DASS SI GEZIELT DOZOU UGEREECHT GIN, Suen auszeginn. D'Kapazitéit vun der Kantin ass z.B. vill ze kléng fir d'Studentenunzuel. Dat wier EXPRESS ESOU geplangt giNN, fir dass d'Studente gezwonge wieren, HIR MËTTEGPAUS an de méi deiere Restaurant'en um Belval-Plaza ze MAN. Mee och wie sech zu engem rouege Moment An d' Cantine sëtzt fir seng hausgemaache Schmier z'IESSEN, riskéiert vun der Kantinesdirektioun GEBUEDEN ze ginn, entweder eppes vun der Plaatz ze konsuméieren oder de Raum ze verloossen.

    DORIWWER ERAUS KENNT ET ËMMER NEES FIR, DASS d'Raimlechkeete VUN DER UNI, DI JO - ESOU GINN EE MOL MENGEN - VIRRANGEG FIR UNIS-KUEREN GENOTZT SOLLTE GIN, prioritär u PRIVAT Compagnie verlount ginn. SOU ASS Schonns ÖFTERS firkomm, dass Klasse net woussten, A WAT FIR ENGEM Raum HIRE KUER STATTFANNE GéING, well de Sall dee fir si virgesi war, OP EEMOL eng ER EXTERNER FIRMA ZUR VERFÜGUNG GESTALLT gi WAR. D'Studenten an d'Léierpersonal Schéngen HEI KENG PRIORITéIT ZE HUNN.

    Eréischt VIRU kuerzem GOUF DER Uni.lu des weideren An engem Artikel, deen op goosch.lu publizéiert gouf, virgeworf, mat enger kontroverser israelescher Rüstungsfirma zesummenzeschaffen, där hier Produkter agesat géinge ginn fir di illegal Besetzung vu palästinensesche Gebidder duerch den israelesche Staat oprechtzeerhaalen. OCH HEI SPRéNGT FIR D'UNI.LU WUEL OCH JUST EPPES ERAUS: PROFIT.

    Natierlech ass net alles un der Uni.lu schlecht, a villen Entwécklungen dierf ee mat Freed entgéiNT kucken. Dass eng Uni och e wirtschaftliche Moteur well sinn, ass NET PER SE problematesch - PROBLEMATESCH gëtt et Awer DANN, wann d'Prioritéit VUN der Uni déi ass, Business ze maachen, AN D'BILDUNG AN D'FUERSCHUNG DOBÄI AN DEN HANNERGROND GERODEN.

    2 min
  • Carte Blanche vum Paul Hammelmann, 02/11/2016
    De Film « J’ai survécu à ma mort », deen schon 1960 gedréiht gouff, an elo kurz an restauréierter Versioun als DVD erauskoum, erzielt op eng bescheiden, onheemlech an realistesch Manéier d’Lagerliewen am KZ Mauthausen, op Basis vun den deemols nach zahlreichen Témoignagen vun Iwerliewenden.

    De Film beschreiwt d’Inhaftéierung vun engem Spuniekämpfer deen am Januar 41 zu Mauthausen ukoum ; De Lagerkommandant Franz Ziereis - jo deenselwechten Ziereis vun deem säin Fils herno sôt :
    « Mäi Papp huet mär fir mäin 15 Gebuertsdâg 40 Häftlingen zur Verfügung gestallt fir mech schéissen ze léieren. Ech hun geschoss bis alle 40 doud um Buedem lungen. Soss kann ech näischt iwert mäi Papp soen”-, desem Ziereis ass de Spunier weinst senger physesch nach gudder Konditioun am Steebroch opgefall an hien huet him de Choix gin entweder fir d’SS-Wachmanschaft  ze boxen oder “an de Gaz ze goen “.
    Lagerterminologie!

    De “Paulino”- esou säin Spetznumm- huet geboxt, all Sonnden, huet am Lager eng gewess Notoriéteit erreecht an ass an d’Kichen affektéiert gin, eng vun deenen gesichten Arbechten fir ze iwerliewen.
    De Film weist also d’Liewen, d’Iwerliewen am KZ vun enger apparent menschlecher Säit déi eigentlech di enorm Perversioun vun der Naziideologie dokumentéiert.
    An engem Konzentratiounslager, wat als Vernichtungslager fonctionnéiert, sin et Momenter gin déi fir d’Herrenrass en abartegen Amusement an fir d’Häftlingen eng kurz mental Evasioun duergestallt hun,
    Musik spillt heibäi eng grouss Roll,
    sief et datt Amateurmusikanten oder awer och ganz bekannten jüdesch Artisten hu missen virspillen …beim Auspeitschen vun Häftlingen oder öffentlechen Exekutiounen,
    sief et datt e jüdesche Häftling am Steebroch, uewen vum “Wiener Graben”-70 Meter heich-, huet missen dem Schubert säin “Ave Maria” sangen, mat harder Stemm, ir hien vun engem Kapo an den Doud gestirzt gouf. Den “Ave Maria””klengt no, emmer an emmer n

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners