Amnesty International Lëtzebuerg: Beim Sujet Mënschrechter wiren déi politesch Parteien zu Lëtzebuerg ze vill vague
Frankräich: Gewerkschaften hu fir haut zu engem Generalstreik opgeruff fir géint de Emmanuel Macron ze protestéieren a seng Politik déi, sou d'Gewerkschaften, de soziale Modell zerstéiere géif
IWF: Handelskrich tëscht USA a China bremst weltwäite Wirtschaftswuesstem, sou den Internationale Wärungsfong
EU Ëmweltconseil: Ëmweltminister befaassen sech mat CO2 Ausstéiss vun Autoen a Camionen
UBS: Prozess géint Schwäizer Bank huet zu Paräis ugefaangen, Bank krit virgehäit Leit gehollef ze hunn Sue virum Finanzamt ze 'verstoppen'
Brett Kavanaugh: Ëmstriddene Riichter fir Posten op der Supreme Court vereedegt, Donald Trump entschëllegt sech fir "Campagne vu Liggen" géint de Kavanaugh
Skripal Vergëftungs Affär: Britesch Journalisten identifizéiere russesche Militär-Dokter als zweete presuméierte Verdächtegen fir d'Vergëftung vum fréieren Agent Skripal a enger Duechter zu Salisbury an England
Buchpräis: Däitsche "Buchpreis" 2018 geet un d'Berliner Schrëftstellerin Inger-Maria Mahlke fir de Roman "Archipel"
Frankfurt: Ufank vun der Buchmesse